A Wisconsin gëtt Lëtzebuergesch geschwat

Photo-Wisconsin-1024x1024.jpg

Rees an Amerika, net an dat Amerika vun de Groussstied mee an dat vun der lëtzebuergescher an europäescher Immigratioun. An de Joeren 1848 bis 1849 si vill Familljen aus Lëtzebuerg ausgewandert an hu sech zu engem groussen Deel am amerikanesche Midwest néiergelooss. Am 19. Joerhonnert sinn ëm déi 60.000 Lëtzebuerger an d’USA ausgewandert. An am Midwest, nieft dem Lake Michigan, do liewen nach ëmmer Leit déi sech mat Lëtzebuerg identifizéieren. E Musée iwwert d’lëtzebuergesch Immigratioun steet och do, an zwar am Duerf mam Numm Belgium, en Duerf vun 2500 Awunner. Eise Korrespondent an den USA, Philip Crowther, ass an den US-Staat Wisconsin gereest fir dat klengt Lëtzebuerg ze besichen an huet sech op d’Sich gemaach no Leit déi fënnef Generatiounen dono nach ëmmer lëtzebuergesch schwätzen. Mat esou enger Persoun fänkt dësen Dossier un:

Net verpassen

  • BEAUTIFUL DECAY Festival

    Beautiful Decay Festival.jpg

    Vum 28.-29. Mee ass den BEAUTIFUL DECAY Festival am Gréiweschlass zu Käerch. De radio 100,7 ass e Samschdeg den 28.05. live sur place.

Programm

Dossieren

  • Dossier: Relatiounen tëscht Portugal a Lëtzebuerg

    Haut ass et den zweeten a leschten Dag vun der Staatsvisitt a Portugal. Eng grouss Lëtzebuerger Delegatioun ass den Ament zu Lissabon. An eisem Dossier fannt dir all eis Bäiträg an Artikelen iwwer d'Theema.

  • De Krich an der Ukrain

    De 24. Februar 2022 huet Russland d'Ukrain militäresch iwwerfall. Déi westlech Länner hu mat Sanktioune reagéiert, Millioune vu Leit sinn aus der Ukrain geflücht.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen