Konferenzen Titanic - Ënnergang virun 110 Joer

De 14. Abrëll 1912, um 23 Auer a 40 Minutten, ass d'RMS TITANIC, dat deemools gréisste Passagéierschëff, mat enge ronn 2.200 Mënschen u Bord, ob senger éischter Rees tëschent Southhampton an New York, mat engem Äisbierg kollidéiert (RMS steet fir Royal Mail Ship). 2 Stonnen a 40 Minutten duerno goung de Luxusliner am äiskalen Nordatlantik ënner. Eng 700 Leit konnte gerett ginn, ronn 1.500 Fraen, Kanner a Männer haten net iwwerlieft. De Carlo Link proposéiert an enger Radio-Dokumentatioun chronologesch d'Geschicht, d'Rees an déi lescht Stonnen op der Titanic, mat de Stëmme vun Iwwerliewenden, a Form vun Aussoe vun hinnen, déi vun 1915 bis 1999 gemaach an enregistréiert goufen.

Dëst ass eng aktualiséiert Versioun vun enger éischter Diffusioun op eiser Antenn vum 14. Abrëll 2002.

Audio-Extrait: Lauschtert, d'Lëscht vun der Titanic-Prominenz aus der éischter Klass

  • Geschichts-Quellen: Titanic [Geoff Tibballs] 1997
  • Toundokumenter: "Témoignages des Survivants" [Institut des Archives Sonores - International Radio/TV-Archiven - Éditions Frémaux & Associés] 2000
  • O-Téin: Titanic-Film [James Cameron] 1997

Carlo Link

RMS Titanic departing Southampton on April 10, 1912. copie.jpeg
RMS TITANIC beim Depart zu Southhampton den 10. Abrëll 1912 (Foto: Ëffentlechen Domaine)

An der Mediathéik:

Konferenzen / / Carlo Link
Lauschteren

Net verpassen

  • Offre d'emploi: Redakter/Redactrice Web

    radio 100,7

    Den Média de service public 100,7, deen de radio 100,7 bedreift, sicht en/eng neie/nei Redakter/Redactrice fir d'Onlineredaktioun mat engem Aarbechtskontrakt op onbestëmmten Dauer (CDI) fir 40 Stonnen d'Woch.

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Am November gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Hëtzt & Dréchent

    2022 ass bis elo vun héijen Temperaturen an extreemer Dréchent markéiert. Wéi eng Impakter huet dat op Mënsch an Ëmwelt?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen