La Bible - Traduction liturgique avec notes explicatives

Am Joer 2013 koum déi franséisch Bibel vun der Liturgie eraus, vun där de Père Henri Delhougne, Benediktiner Pater an der Abtei Klierf, de Koordinator war. Et war déi éischt komplett Iwwersetzung op Franséisch vu bibleschen Texter, déi fir liturgesch Notzung geduecht sinn, dat heescht en Text, deen an der Ëffentlechkeet verkënnegt ka ginn, an dee vun der Versammlung, déi den Text net viru sech huet, verstane ka ginn, dat ass d'Specificitéit vun dëser liturgescher Bibel.

Carlo Link

La Bible-Traduction_liturgique_avec_notes_explicatives.jpg

D'Notzung vun der Iwwersetzung, déi vu sougenannten Exgégètes (Erklärer) vun der Bibel ausgeféiert gouf, beschränkt sech sécher net op d'Liturgie eleng. Si ass grad esou fir d'Katechete geduecht, wéi fir perséinlecht Liesen a Meditatioun. Fir e richtegt Verständnis vun der Schrëft ze erméiglechen, hat de Père Delhougne eng Ekipp vun zwanzeg Spezialiste rassembléiert, vun deenen der vill schonn un der Iwwersetzung bäigedroen haten. Si goufen opgeruff, Explikatiounen ze schreiwen. Am Ganze sinn dat eng 25.600, déi Äntwerten op Froe vun de Lieser vun haut ubidden. Zousätzlech, um Ufank vun all biblesche Buch, fënnt de Lieser een Inhaltsverzeechnes, dat him hëllefe soll, e Passage am Kontext vum Buch ze situéieren. Bei Geleeënheet vum 1.600. Doudesdag vum Hellege Jérome, Iwwersetzer vun der Bibel op Latäin, gouf am September 2020 dës nei Editioun vun de Schrëften, mat explikativen Notizzen, publizéiert. Am Ganze koumen dobäi eng ronn 25.000 Notten zesummen.

De Carlo Link huet sech mam Père Henri Delhougne doriwwer ënnerhalen, wéi et zu dëser Publikatioun koum.

Musek-Interluden: Noël Basque vum Dom Paul Benoît OSB (1893-1979), Uergel: Carlo Hommel (1953-2006).

An der Mediathéik:

Konferenzen / / Carlo Link
Lauschteren

Net verpassen

  • Offre d'emploi: Redakter/Redactrice Web

    radio 100,7

    Den Média de service public 100,7, deen de radio 100,7 bedreift, sicht en/eng neie/nei Redakter/Redactrice fir d'Onlineredaktioun mat engem Aarbechtskontrakt op onbestëmmten Dauer (CDI) fir 40 Stonnen d'Woch.

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Am November gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Hëtzt & Dréchent

    2022 ass bis elo vun héijen Temperaturen an extreemer Dréchent markéiert. Wéi eng Impakter huet dat op Mënsch an Ëmwelt?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen