Konferenz zur Zukunft Europas

Konferenz gouf den 9. Mee 2021 um Europadag lancéiert. Si ass eng Invitatioun un all d'Bierger vun Europa, iwwer d'Grenzen eraus mateneen ze schwätzen, iwwer d'Erausfuerderungen an d'Prioritéite a fir ze hëllefen d'Zukunft zesummen ze gestalten.

KonferenzZurZukunftEuropas.JPG

D'Europaparlament, de Ministerrot an d'Europäesch Kommissioun verflichte sech den europäesche Bierger nozelauschteren an hir Recommandatiounen esou wäit wéi méiglech ëmzesetzen. Dëst gëtt den Europäer aus alle Schichten an alle Regioune vun der Unioun d'Méiglechkeet, Iddien iwwer d'Zukunft auszetauschen an zum Opbau vun Europa bäizedroen. Dëse Virschlag riicht sech besonnesch un déi jonk Generatioun, dëst ënner dem Moto: "Är Iddien a Wënsch sollen d'Zukunft gestalten".

Bei dëser Geleeënheet hat den Institut Pierre Werner (IPW) den 21. Juni op eng tri-national Online Diskussioun, tëschent dem Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn an dem däitsche Staatsminister fir Europa am Ausseministère, de Michael Roth, invitéiert. Dëst a Presenz vum franséischen Ambassadeur zu Lëtzebuerg, dem Bruno Perdu, deen de franséische Staatssekretär Clément Beaune vertrueden huet.

D'Politiker hu mat jonke Leit aus däitschen, franséischen a lëtzebuergesche Secondaire Klassen diskutéiert. D'Schüler ware invitéiert ginn, hir Froen zum Theema ze stellen. D'Diskussioun gouf moderéiert vum Pia Oppel, stellvertriedend Chefredaktesch vum ëffentleche radio 100,7.

Mastering a Montage: Carlo Link

Lauschtert d'Suite vun der Diskussioun

An der Mediathéik:

Konferenzen / / Carlo Link
Lauschteren

Net verpassen

Programm

  • Ligne 2

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

Dossieren

  • Dossier: Relatiounen tëscht Portugal a Lëtzebuerg

    Haut ass et den zweeten a leschten Dag vun der Staatsvisitt a Portugal. Eng grouss Lëtzebuerger Delegatioun ass den Ament zu Lissabon. An eisem Dossier fannt dir all eis Bäiträg an Artikelen iwwer d'Theema.

  • De Krich an der Ukrain

    De 24. Februar 2022 huet Russland d'Ukrain militäresch iwwerfall. Déi westlech Länner hu mat Sanktioune reagéiert, Millioune vu Leit sinn aus der Ukrain geflücht.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen