Konferenzen Konferenz iwwer d'Zukunft vun Europa

Konferenz gouf den 9. Mee 2021 um Europadag lancéiert. Si ass eng Invitatioun un all d'Bierger vun Europa, iwwer d'Grenzen eraus mateneen ze schwätzen, iwwer d'Erausfuerderungen an d'Prioritéite a fir ze hëllefen d'Zukunft zesummen ze gestalten.

Carlo Link

d'Zukunft vun Europa IPW.jpg
v.l.n.r.: Michael Roth (Däitsche Staatsminister fir Europa), Pia Oppel (Radio 100,7), Jean Asselborn (Lëtzebuerger Ausseminister). Am Hanngrond, Schüler aus däitschen, franséischen a lëtzebuergesche Secondaire's Klassen. (Foto: Kopie IPW-Video CL)

D'Europaparlament, de Ministerrot an d'Europäesch Kommissioun verflichte sech den europäesche Bierger nozelauschteren an hir Recommandatiounen esou wäit wéi méiglech ëmzesetzen. Dëst gëtt den Europäer aus alle Schichten an alle Regioune vun der Unioun d'Méiglechkeet, Iddien iwwer d'Zukunft auszetauschen an zum Opbau vun Europa bäizedroen. Dëse Virschlag riicht sech besonnesch un déi jonk Generatioun, dëst ënner dem Moto: "Är Iddien a Wënsch sollen d'Zukunft gestalten".

Bei dëser Geleeënheet hat den Institut Pierre Werner (IPW) den 21. Juni op eng tri-national Online Diskussioun, tëschent dem Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn an dem däitsche Staatsminister fir Europa am Ausseministère, de Michael Roth, invitéiert. Dëst a Presenz vum franséischen Ambassadeur zu Lëtzebuerg, dem Bruno Perdu, deen de franséische Staatssekretär Clément Beaune vertrueden huet.

D'Ministeren hu mat jonke Leit aus däitschen, franséischen a lëtzebuergesche Secondaire's Klassen diskutéiert. D'Schüler ware invitéiert ginn, hir Froen zum Theema ze stellen.

D'Diskussioun gouf moderéiert vum Pia Oppel, stellvertriedend Chefredaktesch vum ëffentleche radio 100,7.

Enregistrement vum 21. Juni: IPW / Abtei Neimënster

Mastering a Montage vum Resumé an der Online-Versioun: Carlo Link

An der Mediathéik:

Konferenzen / / Carlo Link
Lauschteren

Méi zum Thema

Simone Beck Meenung
Fräie Mikro

Gëschter huet de President Biden seng grouss Europarees ugetrueden. Datt hie fir säin éischten Auslandsdeplacement Europa gewielt huet, huet eng staark Symbolkraaft.

Net verpassen

Programm

  • Noriichten

  • On air

    Popfilter

  • Noriichten

  • Resonanzen

  • Den Nomëtteg

Dossieren

  • Alles iwwer de Podcast Schlechte Schüler

    An eisem Dossier fannt dir sämtlech Episode vun eisem Podcast Schlechte Schüler, Interviewe mat Schoulexperten an déi komplett Transkripter vun den eenzelnen Episoden.

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen