Jean-Pierre Pescatore (1793-1855)
Ee vun de bekanntste Lëtzebuerger bis haut, de Jean-Pierre Pescatore, hat a villerlee Hisiicht en aussergewéinlecht Liewen. Als Geschäftsmann, Banquier, Sammler a Mäzen ass hien zwar en typesche Vertrieder vun der héijer Bourgeoisie, wéinst sengem nonkonformistesche Privatliewe geréit hien awer a Konflikt mat de sozialen a moraleschen Norme vu senger Zäit.

Ob a wéi dem Jean-Pierre Pescatore säi Beruffs-, Privat- a Familljeliewen de Krittäre vun de gesellschaftlechen Elitten am 19. Joerhonnert entsprécht oder dogéint verstéisst, soll an dëser Konferenz thematiséiert ginn.
Eng Konferenz vun der Historikerin a Germanistin, Josiane Weber de 15. November am Cercle Cité, am Kader vun enger neier Offer ronderëm déi permanent Ausstellung an der Villa Vauban. Enregistrement a Montage: Carlo Link.
Fotoen, déi am Virtrag gewise goufen.
Lauschtert dat leschte Kapitel: Josiane Weber