Konferenzen Fake News a Verschwörungstheorien - Demokratie um Préifstand!

Net nëmmen an Zäite vu Covid-19 zirkuléieren ëmmer erëm bewosst Falschmeldungen oder Verschwörungstheorië virun allem a sozialen Netzwierker oder Chat-Programmen. Si wëlle Mënschen täuschen, bidden einfach Erklärungen an enger komplexer Welt a sinn zum Deel nëmme schwéier vun zouverlässegen Informatiounen ze ënnerscheeden.

Carole Link

2021-03-12_Theater_Fake_Facts_Copyright_Shutterstock_Webseite_07.jpg

Firwat lafe mir alleguer Gefor, op Fake News oder Verschwörungstheorien eranzefalen? Wéi eng Auswierkungen hu se op d'Meenungsbildung an op d'Fundament vun enger Demokratie? Wéi kann een erfollegräich géint se virgoen?

D'Debatt vum 22. Abrëll war am Kader vun der Serie Fake News am Trifolion zu Iechternach, a Kooperatioun mat der lëtzebuergescher Zäitschrëft forum.

Participanten:

  • Karin Weyer, Psychologin a Psychotherapeutin am Centre contre la radicalisation
  • Judith Reicherzer, verantwortlech fir Kommunikatioun a Medienausbildung am Lycée Aline Mayrisch
  • François Moyse, Affekot an der Stad Lëtzebuerg. Hien ass spezialiséiert op Mënscherechter, praktizéiert awer och Europäescht Recht an allgemeng Sträitfäll op alle Geriichter
  • Anne Schaaf, fräi Kulturjournalistin heiheem an am Ausland an zukünfteg Historikerin

Moderatioun: Romain Schroeder, Zentrum fir politesch Bildung

Enregistrement: Trifolion. Montage an Audio-Mastering: Carlo Link

V.l.n.r.: Anne Schaaf, François Moyse, Judith Reicherzer, Karin Weyer, Romain Schroeder © Trifolion

d'Suite vum Debat lauschteren, wéi och d'Froen an d'Äntwerten

An der Mediathéik:

Konferenzen / / Carlo Link
Lauschteren

Méi zum Thema

Thomas Koenig
Prisma

Komplex Problemer verlaangen no komplexe Léisungen. Oder kann een d'Verantwortung an d'Muecht net einfach "dem Chef" oftrieden? Gedanke vum Philosoph Thomas Koenig.

Jugendlecher an der Pandemie
Prisma

D'Wuelbefanne vun de Jugendlechen huet duerch d'Corona-Pandemie staark gelidden. Dat héiert een zumindest vun ëmmer méi Säiten an Experten. Déi Jonk selwer héiert ee momentan allerdéngs relativ wéineg.

Net verpassen

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen