Artistesch Fräiheet a Meenungsfräiheet - Ronndëschgespréich
Wéi funktionéiert Konscht als Medium? Véier Kënschtler diskutéieren zum Theema artistesch Fräiheet a Meenungsfräiheet. Si stellen d'Fro, wéi Messagen duerch Konscht iwwermëttelt ginn, a wéi de Public se ophëlt. Virfäll wéi déi géint d'Karikaturiste vu Charlie Hebdo oder Attentater op aktivistesch Kënschtler hunn eng Diskussioun iwwer déi artistesch Fräiheet an d'Roll vu Konscht a Kultur an der Gesellschaft lassgeléist. Wéi wichteg ass Konscht fir Versteesdemech an Toleranz, Bewosstsinn a Wäitsiicht vum Individuum a vun der Gesellschaft ze fërderen?

E Ronndëschgespréich vum 2. Dezember 2021 an der Nationalbibliothéik BNL. An der Diskussioun mat dobäi waren: Didier Scheuren, Kënschtler. Pascal Schumacher, Museker. Anne Simon, Theater. Filip Markiewicz, Performancekënschtler, Installatiounen a Film. Moderatioun: Dr. Nora Schleich. Enregistrement: BNL, Mastering a Montage: Carlo Link.