Kannerkëscht Kleng Journalisten, hausmaacher Reen a Matten
Wa ass am Fong d'Aarbecht vun engem Journalist? Dat wäert iech d'Nathalie vum Script erklären. D'Michèle vun FNR weist eis, wéi ee Reen doheem ka maachen, a beim Naturmusée, also besser beim Carmen a beim Philippe, sinn d'Matte lass.

D'Nathalie vum Script beschreift eis, wéi d'Aarbecht vun engem Journalist ausgesäit, a wat een do alles ka maachen.
Ob een en Artikel fir eng Zeitung, wéi zum Beispill "De Piwitsch" schreiwen, oder eng Reportage fir de Radio, oder eng Reportage maache wëll: et muss ee virun allem virwëtzeg sinn.
Wat hu mer am Summer dach op e gewaart, dee Reen, mee mir kruten a krute keen: d'Michèle vum FNR erkläert eis, wéi Reen entseet, an och wéi ee e bësse Reen doheem ka maachen.
A beim Naturmusée do si Matte lass, an do erënnert sech d'Carmen u säin éischten Artikel, deen hatt fir "De Panewippchen", d'Zeitung vum Naturmusée, geschriwwen huet.