Kannerkëscht Freideg, den 13., Pizzlyen an d'Porta Nigra zu Tréier

Dat neit Joer ass nach keng zwou Wochen al, a schonn hu mir Freideg den 13. - en Onglécksdag, oder awer net?

Kannerkëscht: 10-12 Joer

Lauschteren


Salut alleguerten! Et gi vill Leit, déi soen, datt Freideg den 13. en Onglécksdag ass. Dat hutt dir bestëmmt och schonn héieren. Mee stëmmt dat? Oder nach besser, vu wou kënnt deen Awerglawen hir? De Jean Claude huet sech fir iech informéiert.

Wann dir héiert "Äisbieren" oder "Grizzlyen", da wësst dir bestëmmt, wat dat ass. Mee hutt dir schonn eng Kéier eppes vu Pizzlyen héieren? D'Françoise aus dem Natur Musée erkläert, wat oder wien déi Pizzlye sinn.

An um Enn maache mir e klengen Tour op Tréier - dir kennt bestëmmt dës Stad hei vir an Däitschland. Wann dir schonn eemol zu Tréier waart, dann hutt dir dach sécher um Wupp vun der Akafsstrooss esou e schwaarze Bau gesinn; eng schwaarz Paart. Ma genee dat ass d'Porta Nigra: eng Paart, déi zanter der Zäit vum réimesche Räich zu Tréier steet.

Vill Spaass iech alleguerten!

Méi zum Thema

Kannerkëscht: 10-12 Joer
Kannerkëscht

Léif alleguerten, der gitt jo sécher ëmmer nees an de Bësch spadséieren, an do gesitt der jo ganz vill Beem, menge mer emol. Am Reebësch ginn et nach vill méi verschidden Zorten.

Kannerkëscht: 10-12 Joer
Kannerkëscht

Mat Mathematik op eng spilleresch ëmgoen, dat ass d'Zil vun der Plattform mathematic.lu. Da schwätzt de Philippe aus dem Naturmusée iwwer Dinosaurier. An d'Michèle vum FNR erkläert, firwat eng Schmier ëmmer op d'Bottersäit fällt.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Alles iwwer de Podcast Schlechte Schüler

    An eisem Dossier fannt dir sämtlech Episode vun eisem Podcast Schlechte Schüler, Interviewe mat Schoulexperten an déi komplett Transkripter vun den eenzelnen Episoden.

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen