Kannerkëscht E Réi, en Hirsch, Loft an e Roboter
Kennt dir den Ënnerscheed tëschent engem Réi an engem Hirsch, oder gëtt et do keen Ënnerscheed? Eng intressant Fro, där mir an der Kannerkëscht op de Fong ginn. Mir hunn awer och en Experiment wou mir moossen, wéi vill Loft mir an eise Longen hunn. An d'Nathalie vum Script invitéiert iech op d'Robotikwoch, wou dir bestëmmt an der Schoul schonn driwwer geschwat hutt.

Réi oder Hirsch?
Wann een esou e grousst, brongt Déier op engem Feld oder am Bësch gesäit, da seet ee ganz dacks, dat ass e Réi. Mee ass et da wierklech e Réi, oder ass et vläicht awer en Hirsch? Gëtt et do iwwerhaapt en Ënnerscheed tëschent engem Réi an engem Hirsch?
Dat sinn alles Froen, déi ech dem Françoise am Naturmusée gestallt hunn, an d'Françoise weess natierlech eng Äntwert dorobber.
Experiment
Déi Kéier ass dann och d'Michèle vum Fond Nationale de Recherche op Besuch, an hatt huet iech en Experiment matbruecht.
An zwar wëlle mir moossen, wéi vill Loft de Mënsch a senge Longen huet, a wéi een dat moosse kann, an op et do och Ënnerscheeder ginn.
Robotikwoch
An wann dir elo méi wëllt iwwer Robotere wëssen, wat ee Roboter alles ka maachen, a wat een domat ufänke kann - doriwwer schwätzt d'Nathalie vum Script haut, an dat am Kader vun der Robotikwoch, iwwer déi dir bestëmmt schonn an der Schoul geschwat hutt.