Kannerkëscht Den Zwergplanéit Pluto, de kierperlechen Effort an Schoul dobaussen

Zanter iwwer 15 Joer ass de Pluto scho kee Planéit méi, mee just nach en Zwergplanéit. Wéi dat koum gitt dir an der Kannerkëscht gewuer. Da weist d'Michèle iech wat geschitt, wann eise Kierper sech ustrengt. Mam Nathalie vum Script gi mer dann an d'Schoul, awer net dobannen an de Klassesall, mee dobaussen, wou der och wibbele kënnt.

Kannerkëscht 7-9 Joer

Lauschteren

"Mein Vater erklärt mir jeden Samstag unsere neun Planeten". Mat Hëllef vun dëser Ieselsbréck hunn der vill nach déi richteg Reiefolleg vun de Planéiten an eisem Sonnesystem geléiert.

Merkur Venus Äerd Mars Jupiter Saturn Uranus Neptun Pluto. Jo - deemools gouf dee klengen nach derbäi gezielt.

An dunn op ee Mol huet en net méi dierfe matspillen. "Mein Vater erklärt mir jeden Samstag unseren Nachthimmel ", léieren d'Kanner elo. Firwat ass de Pluto dann elo kee Planéit méi, mee nach just e Zwergplanéit?

Wa mer lafen oder den Hampelmann maachen, oder soss eng ustrengend Beweegung, da verännere sech Saachen an eisem Kierper, an d'Michèle vum Fond National de Recherche,erkläert, wat do mat an an eisem Kierper geschitt.

Am mam Nathalie léiert dir e Projet kennen, dee "Mer si raus" heescht. Lauschtert gutt no, an dann zielt der dat ärer Léierin oder ärem Schoulmeeschter, well et geet drëms Schoul net am Klassesall, mee dobaussen ze halen. Dat kléngt dach gutt, oder?

Méi zum Thema

Kannerkëscht 7-9 Joer
Kannerkëscht

Wat ass den Ënnerscheed tëschent engem Réi an engem Hirsch? Där Fro gi mir op de Fong. Mir hunn och en Experiment wou mir moossen, wéi vill Loft an eise Longen ass. An d'Nathalie vum Script invitéiert op d'Robotikwoch.

Kannerkëscht: 10-12 Joer
Kannerkëscht

Wat wëll ee spéider emol a sengem Liewe maachen? Vläicht ass Journalist ginn eng Méiglechkeet, an dofir gëtt et och e Concours. D'Françoise aus dem Naturmusée weess esou munches iwwer de Maulef, e ganz wichtegt Déier an der Natur. An de Mister Science huet e Glas, dat net iwwerleeft wann een eppes dra schëtt.

Kannerkëscht 7-9 Joer
Kannerkëscht

All Objet op der Welt huet e Schwéierpunkt: mat engem Experiment weise mir iech, wéi een dee fënnt. An der Kannerkëscht schwätze mer iwwer Aliens an der Natur, a mir zielen d'Geschicht vum Pluto.

Kannerkëscht: 10-12 Joer
Kannerkëscht

Dem Kalenner no huet den Hierscht elo ugefaangen. An der Kannerkëscht schwätze mir iwwer d'Blieder am Hierscht, iwwer en Apel an e Messer, an iwwer dem Wilhelm Busch seng Geschicht "Max und Moritz".

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen