Kannerkëscht Den Europadag, d'Pissblumm an d'Oktav

De 9. Mee ass ee vun de sëllege Feierdeeg, déi mir zu Lëtzebuerg am Mee 2023 hunn. Dir Jonker freet Iech bestëmmt am meeschten, well deen Dag keng Schoul ass. Mee firwat huet d'Lëtzebuerg dann als eenzegt Land den Europadag als offizielle Feierdag?

Kannerkëscht 7-9 Joer

Lauschteren


Genau dat huet d'Nathalie vum Script probéiert fir iech erauszefannen. D'Françoise aus dem Naturmusée erzielt Iech dës Kéier méi iwwer d'Pissblumm, déi mir den Ament bal iwwerall an de Wisen en masse gesinn.

An um Enn nach e puer Informatiounen iwwer dat wichtegst Evenement vun der Kierch zu Lëtzebuerg, nämlech d'Oktav, déi bis de 14. Mee dauert.

An domat vill Freed mat der 100,7-Kannerkëscht.

Méi zum Thema

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen