Kannerkëscht De Schwéierpunkt, Aliens an der Natur an de Mupp Pluto

All Objet op der Welt huet e Schwéierpunkt, a wéi een dee Schwéierpunkt fënnt weise mir um Beispill vun engem Experiment mat engem Biischtestill. Da ginn et an der Natur Aliens, dat sinn Planzen oder Déieren, déi net dohi gehéieren, wou se sinn. An um Enn erziele mer iech dem Pluto seng Geschicht.

Kannerkëscht 7-9 Joer

Lauschteren


All Objet op dëser Welt huet e Schwéierpunkt, och d'Mënschen. Mee wat ass dee Schwéierpunkt a wéi fënnt een dee Schwéierpunkt?

Dofir hu mir de Mister Science an der Kannerkëscht. An de Joseph erkläert iech haut, wat de Schwéierpunkt iwwerhaapt ass.

Mat engem Experiment, wou e Biischtestill d'Haaptroll spillt, weist de Joseph iech, wéi een den Schwéierpunkt fënnt. Dat Experiment kënnt dir iech och op Science.lu ukucken.

Aliens (och zu Lëtzebuerg)

D'Monique Kirsch aus dem Naturmusée schwätz iech iwwer Aliens an der Natur, och zu Lëtzebuerg.

Dat sinn Planzen oder Déieren, déi een an der Natur fënnt, déi awer net op déi Plaz passen, wou se sinn, also net do doheem sinn.

D'Geschicht vum Pluto

Wann der elo de Numm Pluto héiert: Richteg, da kënnt der un de Zwergplanéiet Pluto denken, dat ass absolut richteg.

Et kann een awer och un de Walt Disney denken, deen ënner senge Figuren en Mupp hat, deen och Pluto heescht. Ee ganz sympatheschen Mupp mat senger laanger Zong a senge Schlappoueren.

Méi zum Thema

Kannerkëscht: 10-12 Joer
Kannerkëscht

Dem Kalenner no huet den Hierscht elo ugefaangen. An der Kannerkëscht schwätze mir iwwer d'Blieder am Hierscht, iwwer en Apel an e Messer, an iwwer dem Wilhelm Busch seng Geschicht "Max und Moritz".

Kannerkëscht 7-9 Joer
Kannerkëscht

Et kommen a Groussbritannien elo Changementer mam neie Kinnek. An der Kannerkëscht schwätze mer iwwer Eilen, iwwer eng Käerz, déi am Waasser brennt, an iwwer Mënschen, déi Problemer beim Liesen a Schreiwen hunn.

Kannerkëscht: 3-6 Joer
Kannerkëscht

Geckeg Geschichte vum Kaweechelchen, der Seechomes, dem Elefant, dem Kriibs, dem Bier an der Mouk. Erzielt vum Dan Tanson.

Kannerkëscht 7-9 Joer
Kannerkëscht

Virun iwwer 225 Joer stoungen déi éischt Mënschen um Mont Blanc, an der Kannerkëscht soe mir iech, wéi dat deemools goung. Mir stellen iech de Pygmy vir an hunn en Experiment mat engem Whiteboard-Marker.

Net verpassen

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Am November gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Hëtzt & Dréchent

    2022 ass bis elo vun héijen Temperaturen an extreemer Dréchent markéiert. Wéi eng Impakter huet dat op Mënsch an Ëmwelt?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen