Kannerkëscht De Jos an Halloween

An dëser Kannerkëscht proposéieren mer iech der Anja Di Bartolomeo hir Geschicht: "De Jos an Halloween".

Kannerkëscht: 10-12 Joer

Fir d'éischt erkläre mer iech, wou dat Fest Halloween hierkënnt. Ee Fest, wat och an eise Géigenden ëmmer méi um Owend virun Allerhellege gefeiert gëtt.

Wann d'Kanner dann a Geeschterkostümer, oder soss grujeleg verkleet, vun Haus zu Haus lafen a Séissegkeete wëllen.

Dono dann ass et um Jos, an d'Anja erzielt iech wéi de Jos Halloween feiert, well hien dat Fest immens gären huet. Et kënnt awer dacks anescht, wéi ee mengt.

Den éischten Deel lauschteren

Halloween ass normalerweis fir de Jos eng vun de schéinsten Zäite vum Joer, ausser dëst Joer, well de Jos, deen normalerweis Halloween mat sengen zwee Kolleegen Pit a Pol feiert, déi Kéier eleng ass.

De Pit an de Pol si beim Pol senger Tatta an Amerika, an déi sot de Pol kéint ee Kolleeg matbréngen a säi Choix ass op de Pit gefall, an net op de Jos.

De Jos ass ausser sech en traureg rosen enttäuscht, fillt sech verroden. An e léisst de Pit an de Pol och ouni eppes ze soen einfach stoen, a leeft heem, mee do gëtt et och net besser.

Den zweeten an den drëtten Deel lauschteren

Doheem huet de Jos sech du geduecht, datt e bei de Bopa geet a mat deem Halloween feiert, mee dat war och keng gutt Iddi. Et ass alt gutt, datt och d'Nona nach do ass an de Jos konnt dunn der Nona hir phänomenal Spaghettie genéissen, wat en Héichpunkt vum Dag war.

Mee dat ännert awer näischt drun, datt hie fir Halloween eleng ass.

De véierten an de fënneften Deel lauschteren

Méi zum Thema

Kannerkëscht: 3-6 Joer
Kannerkëscht

Geckeg Geschichte vum Kaweechelchen, der Seechomes, dem Elefant, dem Kriibs, dem Bier an der Mouk. Erzielt vum Dan Tanson.

Kannerkëscht: 10-12 Joer
Kannerkëscht

De Jos wëllt mat de Grousselteren bei engem Pastaconcours matmaachen. Den Haaptpräis sinn Tickete fir ee Fussballmatch. Beim Concours leeft awer net alles riicht. Eng Geschicht vun der Anja Di Bartolomeo

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen