Musek Vun der Long op d'Zong

Op Lëtzebuergesch kann een net iwwer Léift sangen, ouni datt et kitscheg kléngt. Englesch ass d'Sprooch vun der Pop-Musek. Sinn dat Fakten oder Viruerteeler? Mir hunn am Summer den Test gemaach.

Dossier vun der Long op d'Zong mam Serge Tonnar

Et ginn net vill Sänger, déi op Lëtzebuergesch sangen. Am Kader vun der Summerprogrammatioun 'Congés Annulés' vun de Rotonden hat de radio 100,7 véier Artistinnen an Artisten invitéiert, déi an hirer Mammesprooch gesong oder gerappt hunn. D'Resultat war erstaunlech villsäiteg.

Een evidente Choix war de Serge Tonnar. Hie séngt zanter 13 Joer op Lëtzebuergesch. Och de Corbi kennt ee just als Rapper an der Mammesprooch. D'Claudine Muno ass bekannt als Sängerin vu Monophona. Beim Concert an der Buvette vun de Rotonden huet d'Sängerin allerdéngs mat der Gittar lëtzebuergesch Protest-Lidder interpretéiert. A fir d'Kënschtlerin a Musekerin Catherine Lorent war et eng Première, fir just op Lëtzebuergesch ze sangen.

Mir hunn déi véier Concerte fir Iech als Dossier regruppéiert.

Corbi.jpg
Vun der Long op d'Zong

De Lëtzebuergesche Rap-Pionéier live an de Rotonden. Virum Optrëtt erkläert hien, wéi hien dozou koum, an der Mammesprooch ze rappen. A wat Zacki-Zacki-Produktioune sinn.

Catherine Lorent
Vun der Long op d'Zong

An der Catherine Lorent hirem groussen Uewe gi ganz verschidde Musek-Stiler wéi Black Metal an Jazz matenee vermëscht. Hiren Optrëtt op Lëtzebuergesch war eng Première fir d'Kënschtlerin. 

Serge Tonnar an Eric Falcero
Vun der Long op d'Zong

Och an der Mammesprooch kann ee Mëssverstane ginn. Virun allem vu Leit, déi mengen, si wäre besonnesch gutt Lëtzebuerger. De Serge Tonnar wënscht sech méi Konkurrenz, virun allem bei Liebeslidder.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Panorama

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

Net verpassen

  • Riicht eraus: Wéi eng Press(ehëllef) fir Lëtzebuerg?

    Riicht eraus

    Am Joer 2020 eng Zeitung erauszebréngen ass net einfach. Déi geschriwwe Press ass wéinst dem Internet an neie Gewunnechte vun de Lieser a Lieserinne mat enger Baisse vun de Verkafszuele a vum Ëmsaz konfrontéiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen