1868-2018 Verfassungsreform
D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Nom consultative Referendum vum 7. Juni 2015 ass nach een decisionelle Referendum iwwer de ganzen Text geplangt. De radio 100,7 huet an de leschte Joren intensiv iwwer dës grouss Reform bericht.
Klimaschutz als Staatszil?
De Kampf géint de Klimawandel respektiv d'Klimaneutralitéit kéinten an déi geplangte reviséiert Verfassung ageschriwwe ginn. déi gréng, d'LSAP an d'CSV hätten eng entspriechend Propos gemaach.
Neie gesetzleche Kader fir d'Dotatioun vum Haff
Fir déi finanziell Dotatioun fir den Haff an d'Organisatioun vun der Verwaltung ze klären, misst d'Verfassung geännert ginn, seet den Alex Bodry. Ob d'CSV op dee Wee matgeet, ass onkloer.
"Wann d'Kolleege vun der CSV hir Meenung net änneren, gëtt et schwiereg"
Déi nei Verfassung an d'Justizreform solle gläichzäiteg, virun 2023, a Kraaft trieden, hofft de Justizminister. Hie wéilt optimistesch bleiwen, och no der neier CSV-Positioun a Saache Grondgesetz, sou de Félix Braz.
Frank Engel: "Alles op den Dësch bréngen"
D'CSV wier "après réflexion" der Meenung, datt e verflichtende Referendum iwwer déi nei Verfassung net déi beschten Optioun wier, seet de Frank Engel. Dat wier keen Ultimatum an d'CSV géif hir Positioun och net méi iwwerdenken.
Verfassungsreform: D'Regierungsparteie leenen d'CSV-Fuerderung of
D'CSV huet ugekënnegt, datt si déi nei Verfassung just matstëmmt, wann et e Referendum iwwer verschidde Punkte vun der Reform gëtt. D'Regierungsparteie wëlle sech net erpresse loossen.
"Ech weess net, ob et nach zu enger neier Verfassung kënnt"
De President vun der Chamberkommissioun fir d'Verfassungsrevisioun, den Alex Bodry, kritiséiert a bedauert, datt et een totale Broch mat der Aarbechtsweis am Konsens aus de leschte méi wéi 15 Joer géif ginn.
D'CSV dreet d'Verfassungsreform net matzestëmmen
Déi rezent Diskussiounen iwwer eng eventuell Reform vum Wahlsystem géife weisen, datt d'Verfassungs-Debatt nach net ofgeschloss ass. Dat sot den CSV-President Frank Engel den Dënschdeg virun der Press.
déi gréng a Pirate plädéieren och fir en eenzege Wahlbezierk
Nieft der LSAP, schwätzen och déi gréng an d'Pirate sech fir een eenzege Wahlbezierk aus. Dat confirméieren déi zwou Parteien eis op Nofro hin. D'DP wëllt iwwerdeems nach keng Positioun bezéien.
LSAP ass fir en eenheelteche Wahlbezierk
Hannergrond fir d'Fuerderung vun engem Wahlbezierk ass e Bréif vum Premierminister en vue vun enger Reform vum Wahlgesetz. D'Parteie sollten dem Xavier Bettel bis gëschter hir Positioun zu dësem an aneren Theme matdeelen.
"Logesch, datt de Referendum sollt gemaach ginn"
D'CSV wëllt d'Prozedur fir eng nei Verfassung begleeden an ënnerstëtzen, egal ob d'Partei no de Chamberwahlen an der Majoritéit oder an der Oppositioun ass. Dat seet de Spëtzekandidat Claude Wiseler.
De Spëtzekandidat
De Claude Wiseler ass fir e Referendum iwwert d'Verfassungsreform- awer eréischt no de Wahlen. Et misst ee sech Zäit huelen, fir den Text ze finaliséieren an d'Bierger opzeklären.
Um Wee bei den zweete Referendum
Uganks 2018 soll iwwer d'Verfassung ofgestëmmt ginn. D'Chamber wëll sech dës Kéier besser opstellen, wéi 2015. Wéi staark kann de Verfassungstext nach änneren? Wéi eng Roll spillt d'Bierger-Participatioun?
Chamberpresident wëll keen Datum nennen
Et sollt ee sech déi Zäit huelen, déi ee brauch, sou de Mars Di Bartolomeo. D’Biergerforumen, déi de Referendum solle preparéieren, sinn awer nach net opgestallt.
Riicht Eraus
"Sécherheet ass illusoresch ouni eng rational Gesellschaftspolitik"
Den demokratesche Rechtsstat erreecht seng Grenzen, warnt de Professer Stefan Braum. De Strofrechtler hält guer näischt vun de verschäerfte Sécherheetsmesure vun der Regierung.
Meenung
"D'Debatt iwwer déi ganz Verfassungsreform muss elo ulafen!"
Ee Mount nom Referendum fënnt de Michel Pauly, dass et Zäit gëtt, an aller Ëffentlechkeet iwwert di ganz Verfassungsreform ze diskutéieren, fir dass d'Resultat och dem Vollék säi Wëllen erëmspigelt.
Prinzipiellen Accord
D'CSV ass bereet, enger Ännerung vum Artikel 32 zouzestëmmen. Dat fir e Blockage beim Legiferéieren ze verhënneren. Et géing een awer fir d’éischt déi genee d’Propose vun der Regierung ofwaarden.
Zweete Referendum iwwer nei Verfassung Ufank 2018 ?
Ëmmer méi Deputéiert sinn der Meenung datt Hierscht 2017 net optimal ass. Haapt Argument ass, datt de Gemengewahlkampf an d'Campagne fir de Verfassungsreferendum da géife matenee vermëscht ginn.
Hëtzegen Débat
Um Dag nom Referendum diskutéieren de Claude Wiseler (CSV), den Alex Bodry (LSAP), de Gast Gybérien (ADR) an de Serge Urbany (déi Lénk) iwwert Uersaachen an Konsequezen vum Walresultat.
Kommentar
"D'Regierung krut d'Rechnung"
Egal wéi een et dréit a kéiert : d’Regierungsparteie kruten am konsultative Verfassungsreferendum vun dësem 7. Juni d’Rechnung. Dat mengt de Jean-Claude Franck an engem Kommentar
Ee Vote géint d'Regierung?
De Politikwëssenschaftler vun der Uni Lëtzebuerg Raphaël Kies an de Laurent Schmit vun der Zäitschrëft Forum hunn am 100,7-Interview d'Referendumscampagne analyséiert.
"D'Froe goufen hannert zouenen Dieren zesummegebastelt..."
De Lars Schmitz an de Luca Andreolli vum Kënschtlerkollektiv Richtung22 weise sech enttäuscht vum Verlaf vun der Referendumscampagne.
Riicht Eraus
Réckbléck op d'Campagne
Riicht Eraus Spezial mat engem Réckbléck op déi markanteste Momenter vun der Campagne.
Riicht Eraus
Referendumscampagne ouni Verfassungsdebatt?
Invitéë beim Pia Oppel waren d’Juristin Véronique Bruck, de Chefredakter vum Lëtzebuerger Land Romain Hilgert, de Politikwëssenschaftler Michel Dormal an den Historiker Michel Pauly.
Debatt iwwer d'Begrenzung vu Regierungsmandater
Invitéen am "Riicht Eraus Spezial" iwwer déi drëtt Referendumsfro waren de Claude Adam (déi gréng), de Serge Urbany (déi Lénk), de fréieren CSV-Minister Marc Fischbach an de Marc Goergen (Piratepartei).
Auslännerwahlrecht: "Et geet ëm de Prinzip, net ëm d'Zuelen"
Kommentar: "Net ze fréi fir eng Debatt iwwer ganz Verfassunsgreform"
Bodry (LSAP): nei Verfassung réischt 2017
D'Aarbechten iwwert eng nei Verfassung sinn an der zoustänneger Chamberkommissioun ofgeschloss
Referendum: politesch oder juristesch bindend?
Optakt vu Referendums-Campagne zu Réiser
"D'Referendumsresultat respektéieren, egal wéi et ausgeet"
Auslännerwahlrecht: CSV dergéint, CSJ derfir
Keng Biergerforumen am Virfeld vum Verfassungsreferendum