Dateschutz
De 25. Mee trëtt an der EU en neit Dateschutzreglement a Kraaft. Wat bedeit dat fir d'Bierger an d'Betriber? A wat ännert wierklech? Detailer an eisem Themeschwéierpunkt. Nieft aktuelle Bäiträg, Artikelen a Reportagen fannt Dir och Artikelen aus eisem Archiv.

Ronn 500 Milliounen EU-Bierger si vum neie Reglement betraff. Dat neit Reglement ass och de Grond, firwat vill Leit, déi lescht Woche vu villen Entreprisen opgefuerdert gi sinn, fir neie Notzungsconditiounen zou ze stëmmen.
Wat ass dat neit Reglement a wie betrëfft et?
Anescht wéi déi viregt Dateschutzreegelung ass den RGPD keng europäesch Direktiv, mee een europäescht Reglement. Ee Reglement trëtt - am Géigesaz zu enger Direktiv - gläichzäiteg an all EU-Staat a Kraaft, ouni vun nationale Parlamenter a nationaalt Recht mussen ëmgewandelt ze ginn.
D'Reglement betrëfft jiddereen, dee persounebezunn Donnéeë weiderverschafft. Ausser Entreprisen, sinn also och Veräiner, Blogger, oder Fotografe betraff.
Recht op Läsche vu privaten Donnéeën
Entreprisen, déi Donnéeën traitéieren, mussen hir Notzer an Zukunft - op Nofro - doriwwer informéieren, wéi eng Donnéeë si iwwer de Notzer gespäichert hunn. Ënner bestëmmte Konditioune muss d'Entreprise de Client iwwerdeems fir säin Accord froen, fir d'Donnéeën dierfe weiderzeverschaffen. EU-Bierger hunn an Zukunft doriwwer eraus d'Méiglechkeet, fir Donnéeën läschen ze loossen. Konkret kann dat zum Beispill heeschen, datt Notzer Google opfuerdere kënne, fir Fotoen aus sengem Index ze sträichen.
Recht op Portabilitéit
Doriwwer eraus ass am neie Reglement d'Recht op d'Portabilitéit vun den Donnéeë virgesinn. Wann ee Client zum Beispill säi Whatsapp-Account läsche loosse wëll, kann hie bei Whatsapp seng komplett Kommunikatiounen a Kontakter ufroen, a se bei en anere Messenger transferéieren. Grouss Entreprisë wéi Facebook oder Google bidden aktuell schonn d'Méiglechkeet, fir dem Notzer seng perséinlech Donnéeë weiderzeverschaffen. Wéi genee awer den Transfert an Zukunft soll ausgesinn, ass de Moment nach net ganz kloer. Sécher ass awer, datt Entreprisen dës Méiglechkeet an Zukunft schafe mussen.
Méiglech Strofen
Am Fall vun enger Datepann huet eng Entreprise an Zukunft 72 Stonnen Zäit, fir déi concernéiert Dateschutzautoritéiten an déi betraffe Clienten ze kontaktéieren.
Mierkt ee Notzer, datt d'Entreprise enger vun hiren Obligatiounen net nokënnt, kann hien dat bäi senger nationaler Dateschutzautoritéit mellen.
Bei Verstéiss géint déi genannte Reegele gräifen an Zukunft och méi héich Strofen. Am schlëmmste Fall misst eng Entreprise deemno bis maximal 20 Milliounen Euro oder véier Prozent vun hirem jährlechen Ëmsaz als Strof bezuelen.
Dateschutz als Grondrecht
D'Entreprisë sollen dozou beweegt ginn, fir schonn an der Planungsphas vun engem Service, enger Software oder engem Apparat un den Dateschutz ze denken.
Praktesch Ëmsetzung
Vergläicht een d'Zuel vun de concernéierten Entreprise mat de Moyene vun Dateschutzautoritéiten, stellt sech d'Fro, ob d'Autoritéiten an Zukunft dacks vu sech aus aktiv ginn. Auszeschléissen ass dat Experten no awer net.
D'Reglement ass relativ allgemeng formuléiert. Expertë rechne mat Präzisiounen iwwert déi nächst Joren a mat Geriichtsaffären. Dat neit Dateschutzreglement gëllt iwwerdeems eigentlech schonn zanter Mee 2016. Et gouf awer eng Iwwergangsperiod vu ronn zwee Joer.
Erklärungen iwwer d'Dateschutzreglement
Dateschutzexpert Peter Schaar
Déi meescht Leit ginn op déi nei Dateschutzregelen opmierksam, well se masseweis E-Maile vu verschiddenen Déngschter kréien. Hei gëtt een opgefuerdert, zouzestëmmen, datt engem seng perséinlech Donnéeën weiderhin dierfe genotzt ginn. Dacks wier dat guer net néideg, well d'Leit schon zougestëmmt haten, seet den däitschen Dateschutzexpert Peter Schaar. Problematesch wier awer, datt och Servicer, déi bis elo keng Zoustëmmung fir d'Notze vun Donnéeën haten, dat elo versichen ze kréien. D'Leit sollten also genau hikucken an iwwerleeën, wéini si zoustëmmen a wéini net.
Et géifen iwwerdeems vill falsch Informatiounen iwwert dat neit europäescht Dateschutzgesetz verbreet ginn. Zum Beispill géif et net stëmmen, datt all Dokter a sengem Cabinet een Dateschutzbeoptraagte misst hunn. Just eng Entreprise, bei där "dat ëmfaassend Beobachte vu ville Mënschen de Kär vun hirem Geschäftsmodell" ausmécht, misst esou ee Beoptraagten nennen.
De Peter Schaar war tëscht 2003 an 2013 Bundesdateschutzbeoptraagten an Däitschland. Haut ass hien ënnert anerem President vun der Europäescher Akademie fir Informatiounsfräiheet an Dateschutz. An de leschte Joren huet hien eng Rei Bicher zum Thema Dateschutz a publizéiert. D'Pia Oppel huet sech mat him iwwer d'Auditioun vum Facebook-Chef Mark Zuckerberg am Europaparlament an iwwer dat neit europäescht Dateschutzreglement ënnerhalen.
Wéi gi mëttelstänneg Entreprisë mam Dateschutz ëm?
Dat neit Europäescht Dateschutzreglement bréngt fir de Konsument méi Kontroll iwwer seng privat Donnéeën. Bei mëttelstännegen Entreprisë suergt d'Gesetz awer fir Onsécherheeten, well et mat méi Aarbecht a Verflichtunge verbonnen ass.
Ëmgang vu Betriber mam Thema Dateschutz
Facebook & Google: Ëffentlech Infrastruktur?
Sozial Netzwierker wéi Facebook oder Sichmaschinne wéi Google kéinten - ähnlech wéi d'Energie oder d'Waasserversuergung - als essentiell ëffentlech Servicer consideréiert ginn, déi zu engem natierleche Monopol tendéieren. An deem Fall misste se anescht reguléiert ginn. Dateschutzproblemer kéinten da méi efficace geléist ginn, ewéi mat der neier EU-Richtlinn, déi op dësem 25. Mee a Kraaft trëtt, mengt d'Pia Oppel.
Plaintë géint Google, Instagram, WhatsApp a Facebook
D'Associatioun "Noyb.eu - Europäeschen Zentrum fir digital Rechter", eng spendefinanzéiert ASBL, notzt dat neit EU-Dateschutzreglement fir géint Facebook, Google, Instagram a WhatsApp ze kloen. Ee Gespréich mam Aktivist mam Aktivist Max Schrems.
Déi meescht Associatiounen a Clibb si nach net ganz prett
Vill Lëtzebuerger Associatiounen a Clibb kënnen d'Bestëmmunge vun der neier Europäescher Dateschutzreegelung nach net ëmsetzen. Déi meescht hätte sech zwar scho viru méi laanger Zäit iwwer de Sujet informéiert. Déi mannst hunn déi nei Reegele bis elo awer och ëmgesat. Dat soten eis Vertrieder vun der Nationaler Museksfederatioun UGDA a vun der Greenpeace Lëtzebuerg.