Sozialwahlen 2019

Manifestatioun-OGBL-LCGB
Foto: Archiv

Am Mäerz si Sozialwahlen. An de ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ass d'Personal den 12. Mäerz opgeruff seng Delegatioun ze wielen. Och d'Salariatskammer gëtt per Bréifwahl nei gewielt: 60 Membere a 60 Suppléante mussen hei bestëmmt ginn. Am Renne sinn 264 Kandidate vun de Gewerkschaften OGBL, LCGB, Aleba, FGFC, Landesverband a Syprolux.

Wahlberechtegt si 526.476 Salariéen a Pensionnéierter - och Frontalieren stëmme mat of. De radio 100,7 begleet d'Sozialwahlen mat Interviewen, Analysen a Reportagen. Beliicht ginn déi grouss Defië fir d'Aarbechtswelt an d'Alldaagsrealitéit an de verschiddene Beruffer.

Claude Strasser a Gilbert Goergen
Sozialwahlen 2019

Déi wichtegst Revendicatioun vum Postsyndikat fir de Kollektivvertrag wier et, d'Paien op een Niveau ze bréngen, datt d'Leit de Betrib net no dräi bis véier Méint verloossen, seet de Gilbert Goergen.

Nicolas Buck
Sozialwahlen

D'Patronat wëllt an den nächste Jore keng nei Initiativ fir d'Aféiere vun engem Auslännerwahlrecht ze lancéieren, seet den Nicolas Buck. Den Nach-President vun der FEDIL gëtt a knapp engem Mount den neien UEL-President.

De Jean-Claude Poos vun der NGL-SNEP
Sozialwahlen 2019

D'NGL-SNEP kandidéiert bei de Sozialwahlen net méi fir d'Salariatskammer. Fir kleng Gewerkschafte wier dat ze opwändeg. Wéi eng Bedeitung hunn d'Sozialwahle fir eng kleng Gewerkschaft wéi d'NGL-SNEP?

Eng Versammlung
Sozialwahlen 2019

An enger S.A., bei där de Staat iwwer 25 Prozent vun de Parten huet, muss d'Personal am Verwaltungsrot vertruede sinn. Dat gëtt net ëmmer agehalen, well keen d'Applikatioun vum Gesetz afuerdert.

Estelle Winter, Dores Azeredo
Sozialwahlen 2019

D'Aarbechtskonditiounen am Botzsecteur wiere ganz schwiereg, soen d'Estelle Winter an d'Doris Azeredo. D'Salariéen hätten extrem flexibel Aarbechtszäiten, vun hinne géif eng grouss Mobilitéit erwaart ginn.

Chambre des Salariés
Sozialwahlen 2019

All Betrib mat iwwer 15 Salariéë muss eng Personaldelegatioun hunn. Hir Aufgab ass et, fir d'Interesse vun de Salariéen a Saachen Aarbechtskonditioune géintiwwer dem Patron ze vertrieden.

Tiago Ferreira an de Jean-Luc De Matteis
Bausecteur

Et géif e groussen Drock gi fir Bauprojete méi séier fäerdeg ze kréien, do si sech den Tiago Ferreira an de Jean-Luc De Matteis eens. Béid Gewerkschaftler fuerdere méi Kontrolle vun der ITM um Terrain.

Jean-Jacques Rommes
Wirtschaft a Soziales

Dës Attitüd vun der Regierung kéint een am Aarbechtsrecht feststellen, genee wéi an der Finanzpolitik, der Gouvernance vun der Sécurité Sociale, de Pensiounen an deemnächst och am Konsumenteschutz, sou de Jean-Jacques Rommes.

Laurent Mertz
Sozialwahlen

D'ALEBA ass der Meenung, datt deen zousätzleche gesetzleche Congésdag och am Banken- an Assurancësecteur fälleg ass, seet de Generalsekretär vun der Gewerkschaft Laurent Mertz.

Websäite vu Gewerkschaften
Sozialwahlen 2019

Bei de Sozialwahlen am Mäerz sinn iwwer 500.000 Persoune wahlberechtegt. Dorënner Lëtzebuerger, Frontalieren an Auslänner. D'Villsproochegkeet ass een Thema, dat d'Gewerkschafte berücksichtegen.

Patrick Dury
Sozialwahlen 2019

Dem OGBL géif et net ëm eng Eenheetsgewerkschaft goen, mee ëm eng eenzeg Gewerkschaft, seet den LCGB-President Patrick Dury. D'Zesummenaarbecht aus der Vergaangenheet hätt den OGBL op en Enn bruecht.

Konferenz clc iwwer d'Sozialwahlen
Sozialwahlen

Vu wéini u muss e Betrib eng Personaldelegatioun stellen? Mussen an engem Betrib mat méi Gesellschaften och méi Personaldelegatioune gewielt ginn? D'confédération luxembourgeoise du commerce liwwert Äntwerten.

Andre Roeltgen
Sozialwahlen

Den OGBL wëllt no de Sozialwahle weiderhin de President vun der Salariatskammer stellen, seet den André Roeltgen. Hie wëllt awer net kommentéieren, ob hie selwer um Posten interesséiert ass.

Jean-Claude Reding
Sozialwahlen 2019

No zéng Joer un der Spëtzt vun der CSL wëllt de Jean-Claude Reding net méi als CSL-President kandidéieren. Als Successeur kann hie sech den OGBL-President André Roeltgen gutt virstellen.

Bréifwahl
Sozialwahlen 2019

264 Kandidate vu sechs Gewerkschafte gi mat an d'Wahle fir d'Salariatskammer. Déi 60 Membere vun der CSL ginn am Mäerz per Bréifwahl gewielt. Wahlberechtegt sinn 526.476 Salariéen a Pensionéierter.

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen