Serie Mäin Europa
Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Mat konkrete Beispiller weise mir, wat d'Europäesch Unioun hire ronn 500 Millioune Bierger bréngt.
Steiert den Infirmiers-Beruff a Richtung international Penurie?
Den EU-Beruffsausweis vereinfacht d'Mobilitéit vun den Infirmièren an Infirmiere bannen der EU. Wat sinn d'Konsequenzen doduerch bei eisen Noperen an d'Schwieregkeete fir Infirmièren an Infirmieren?
Arel-Lëtzebuerg / Lëtzebuerg-Arel
D'Charlotte verbréngt all Dag op d'mannst zwou Stonnen am Auto. Si schafft zu Lëtzebuerg a wunnt an der Belsch. An eisem Reportage suivéiere mir den Alldag vun enger belscher Grenzgänger-Famill.
Wat bréngt den Nutri-Score?
Den Nutri-Score soll de Konsumenten ee vereinfachten Accès zu den Nährwäerter vun engem verschaffte Produit ginn. D'Françoise Keller huet fir d'Serie "Mäin Europa" nogefrot, wat den Nutri-Score bréngt.
Méi propper Bussen
Wann et ëm Klimaschutz a Loftqualitéit geet, sollten ëffentlech Administratioune mam gudde Beispill virgoen. Dofir hätt d'EU gären, datt Bussen, déi am ëffentlechen Transport fueren, ëmmer méi propper ginn.
Europäesch Aarbechter, national Kontrollen
Op Chantieren hei am Land schaffen Aarbechter, déi an aneren EU-Länner ugemellt sinn. D'lescht Joer goufen iwwer 114.000 Aarbechter detachéiert. Wéi gëtt kontrolléiert, datt sozial Standarde respektéiert ginn?
Gesträifte "Gefor" um Wee an Europa
Déi geféierlech Asiatesch Tigermoustique verbreet sech zanter de 70er Joren ëmmer méi op all de Kontinenter op der Welt an dat och an Europa. Ass si och schonn zu Lëtzebuerg ukomm?
Filmer ouni Grenzen?
Ëmmer méi Leit kucke Filmer a Serien um Internet. De Choix ass awer méi limitéiert, wéi ee menge kéint an hänkt vum Land of, an deem ee wunnt. Territorial Reegele vun den Droit d'auteure spillen hei mat.
Studenten nom Brexit: "Vläicht musse mer méi Gromperen iessen"
Wéi eng Konsequenzen hätt e Brexit ouni Accord fir Lëtzebuerger Studenten a Groussbritannien? De Rick Mertens huet bei Lëtzebuerger Studenten nogefrot - fir den éischte Reportage an eiser Serie "Mäin Europa".