100,7 Meenung

Nieft der Berichterstattung, droen Analysen a Kommentaren zur Meenungsbildung bäi. Eng Selektioun vun de Bäitrag vun 100,7-Mataarbechter sou wéi vun den externe Collaborateuren, déi dënschdes an donneschdes am "Fräie Mikro" ze héiere sinn.

D'Schwäizer hunn de Service public gerett
D'Schwäizer hunn zu 70 Prozent refuséiert d'Redevance fir Radio an Televisioun ofzeschafen. Si hunn domadder de Service public gerett. Eng gutt Saach fir Informatioun a Kultur, mengt de Lucien Kayser.

Antikapitalismus vu riets
Kritik um Kapitalismus war d'Charakteristik vun den lénke Politiken. A leschter Zäit hu sech rietspopulistesch a rietsextrem Parteien dës Kritik ugëeegent. E Fräie Mikro vum Auteur Thierry Simonelli.

Mat Schierbelen a Gilletten
Um Dënschdeg ass de weltwäiten Dag géint d'Genitalverstümmelung vu Fraen a Meedercher. Dës fir eis barbaresch Praxis gëtt a verschiddene Länner praktizéiert. Do ass si Deel vun Ethnien a Kultur.

Gender Gap: De Gruef gëtt méi breet
Déi sozial a wirtschaftlech Ënnerscheeder tëscht Mann a Fra ginn ëmmer méi grouss. Eréischt an 170 Joer kéint eng Gläichstellung erreecht ginn. En enttäuschend Resultat fir Lëtzebuerg.

Wat maachen d'USA a China?
Et wäert dëst Joer kee grousse Worf ginn op der Weltklimakonferenz. Et geet drëms, technesch Detailer auszeschaffen. D'Medie wäerte sech allerdéngs op eppes anescht fokusséieren.

Zuelen iwwert eis Zukunft
Kuerz no den Gemengewahlen huet sech Lëtzebuerg erëm mat engem nationalen Thema beschäftegt: Dem Budget. Ouni Iwwerraschung ass d'Diskussioun iwwert dat wichtegst Gesetz vum Joer séier ofgeflaacht.

D'Afd - eng Alternativ géint Däitschland
No de Bundestagswahlen schéngt Däitschland op dësem "Tag der Deutschen Einheit" méi gespléckt wéi jee. Eng rassistesch Partei ass drëtt Kraaft am Bundestag a schiert Angscht virum Islam.

China gëtt den Tempo vir
Nom Dieselgate-Skandal bréngt China elo um politeschen Niveau Bewegung an d'Branche. Dee gréissten Auto-Produzent wëll bei der Transitioun zum Elektro-Auto der auslännescher Konkurrenz den Tempo uginn.

Journalisten hunn d'Recht Froen ze stellen
Dem Här Lunghi säi Verhalen ass typesch fir den Ëmgang, deen eng Partie Leit aus dem ëffentleche Liewen mat deenen hunn, déi Froe stellen, déi stéieren oder déi si net wëllen héieren.

"Wa Fakten, Logik a Geschicht egal sinn"
Den Donald Trump huet dozou bäigedroen, datt Rassismus, Misogynie, primitiv Iwwerleeungen a Steierbedruch presidentiabel sinn. Et ass schwéier ze verstoen, datt hie Presidentschaftskandidat ass.

Lëtzebuergesch am Multilinguismus
Kee Mënsch, och keen Auslänner, deen hei am Land lieft, géing am Dram drun denken d’Lëtzebuergescht ofzeschafen. Kee Mënsch géing awer och am Dram drun denken de Multilinguismus ofzeschafen, mengt de François Aulner.

Status quo fir d'Lëtzebuerger Kompetitivitéit
De "World Economic Forum" huet dës Woch säi Kompetitivitéits-Index publizéiert. Lëtzebuerg läit onverännert op der 20. Plaz vun 138 - Status quo also. Mee ass dat ee gutt Resultat?

"Och de Raum fir Publicitéit huet Grenzen"
Ass de Parvis vun enger Philharmonie déi richteg Plaz fir een Auto auszestellen? Déi Fro stellt de Marc Glesener a sengem fräie Mikro. Wéi wäit kënne Reklamm a Kultur anenee gräifen?

"Bëssen eppes fir jiddereen"
Manner dramatesch a méi positiv wéi d'lescht Joer ass de Jean-Claude Juncker virum Parlament opgetrueden. Vill Neies huet de Komissiounspresident a senger Ried zur Lag vun der EU net proposéiert.

Patrimoine fir ze kucken an ze schmaachen
Ëmmer nees gëtt sech an der Press doriwwer opgereegt, wann en alt Gebai ofgerappt gëtt. Patrimoine sollt een awer net nëmmen op Gebaier reduzéieren. Dat ass de Begrëff vill ze enk gesinn.

"Die letzte Tugend..."
D’Aktualitéit an de leschten Deeg ass beonrouegend. Wien awer mengt et misst een d’Grenzen zoumaachen iert sech, a wien mengt et soll een näischt maachen, iert sech och, mengt de François Aulner am Kommentar.

Kéint d'Chamber CETA stoppen?
Den Handels-Accord tëscht der EU an Kanada ass ëmstridden. D'Europäesch Kommissioun proposéiert, datt national Parlamenter solle kënne matschwätzen. Mee kann hiren Neen den Accord effektiv stoppen?

Educatioun ass en eescht Geschäft
Eng Uni mat villen auslännesche Studenten ass en Exportbetrib fir Educatiouns-Déngschtleeschtungen, mengt de Jean-Paul Hoffmann.

Net eleng de Wieler hir Schold
Et wier falsch, d'Schold eleng deenen ze ginn, déi fir de Brexit gestëmmt hunn. De Feeler läit och bei engem Manktem u Leadership an engem Verloscht vu Vertrauen an d'Parteien, mengt d'Simone Beck.

Widderhuelung eenzeg propper Decisioun
An Eisträich muss den zweeten Tour vun der Presidentewahl vum 22. Mee wéinst Irregularitéite beim Ausziele widderholl ginn. Eng gutt Saach, mengt eise Wien-Korrespondent Daniel Schneider.

Echec vun der "Generatioun Juncker"
75 Prozent vun de Wieler tëscht 18 a 24 Joer hu géint ee Brexit gestëmmt. Et wier an hirem Interessi, datt den europäeschen Integratiounsprojet viru gedriwwe gëtt.

Vive de Partikularismus
De britesche Wieler huet d'Chance genotzt, dem Establishment mol eng gutt auszewëschen. Groussbritannien huet décidéiert, an et geet een neie politesche Raum op. Eng Wirtschaftschronik vum Jean-Paul Hoffmann.

De Facteur Populismus
Des Woch decidéiert sech, ob Groussbritannien an der EU bleift oder net. De Mord un der Jo Cox kéint de Referendum entscheedend beaflossen, mengt de Rick Mertens an enger Auslandschronik vu London.

Universellen Nation Branding
Bei der Exploitatioun vu Weltall-Ressourcen riskéiert Lëtzebuerg sech gesetzlech d’Fangeren ze verbrennen. Als Nation Branding, fonctionnéiert et bis elo éischter gutt, mengt de Pierre Reyland.

Keen Neiufank
De Geheimdéngscht kritt ee Staatstrojaner, mee kloer Reegelen fir d'Online-Iwwerwaachung fehlen. Dräi Joer no der SREL-Affär geet d'Koalitioun de Risiko vun neien Abusen an, mengt d'Pia Oppel.

Eng Léisung fir sozial Problemer?
D’Schwäiz huet géint e bedéngungsloost Grondakommes gestëmmt. Amplaz weider iwwer dës sozialstaatlech Utopie ze diskutéieren, kéint een den aktuelle System verbesseren, mengt de Matthias Kirsch.

"Dauer-Kollektiv-Psychose muss ophalen"
D’Chancë vun engem Auto iwwerrannt ze ginn oder doheem vun engem Miwwel erschlo ze ginn, sinn däitlech méi héich, wéi bei engem Attentat ëm d’Liewen ze kommen, sou de François Aulner an engem Kommentar.

Bewältegung vun der Vergaangenheet
Fir d’Finanzplaz wier et besser, wann d'Iwwerwaachungsautoritéit CSSF net vu Leit geleet géif ginn, déi nach kuerz virdru selwer am Secteur geschafft hunn. Eng Wirtschaftschronik vum Pia Oppel.

Ëmgank mat frieme Kulturen
Wéi gi mir mat Leit aus frieme Kulturen, mat anere Reliounen ëm? Wei ginn d’Ängschte bei de Bierger mat dësen Themen gestäerkt? Mat dëse Froe beschäftegt d'Laura Zuccoli sech am Fräie Mikro.

"Wéi een an de Bësch rifft..."
An der "Causa Schley" ass villes iwwerdriwwen, mengt de Marc Glesener, Kommunikatiounsberoder a laangjäregen Journalist.

Alles wéi geleckt?
Momentan schweessen d'Schüler op den Ofschlossexamen – datt se dobäi och nach lecke mussen! Dozou en Denkustouss vum Jean-Luc Thill.

Monsanto-Bayer kéint Landwirtschaft nach méi ofhängeg maachen
Monsanto kéint demnächst vum däitsche Grupp Bayer iwwerholl ginn. Duerch eng Fusioun vu Monsanto a Bayer, kéint d'Landwirtschaft nach méi ofhängeg vu Pestizide ginn, mengt d'Tessy Steffen-Koenig.

Wou bleift déi informéiert Debatt?
Déi sougenannten "TTIP-Leaks" hunn net dozou gefouert, datt méi fondéiert iwwert de geplangte Fräihandelsaccord tëschent EU an USA diskutéiert gëtt, mengt de Rick Mertens.

Onmoralesch Gesetzer?
De Michel Pauly iwwert de Courage vu Whistleblower an den Zesummenhank vu Politik a Moral.

Koekkoek: D'Keess op an d'Klacken eraus!
Mécénat ass super. Mä domat ass d'Regierung net vun hirer Verantwortung vis-à-vis vun der Kultur entbonnen, fënnt d'Cléo Thoma an der Kulturchronik.

Sadiq Khan: Eng Victoire mat Nogeschmaach
De Sadiq Khan gëtt éischte muslimesche Buergermeeschter vu London. Et ass eng Victoire fir d’Sozialdemokraten – wann den Khan, knapps gewielt, net weider den Jeremy Corbyn a Fro géif stellen.

"Eng nei Landschaft"
D’Spekulatiounen oder Hypothesen iwwert eng CSV-ADR Koalitioun si “politique politicienne”. Am Kommentar stellt de François Aulner trotzdem fest, datt d’politesch Landschaft sech verännert.

"Streik!" vum Andy Bausch
De Film iwwert méi wéi 100 Joer fräi Gewerkschaften zeechent eng nei Geschicht vu Lëtzebuerg: eng Geschicht vun ënnen, esou den Denis Scuto.

Der Regierung geet d'Loft aus
Am État de la Nation 2016 gouf een net vill Neits gewuer, mä dat ass keng Iwwerraschung, mengt de Jean-Claude Franck am Kommentar

D'Eurokris, een Däiwelskrees
Griicheland, d'EU an den IWF streiden op en Neits iwwert e Scholdeschnëtt. D'Problemer vun der Eurozone bleiwen ongeléist. An déi negativ Spiral dréint weider, sou d'Pia Oppel an der Wirtschaftschronik.

Betribsgeheimnis vs. allgemengen Interessi
D'Direktiv iwwer de Schutz vum Betribsgeheimnis wërft an Zäite vu Luxleaks-Prozess an och Panama Papers vill Froen op, mengt d'Christiane Kleer an der Wirtschaftschronik. Zum Beispill déi vum allgemengen Interessi.

Eng traureg Nummer vu Realsatir
Vun der Satire zum Politikum: den däitschen Satiriker Jan Böhmermann entlarvt Merkel an Erdogan, déi hiren Deal net wëlle platze loossen, mengt de Jay Schiltz an enger Kulturchronik.

Iwwerdriwwen
De Xavier Bettel huet Feeler gemaach, mä dat ännert näischt um Fong vun der SREL-Affaire, mengt de Jean-Claude Franck an engem Kommentar zu der Affaire Bettel-Kemmer.

Steiergerechtegkeet vs. Ongläichheeten
Och déi Lëtzebuerger Regierung versicht mat fiskaleschen Agrëffer fir méi Gerechtegkeet ze suergen. Mee dat wäert kaum duergoe fir Problemer ze léisen, déi vill méi déif ginn, seet e Laurent Moyse.

Wéivill (On)gerechtegkeet verdréit dëst Land?
No LuxLeaks, elo d'Panama Papers: D'Revelatiounen iwwer intransparent an deelweis illegal Geschäfter mat Bréifkëschtefirmae sinn och fir Lëtzebuerg problematesch, mengt de Jean-Claude Franck.

Eng geféierlech Normalitéit
Iwwer 200.000 Bréifkëschtefirmaen an de Verdacht op systematesch Steierhannerzéiung. Doriwwer wonnert ee sech net méi richteg. Dat ass geféierlech, mengt de Marc Glesener am Fräie Mikro.

Mënschen a Wäerter kann een och mat Wierder verletzen …
An der Lescht hëlt d’Ongehuweltheet an d’Vulgaritéit am ëffentlechen Discours zou. D'Historikerin Simone Beck mécht sech Suergen iwwert eng allgemeng Akzeptanz vu verbaler Graffheet.

“Et soll méiglechst kee méi an d'EU areesen – ee Skandal”
Den Accord tëschent der Europäescher Unioun an der Tierkei iwwert d’Gestioun vu Flüchtlingen, deen zënter zwou Wochen a Kraaft ass, hält net wat e versprécht, mengt d'Danièle Weber.

Mediepluralismus net garantéiert
Lëtzebuerg gehéiert zu deenen EU-Länner mat enger staarker Maart-Konzentratioun am Mediesecteur. Et feelt de politesche Wëllen fir de Pluralismus gesetzlech ze stäerken, mengt d'Pia Oppel.

"Net d’Ëmwelt muss gerett ginn, mee mir Mënschen"
A senger Chronik beschäftegt sech de Marco Thomé mat eisem Grondbedürfnis u Sécherheet a Kontroll, grad ewéi mat eiser globaler Onfähegkeet, dës Besoinen alle Mënschen op dëser Äerd zouzegestoën.

Den nationalistesche Fuerz am Kapp
Wéi ass et méiglech, datt e méisproochegt Land, wat sech als "dynamesch, oppen an zouverlässeg" presentéiert, Sproochenufuerderunge virschreift, déi zéngdausenden Immigranten net kënnen erreechen?

EU ënnergrueft Recht op Asyl
Mam Accord, deen d'EU-Memberstaten de leschte Freideg mat der Tierkei ofgeschloss hunn, soll déi illegal Migratioun gestoppt ginn. Faktesch gëtt d'Recht op Asyl allgemeng ënnergruewen.

IHTP jo, Zäitgeschicht neen?
D'Regierung wëll een "Institut d'Histoire du Temps Présent" schafen, mee beim Opschaffe vun de Geheimdéngscht-Archive steet se der zäithistorescher Fuerschung am Wee, mengt d'Pia Oppel.

Wou bleift den Opstand vun den Anstännegen?
AfD heescht de grousse Gewënner vun de Wahlen dëse Weekend an dräi däitsche Bundeslänner. Firwat sinn di etabléiert Volleksparteien quasi inaktiv? Déi Fro huet eise Korrespondent Mathias Kirsch sech gestallt.

Firwat sou vill Steierreduktiounen net ubruecht sinn
Bis zu 500 Milliounen Euro léisst d'Regierung sech hir "Steierreform" kaschten. Dat ass zevill, mengt de Jean-Claude Franck. De Budget vum Zentralstaat ass nämlech nach laang net am Equiliber.

Image amplaz Substanz
Mir rutschen an en Zäitalter, wou den Image triumphéiert an d'Substanz an den Eck gedréckt gëtt. Dat ass vläicht de Präis dee mir bereet sinn ze bezuelen, fir datt eis Gesellschaft sech weiderentwéckelt.

Schäin-Argumenter
D’Konklusioune vum EU-Conseil berouen op falsche Prämissen. Et mécht wirtschaftlech kee Sënn fir d’Migratioun ze decouragéieren.

Dramfabrik oder Alpdram?
Kuerz virun den Oscaren 2016 weist eng Etude iwwert Hollywood eng desastréis Situatioun an der Dramfabrik, déi vun Ausgrenzung, Diskriminatioun a souguer Rassismus dominéiert ass. Eng Kulturchronik.

Net nëmme Groussbritannie profitéiert
D'EU huet kee Konzept, wéi si mat der sougenannter Flüchtlingskris ëmgoe soll. Wann et drëm geet, economesch u Stäerkt ze verléieren, ass ee sech méi séier eens. Eng Analys vum Danièle Weber.

Wéi autonom ass d’Uni Lëtzebuerg ?
D’Regierung ass mat hiren Agrëffer an d'Autonomie vun der Uni Lëtzebuerg amgaang, där hir Renommée ganz serieux op d’Spill ze setzen, mengt den Historiker a forum-Mataarbechter Michel Pauly.

Wir sind Grammy
Mir hunn e Grammy kritt zu Los Angeles! D'Angélique, de Gast, den OPL, eisen Tountechniker. A ganz Lëtzebuerg mat. Wéi frou däerf een do sinn? De Fred Medernach deelt seng Freed an der Kulturchronik.

Liewen am Bild oder Liewen als Bild?
Mir ginn ëmmer méi obsedéiert vu Biller. D'Danièle Wecker retracéiert dëse strukturelle Wandel a kënnt zur Konklusioun, datt mir d'Welt haut als Bild wouerhuelen. An datt mir d'Bild als méi reell ugesinn.

"Luc Frieden soll Retour an d'Politik si loossen"
De fréieren CSV-Minister huet eegenen Aussoen no nach net decidéiert, ob hien nees méi eng aktiv Roll an der Politik iwwerhuele wëll. Besser net, mengt de Jean-Claude Franck an engem Kommentar.

De Phänomen Trump
De Phänomen Trump dominéiert de Virwalkampf an den USA. De populisteschen Erfolleg gëtt am Fong vun den anere Parteien a Politiker provozéiert. Dat mengt de Marc Glesener a sengem Fräie Mikro.

De grousse Worf?
No zwee Joer huet den Educatiounsminister seng Iwwerleeungen iwwert d’Lycéesreform presentéiert. De Pabeier vu sechs Säiten ass wäit ewech vun engem Gesetzprojet. E Kommentar vum Mick Entringer.

Gratis Pub fir déi Grouss
Eng grouss franséisch Chaîne mécht an zwee Joer am Centre Hamilius an der Stad Lëtzebuerg e Geschäft op. Dozou e Kommentar vum François Aulner.

Gréisser Sportsevenementer am ëffentlech-rechtleche Fernseh?
D'Trainere vum FC Bayern München a vu Real Madrid hunn dës Woch, fräiwëlleg an onfräiwëlleg, hire Stull geréckelt. De Jean-Paul Hoffmann kuckt hannert déi wirtschaftlech Kulisse vum Sport-Business.

"Es gibt nur ein einziges Menschenrecht"
Den Historiker Denis Scuto iwwer d'Erweiderung vun der "déchéance de la nationalité", sou wéi de franséische President François Hollande se wëll an d'Verfassung aschreiwe loossen.

"Geleeënheet verpasst, well an der Regierung Parteipolitik gemaach gëtt"
Am Fräie Mikro schwätzt d'Danielle Igniti iwwert de Wiessel am Kulturministère an de Stellewäert vun der Kultur am Land.

Verpasste Geleeënheeten an der DP
De Récktrëtt vun der Ministesch Maggy Nagel huet net just op hir Schwächten higewisen, mä och op déi vun hirer Partei. D'DP huet eis eppes virgemaach, amplaz fir Kloerheet ze suergen.

Ouni Aktioune riskéiert d'Klimaschutz-Zil symbolesch ze bleiwen
Vun 2020 u wëllen 195 Staaten d'Äerderwäermung op däitlech ënner zwee Grad limitéieren. Dofir missten se awer all direkt dru schaffen. Och Lëtzebuerg.

“E Vollek huet ëmmer déi Politiker a Medien déi et verdéngt huet"
Fënnef Millioune Fransousen hu bei de Regionalwahlen Front national gewielt an 20 Millioune Fransouse si guer net wiele gaang. Dofir ginn et verschidde Grënn, mengt de François Aulner am Kommentar.

Terrorismus a Waffegesetzer
A der rezenter Ried vum amerikanesche President Barack Obama iwwer den Terrorismus ass et – wéi gewinnt – ëm Krich gaang. Mee och een anert Thema krut eng wichteg Plaz: d'Waffegesetzer.

COP21 - Eng Publikumsbeschimpfung
1968 haten 61 Prozent vun den Autoen zu Lëtzebuerg manner wéi 1,5 Liter Hubraum. Haut sinn et nëmme méi 22 Prozent. Zu Paräis kann nëmmen dat duerchgesat ginn, wat mir all bereet si matzedroen.

Vun Hënn a Kazen
Wann et ëm den neie Wäerteunterrecht geet, ass bis elo bal kee vun de concernéierten Acteure sou richteg zefridden. Dat ass och net verwonnerlech, mengt d'Mick Entringer am Kommentar.

D'LSAP huet de Rietspopulismus fir sech entdeckt
Firwat wëll och d'LSAP d'Burka verbidden? Fir hir Stëmmeverloschter réckgängeg ze maachen hunn d'Sozialisten de Rietspopulismus fir sech entdeckt, mengt de Michel Delage an engem Kommentar.

Bei Iwwerfuerderung kommen einfach Erklärungen
Rietspopuliste probéieren e Lien ze maachen tëschent Terroristen a Flüchtlingen. Wa mer iwwerfuerdert si fir komplex Entwécklungen ze verstoen, tendéieren der leider vill zu einfachen Erklärungen.

Brout a Spiller
D'Lëscht vun de Skandaler ronderëm Korruptioun an der FIFA a ronderëm de Profifussball am grousse Ganzen ass laang. An inspiréiert den Denis Scuto zu engem historesche Vergläich.

“Elo ginn d’Viktor Orbanen zefriddegestallt”
Am Summer louch den Haapteffort doranner wéi d’Réfugiéen am beschten empfaang, integréiert a gerecht territorial verdeelt ginn. Elo ass den Haapteffort: wéi hale mer se dobaussen?

"An der politescher Realitéit ukomm"
Mam Staatsbudget fir 2016 ass kloer ginn, datt déi blo-rout-gréng Koalitioun hir Ambitioune vu virun zwee Joer schonn opginn huet. Dat mengt de Jean-Claude Franck an engem Kommentar.