Kino Luxembourg City Filmfestival

Méi wéi 30.000 Visiteure wëllt de Luxembourg City Film Festival dëst Joer unzéien, nom Rekord vun 29.300 Visiteuren am Joer 2017. De Festival huet seng Plaz ënnert den europäesche Filmfestivalen etabléiert, esou d'Organisateuren.
Vum 22. Februar bis 4. Mäerz 2018 ass et un der aachter Editioun: An der offizieller Competitioun gëtt no engem Successeur gesicht fir de Grand Prix vun 2017, The Other Side of Hope vum Aki Kaurismäki.

Palmarès gëtt den 19. Mäerz annoncéiert
Déi zéngten Editioun vum Luxembourg City Filmfestival ass wéinst dem Coronavirus kuerzfristeg, virun hirem leschte Weekend, ofgebrach ginn. E Gespréich mam Directeur artistique Alexis Juncosa.

No der Scheedung, nom Doud
"Moving on", vun der jonker koreanescher Realisatrice Yoon Dan-Bi, zeechent e sensibele Familljeportrait mat deem jiddweree sech dierft identifizéieren. Aus der offizieller Kompetitioun.

"Kranker heelt een net mat Wierder"
De franséisch-chileenesche Cineast an Theaterregisseur Alejandro Jodorowsky war fir eng Masterclass um LuxFilmFest, wou hien och säin Documentaire "Psychomagie, un art pour guérir" virgestallt huet.

Mat Napalm géint déi traditionell Uerdnung
"Ema" vum chileenesche Realisateur Pablo Larraín weist den Emanzipatiounskampf vu Frae vun haut: leidenschaftlech wéi Latino-Hip-Hop! Aus der offizieller Kompetitioun vum Luxembourg City Filmfestival.

Fussball géint d'Aarmut
"Home Games" erzielt d'Geschicht vun engem jonke Meedchen, dem säi Wonsch et ass an d'Fraefussballnationalequipe vun der Ukrain ze kommen. Am 100,7-Interview schwätzt d'Realisatrice iwwer dës Begéinung

"Das Geheimnisvollste ist die Wahl der Filme"
De renomméierten däitsche Realisateur Volker Schlöndorff gouf um Luxfilmfest fir säi Liewenswierk ausgezeechent. Hien huet sech ënnert anerem en Numm gemaacht mat senge Literaturverfilmungen.

"An enger Gesellschaft wéi Mexiko huet Angscht keng Plaz"
Am Documentaire "Devil's Freedom" interviewt de Realisateur d'Täter an d'Affer vum brutale korrupte System a Mexico. Schold wieren d'Politiker, seet den Everardo González am 100,7 Interview.

"Foxtrot" als beschte Film ausgezeechent
Den israeleschen Drama ''Foxtrot'' vum Samuel Maoz huet de Grand Prix vum Luxembourg Film Festival 2018 gewonnen. Beschten Documentaire ass ''Over the Limit'' vun der polnescher Realisatrice Marta Prus.

Rees duerch d'Amerika vun deenen einfache Leit
De Sozialdrama "Lean on Pete" vum Andrew Haigh zeechent ee Portrait vun einfache Leit, déi sech mat de Verhältnisser an Amerika mussen erëmklappen. Aus der Haaptkompetitioun vum Luxfilmfest.

"Ech wousst wat mech erwaart"
Déi polnesch Realisatrice Marta Prus schwätzt iwwert hiren Documentaire "Over the Limit" an iwwert déi brutal Motivatiounsmethoden déi eng Topsportlerin muss aushale fir d'Goldmedail z'erreechen.

Ouni Kompromëss keng erfëllten Dreem
De Realisateur vun "Amal", de Mohamed Siam schwätzt iwwert d'Revolutioun an Ägypten, d'Dreem vun enger jonker Generatioun, d'Ongläichgewiicht vun de Geschlechter an iwwert d'Gewalt.

Si hu keng Illusiounen a maache wat se kënnen
Ënnert dem Deckmantel vun enger skuriller Kriminalkomedie huet de Chines Geng Jun mat "Free and Easy" eng philosophesch Fabel gedréint. Aus der Haaptkompetitioun vum Luxfilmfest.

"Am Liewen ass jiddereen e Schauspiller"
Eng spuenesch Famill, déi räich gëtt an alles verléiert steet am Mëttelpunkt vu "Lots of Kids, a Monkey and a Castle". Et ass e witzegen Documentaire vum Gustavo Salmerón. Sue sinn net alles, seet hien.

Odyssee vun enger jonker Koppel duerch Teheran
D'Widderspréch vun der iranescher Gesellschaft, besonnesch a Bezuch op déi sexuell Tabuen, ginn am Ali Asgari sengem Drama "Disappearance" ob eng relativ einfach Aart a Weis op de Punkt bruecht.

Eng Heldin, sou schwaach, sou staark
"Marlina the murderer in four acts" vun der indonesescher Realisatrice Mouly Surya ass ee Spaghetti-Western a Revenge-Film, deen op eng originell Aart a Weis een nuancéiert Bild vun der Fra zeechent.

"Den Dréi war en Albdram"
"A Woman Captured" ass en Documentaire iwwert modern Sklaverei. E Portrait vun enger Fra, déi vun enger Famill gefaange gehalen an ausgebeut gëtt. D'Bernadett Tuuza-Ritter huet d'Fra mat der Kamera begleet.

D'Australier mussen der Wourecht an d'Ae kucken
Fir an der Zukunft de richtege Choix ze treffen, muss Australien sech mat senger Geschicht auserneesetzen, seet de Warwick Thornton. Mat "Sweet Country" weist den indigene Realisateur dës Geschicht.

De fatale Moment kann net méi réckgängeg gemaach ginn
D'Verschwanne vun deem klenge Maria huet dramatesch Konsequenze fir d'Famill a besonnesch fir de Papp. "Pororoca" ass ee filmesch a schauspilleresch impressionnant Drama vum Rumän Constantin Popescu.

Hutt léiwer Matleed mat deem!
"Pity" vum Babis Makridis ass eng bizare griichesch Komedie iwwert de Besoin fir bematleet ze ginn. Aus der offizieller Kompetitioun vum Luxfilmfest.

Jidderee brauch Matleed
Ass Matleed eng Krankheet vun der Gesellschaft? Déi Fro stellt de griichesche Film "Pity". E liwwert awer keng Äntwert. De Yannis Drakopoulos schwätzt iwwert seng Roll an d'Griichesch "weird wave".

Frustratioun an Hoffnungslosegkeet
"Holiday" vun der Isabella Eklöf beschäftegt sech mat den ongläiche Muechtverhältnisser tëscht Mann a Fra. Inspiréiert un Erliefnisser aus dem richtege Liewe vun der dänescher Realisatrice, erkläert si am 100,7-Interview.

Kann déi blond Bimbo hir Séil retten?
Kënnt een aus enger iwwerflächlecher Luxuswelt, an där ee gefaangen ass, nees eraus? Dorëms geet et am dänesche Film "Holiday" vun der Isabella Eklöf. Aus der offizieller Kompetitioun vum Luxfilmfest.

Obsedéiert mat Trakteren
"Gutland" ass um Govinda Van Maele senger Kandheetsfaszinatioun inspiréiert, deem säin Dram et war, Bauer ze ginn. Am 100,7-Interview schwätzt de Realisateur iwwert d'Bauereliewen, d'Fräiheet an d'Sexualitéit.

De Präis fir eng zweet Chance
"Gutland" vum Lëtzebuerger Govinda Van Maele vermëscht Elementer aus Film noir, Thriller an Documentaire fir den Integratiounsprozess vun engem Aussesäiter an eng fir hien nei Gemeinschaft duerzestellen.

Wéi eng Filmer fir de Filmfestival?
Viru kuerzem hu Memberen de Comité artistique vum Luxembourg City Film Festival verlooss. Am Hannergrond wier ëmmer d'Fro, ob méi Filmer vu Lëtzebuerg solle selektionéiert ginn, seet den Nico Simon.

Krich géint dat Onbekannt
D'Trauer vun den Elteren, d'Onsënnegkeet vum Krich... Den israeleschen Drama "Foxtrott" behandelt een tragesche Sujet mat engem erstaunleche Räichtum u filmesche Mëttelen.

"Problematesch Personnagë gi vum Festival ausgeschloss"
D'Rechter vun der Fra sinn en zentraalt Thema beim Filmfestival, seet den Alexis Juncosa. Duerch d'Affaire Weinstein hätt een elo besser Informatiounen. Problematesch Filmer géifen net consideréiert ginn.

Konditioune fir e Massaker
"Dark Night" heescht e Film vum amerikanesche Realisateur Tim Sutton, deen um Luxembourg City Film Festival leeft. Ee Wuertspill op dem Christopher Nolan säi Batman-Film "The Dark Knight Rises".

D'Hannergrënn vum "M5S" gi leider net beliicht
Den dänesche Film "Tutti a casa - Power to the People" iwwert den italienesche "Movimento Cinque Stelle" leeft an der Docu-Kompetitioun. De Michel Delage ass net ganz iwwerzeegt.

"Nom Krich sinn d'Frae Kämpfer"
D'Konsequenze vum Biergerkrich a Georgien, Uganks den 90er Joren, dat ass de Sujet vun "House of others". De Film leeft an der offizieller Kompetitioun. Interview mat der Realisatrice Rusudan Glurjidze.

Virtuell Realitéit am Kino
''Virtual Reality'' ass am Trend. Fir de Kino ass déi nei Technologie eng grouss Erausfuerderung. Cineaste mussen ëmdenken. Hei sinn déi wichtegst Ännerungen, déi d'virtuell Realitéit mat sech bréngt.

"Land of Mine" ass grousse Gewënner
De Präis fir dee beschte Film, de Präis vum Public an de Präis vum jonke Jury ginn un den däneschen Nokrichsdrama "Land of Mine". Déi tschechesch Produktioun "Mallory" gëtt beschten Documentaire.

"Lokal Filmer sinn am Endeffekt méi global"
Interview mam dänesche Realisateur Martin Zandvliet, dee mam Nokrichsdrama "Land of Mine" de Grousse Präiss um LuxFilmFest gewonnen huet.

"Vill Reen a Schottland"
De grousse britesche Cineast Terence Davies war um Luxembourg City Film Festival fir säi Film "Sunset Song" ze presentéieren. An hien huet sech vill Zäit geholl, fir mat vill Humor op eis Froen ze äntweren.

"Kolonialiséierungspolitik spléckt déi israelesch Gesellschaft"
Mat sengem Documentaire The Settlers erkläert den israelesche Regisseur Shimon Dotan de Problem vun den illegale Siidlungen am Westjordanland. Zu Wuert kommen ënnert anerem d’Siidler selwer.

Dee klenge Kino
Wéi koum d'Faarf an de Kino? Wéi entsteet e Soundtrack? Beim Film Festival gëtt ee villsäitege Programm fir Kanner a Jugendlecher gebueden. Niewent dem Filmhandwierk ginn och aktuell Sujeten thematiséiert.

Gespréich mam President vum Filmjury
Zensur interesséiert hien net: De Wang Xiaoshuai presidéiert den internationale Jury beim Filmfestival. Hie schwätzt iwwer den Opschwong vum Kinosmarché a China. An iwwer d'Perspektive fir Lëtzebuerg.

"D'Vollek ass net méi un der Wourecht interesséiert"
D’Gewënnerin vum Literatur-Nobelpräis 2015 Svetlana Alexievitch war de leschte Weekend am Land fir d’Verfilmung vun hirem Tschernobyl-Buch “La Supplication” vum Pol Cruchten mat ze presentéieren.

Eldorado - zwëschent Realitéit a Fiktioun
D'portugisesch Immigratioun kritt elo hir Plaz am Kino. "Eldorado" weist ënnerschiddlech Geschichte vu Mënschen, déi zu Lëtzebuerg hiert Gléck sichen. Den Documentaire evitéiert dobäi all Klischeeë.

Avis aux cinéphiles!
Dësen Donneschdeg leeft déi sechst Editioun vum Luxembourg City Film Festival un. De Programmkoordinator vum Festival, Alexis Juncosa, erkläert wat um Ecran a ronderëm leeft. A geet och op de Budget vum Festival an.

Tëscht Käschten, Notzen a Nation Branding
D'Joer iwwer dréint sech bei den Organisateuren vum Luxembourg City Filmfestival (25. Februar - 6. Mäerz 2016) alles ëm de Budget. Ëmgedréint huet de Filmfestival och säin Impakt op aner Secteuren.