Zäitgenëssesch Konscht Luxembourg Art Week

Dossier luxartweek.jpg
©Luxembourg Art Week

Déi éischt Foire fir Zäitgenëssesch Konscht zu Lëtzebuerg ass op ee breeden Interesse beim Public gestouss. 19 Galerie aus der Groussregioun hu vum 3. bis den 8. November Wierker vun hiren Artisten ausgestallt. Et gouf Debaten, Visiten a Concerten. Och de Salon vum Cercle Artistique de Luxembourg war un der Foire bedeelegt. D'Konscht-Experte vum radio 100,7 hu Galeristen, Kënschtler a Leit aus dem Mileu begéint, fir eng Bestandsopnam ze maachen.

An dësem Dossier sinn déi wichtegst Bäitrag als Artikelen zesummegefaasst.

Alex Reding, Audrey Bossuyt, Michael Krome,
Luxembourg Art Week

Am Konschtbusiness geet et ëm vill Suen. Awer Kommerz ass net alles. An net alles verkeeft sech. Fir d'Galerien ass et wichteg, eng Balance zwëschent Lukrativitéit an Originalitéit ze fannen. 

Josée Hansen
Konscht zu Lëtzebuerg

Lëtzebuerg steet net genuch hannert sengen Artisten, seet d'Josée Hansen. Zanter 20 Joer suivéiert si als Konschtjournalistin de Milieu vu bannen. An iwwerleet, wéi een et kéint besser maachen.

IMG_6495.jpg
Luxembourg Art Week

D'Luxembourg Art Week ass déi éischt grouss Foire fir zäitgenëssesch Konscht zu Lëtzebuerg. Den Interesse vun de Konschtamateuren an Artisten ass enorm. Ass dee klassesche Vernissage elo 'out'?

IMG_6671.jpg
Luxembourg Art Week

Lëtzebuerg huet eng eenzegaarteg Situatioun um europäesche Konschtmarché. Et zitt ëmmer méi Galeristen heihinner. D'Kënschtler ginn awer éischter an d'Ausland. Dräi Galeristen erkläre firwat.

Christian Mosar Meenung
Luxembourg Art Week

19 Galerie wäerten déi nächst Woch un der éischter Lëtzebuerger “Art Week” deelhuelen. An engems ass an der Victor Hugo Hall um Lampertsbierg och d’Ouverture vum CAL, vum Salon vum Cercle artistique.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Panorama

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

Net verpassen

  • Riicht eraus: Wéi eng Press(ehëllef) fir Lëtzebuerg?

    Riicht eraus

    Am Joer 2020 eng Zeitung erauszebréngen ass net einfach. Déi geschriwwe Press ass wéinst dem Internet an neie Gewunnechte vun de Lieser a Lieserinne mat enger Baisse vun de Verkafszuele a vum Ëmsaz konfrontéiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen