Gratis ëffentlechen Transport
Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 1. Mäerz u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema. Vu 16:00 bis 19:00 Auer ofréiere mir an de Studioe vum radio 100,7 ee speziellen DJ Set mat eisem DJ Mike Spock mat engem Mix aus Afro Beat, Funk, Soul, Psych- a Garage-Rock. Doriwwer eraus schalte mir reegelméisseg live an den Tramschapp an op d'Freemobilityconcerts.


Eenzeltickete si fir Frontaliere méi deier ginn
Fir verschidde Frontalieren huet de gratis ëffentlechen Transport een negativen Impakt op de Portmonnie. Leit, déi aus noe Grenzgebidder mam Bus schaffe kommen, musse méi deier fir eenzel Tickete bezuelen.

Hoffnung op manner Autosverkéier
Ronn 540 Milliounen Euro wäert den ëffentlechen Transport de Staat an Zukunft pro Joer kaschten. Erhofft gëtt sech, datt an Zukunft manner Leit an den eegenen Auto klammen, sou d'Dany Frank vum Mobilitéitsministère.

Am Irgärtchen
Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. D'Mobilitéit war ëmmer erëm Theema um radio 100,7, ënner anerem an der Serie "Am Irgärtchen" vun 2003 an 2004. E Bléck an d'Archiven.

Wat bréngt Leit dozou, vum Auto op Bus an Zuch ëmzeklammen?
Vun e Samschdeg u soll den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg gratis sinn. D'Gratuitéit ass nëmmen ee Bausteen an der Strategie vum Transportministère, fir déi ëffentlech Verkéiersmëttelen ze fërderen.

Méi mat de Leit schwätzen
De Kollektiv 1329 kritiséiert, datt bei der Adapto-Reform déi Betraffen net genuch mat agebonne ginn. Ideal wier et awer, wann de ganzen ëffentlechen Transport barrièrefräi wier, seet d'Ana Pinto.

Neien RGTR Busreseau: Euphorie oder Enttäuschung bei de Bierger?
D'Reorganisatioun vum nationale Busreseau suergt bei de Bierger fir ënnerschiddlech Reaktiounen. Op enger rezenter Informatiounsversammlung konnt mam Transportministère iwwer d'Verännerunge vum neie Busreseau diskutéiert ginn.

Reorganisatioun vum RGTR Busreseau
Den nationale RGTR-Busreseau gëtt vu Mee un a bis Enn 2021 reorganiséiert. 81 Gemengen a 534 individuell Bierger hunn hiren Avis zu deem Projet agereecht, deen den Transportministère ausgeschafft hat.

CFL-Direkter: "D'Zich waren 2019 méi dacks pénktlech"
D'Zich vun den CFL waren d'lescht Joer méi dacks pénktlech wéi d'Joer virdrun. De Prozentsaz vun den Zich, déi keng Verspéidung haten, wier 2019 vun 89 op 90 Prozent geklommen, esou de Marc Wengler.

Bal all d'CFL-Guicheten am Land maachen zou
Mam Ufank vum gratis ëffentlechen Transport wäerte just nach d'Guicheten an der Stad Lëtzebuerg an zu Esch-Belval op sinn. Wat bréngt dës Verännerung mat sech? D'Rahel Könen huet nogefrot.

Hannover huet de gratis ëffentlechen Transport getest
De leschten 30. November waren déi ëffentlech Transportmëttelen an der Regioun Hannover een Dag gratis. Tëschent 50 a 60 Prozent méi Leit sinn deen Dag mat Bus, S- an U-Bahn gefuer.

D'Nora Back ass nei Presidentin vum OGBL
Um Kongress vun der Gewerkschaft huet den neien Nationalvirstand d'Nora Back mat 97,5 Prozent vun de Stëmme gewielt. Si iwwerhëlt d'Nofolleg vum André Roeltgen.

Wéinst SNCF-Streik: Perturbatiounen um CFL- an SNCF- Reseau
Den Donneschdeg an haut zirkuléiere wéinst dem Streik am Frankräich guer keng Zich vun der SNCF bis op Lëtzebuerg. Fir d'Situatioun am Grenzverkéier e bëssen ze entspanen an hire Betrib z'assuréieren huet d'CFL ëmdisponéiert.

Situatioun vun den Uighuren: Wéi eng Roll spillt d'Belt and Road Initiativ?
Huet d'Belt and Road Iniatiativ fir d'Handelsrouten aus China no Westen d'Situatioun fir d'Uighuren an der Regioun Xijiang verschlëmmert? A wéi eng Roll spillt Lëtzebuerg an deem Kontext?

"Mir sinn net prett fir de gratis ëffentlechen Transport"
Lëtzebuerg wier momentan nach net prett fir de gratis ëffentlechen Transport, seet d'Presidentin vun der Eisebunnergewerkschaft Syprolux. Wéinst de ville Chantiere kéint "de Schoss no hanne lassgoen", sou d'Mylène Bianchi.

Méi propper Bussen
Wann et ëm Klimaschutz a Loftqualitéit geet, sollten ëffentlech Administratioune mam gudde Beispill virgoen. Dofir hätt d'EU gären, datt Bussen, déi am ëffentlechen Transport fueren, ëmmer méi propper ginn.

"Ronn een Drëttel" vun Arrêten net behënnertegerecht
Am Moment si "ronn een Drëttel" vun de Zucharrêten am Land schwéier zougänglech fir Leit mat ageschränkter Mobilitéit. D'CFL seet, datt d'Arrêten an den nächste Joren no an no ugepasst solle ginn.

Wéi eng Zukunft fir d'Mobilitéit an der Stad?
Den 13. Mee gëtt ugefaangen, d'Tramsschinnen tëschent der Paräisser Plaz an der Gare verluecht ze ginn. Den Tram gëtt bei de Leit ëmmer méi beléift, seet de Stater Mobilitéitsschäffe Patrick Goldschmidt.

"E Quantesprong fir d'Eisebunn"
Mam Akaf vun neiem Zuchmaterial an Investissementer an de Reseau vu véier Milliarden Euro misst d'CFL à même sinn, all Joer dräi bis fënnef Prozent méi Leit ze transportéieren, seet de Marc Wengler.

De Präis huet just e klengen Impakt
De gratis ëffentlechen Transport wäert net dozou féieren, datt vill méi Leit op Bus, Zuch an Tram wäerten ëmklammen, seet de Geoffrey Caruso. Et géif éischter op d'Qualitéit vum Service ukommen.

Méi Passagéier fir den ëffentlechen Transport
D'Stater Buergermeeschtesch geet dovun aus, datt d'Zuel vun de Passagéier zouhëlt, wann den ëffentlechen Transport gratis gëtt. D'Gratuitéit géif d'Leit "net kaal loossen", seet d'Lydie Polfer.

vel'OH! bleift payant
Fir de Vëlo-Locatiounssystem vun der Stad Lëtzebuerg muss een och an Zukunft weider bezuelen. D'Tariffer sollen déi selwecht bleiwen, och wa Bus, Tram a Bunn d'nächst Joer gratis solle ginn.

Ee Joer Tram
Den Tram huet an engem Joer bal 4,6 Millioune Passagéier transportéiert. Haut fueren am Duerchschnëtt 23.000 Leit pro Dag mam Tram, seet den André Von der Marck, Generaldirekter vun der Bedreiwergesellschaft Luxtram.

"Fir eis ass wichteg, datt d'Offer stëmmt"
Datt den ëffentlechen Transport gratis gëtt, wier eng sozial Mesure, seet d'Carole Dieschbourg. Fir eng gutt Mobilitéit ze erméigleche missten d'Investitiounen awer weider héich gehale ginn.

Wat steet am Koalitiounsaccord?
DP, déi gréng an LSAP hunn no annerhallwem Mount Verhandlungen ee Regierungsprogramm ënnerschriwwen. Eng éischt Analys vun den 246 Säiten, iwwer déi d'Parteigremien nach mussen ofstëmmen.

"Wat näischt kascht, dat ass och näischt"
D'Eisebunnergewerkschaft kritiséiert d'Iddi vum gratis ëffentlechen Transport. D'Iddi wier net mat engem qualitativ héichwäertegen ëffentlechen Transport an Aklang ze bréngen, seet d'Syprolux-Presidentin Mylène Bianchy.

Virleefege Kompromëss fir gratis ëffentlechen Transport
DP, LSAP an déi gréng hunn e virleefege Kompromëss fonnt fir den ëffentlechen Transport gratis ze maachen. Als Géigepartie soll déi steierlech Kilometerpauschal reduzéiert ginn. D'Zuele sollen awer nach emol duerchrechent ginn.

Positiven Avis vun der UNESCO fir den Tram
D'UNESCO gëtt an engem Avis gréng Luucht fir den Tronçon B vum Tram a schwätzt vun engem "progrès dans la vie urbaine". E Gespréich mam Robert Philippart, Site Manager vun der UNESCO an der Stad Lëtzebuerg.

Wou bleift d'Reform vum Tutellesgesetz?
Info Handicap fuerdert eng séier Reform. An Zukunft misste behënnert Persounen ënner Tutelle och politesch an zivil Rechter kréien. D'Reform vum Tutellesgsetz war scho fir 2017 ugekënnegt ginn.

Ëffentlechen Transport: Gratis oder ouni Ticket!
KPL a Piratepartei sinn allebéid fir d'Gratuitéit vum ëffentlechen Transport, d'Pirate schwätze léiwer vun "ticket-los" wéi vu gratis, well de Service net gratis ass, mee vun der Allgemengheet bezuelt gëtt.

MoDu 2.0: Bierger, Gemengen an Entreprisë responsabiliséieren
"Mobilitéit zesummen erreechen", ass de Slogan vum Mobilitéitskonzept MoDu 2.0. Bis 2025 soll sech d'Verkéierssituatioun trotz enger Erhéijung vun den Deplacementer ëm 20 Prozent verréngeren.

Problemer bei engem Deel vun der Tramstreck
Tëscht der Rouder Bréck an dem Parking Glacis ass den Tracé vum Tram méi komplex. De Generaldirekter vu Luxtram confirméiert Meldunge vu Medien. Déi zousätzlech Käschte géife vu Luxtram iwwerholl ginn.

Akzeptanz vum ëffentlechen Transport stäerken
Ee vun de groussen Defien am Transport wier d'Zouverlässegkeet, seet de Pierre Mellina. Den TICE-President ënnerstëtzt d'Iddi vum "Superbus", deen Uertschaften ouni vill Arrête verbënnt.

Den Tram, tëscht Fake News a politescher Recuperatioun
No 25 Joer gëtt eng Visioun Realitéit zu Lëtzebuerg. Mä déi politesch Recuperatiounsversich ronderëm dëse Broch an der Mobilitéitspolitik hannerloossen e batteren Nogeschmaach, fënnt den Denis Scuto.

Bewährungsprouf bestanen
No de Feierlechkeeten um Sonndeg haten Tram a Funiculaire hir Bewährungsprouf op engem normale Schaffdag. Luxtram zitt en zefriddene Bilan. D'Passagéier a Richtung Kierchbierg spueren elo vill Zäit.

Den Tram ass do!
Zënter gëschter ass den Tram offiziell a Betrib. Am Mëttelpunkt stoung d'Geschicht an d'Zukunft vum Tram an et gouf Wahlkampf bedriwwen. Mä net alles huet op dësem historeschen Dag geklappt.

"Ee Meilesteen fir d'Mobilitéit"
Den Tram wier kee Selbstzweck, mä een Deel vun engem Gesamtkonzept, esou de Premier bei der Aweiung vum Tram. Bis zu de Riede stong d'Inauguratioun awer ënnert engem éischter schlechten Omen.

Tram an Technik
Vun dësem Sonndeg un transportéiert den Tram Passagéier vun der Luxexpo bis bei d'Rout Bréck. Am neien Transportmëttel stécht vill Technik. Am Tramsschapp gëtt sech dorëms gekëmmert.

"Eng Pärelskette fir d'Stad"
40 Joer nodeems dee leschten Tram gefuer ass, fiert en elo geschwënn nees duerch d'Haaptstad. Wéi ass den Tramsprojet aus urbanistescher a landesplanerescher Perspektiv ze beuerteelen?

En neie Wuesstemsmodell
Lëtzebuerg geet am Verkéierschaos ënner. Fir d'Period 2023-2033 annoncéiert de François Bausch eng nei Mobilitéitsstrategie: De MODU 2.0. D'Land bräicht en anere Wuesstemsmodell.

Den Tram fiert ënner reelle Konditiounen
Zënter en Donneschdeg fiert den Tram ënner reelle Konditiounen um Kierchbierg erop an erof. Zënter Juli waren d'Testfahrten ëmmer nëmmen owes. Elo soll jidderee sech un den Tram gewinnen.

"Lëtzebuerg ass nach ëmmer en Autoland"
Lëtzebuerg huet ee Verkéiersproblem, seet den däitsche Verkéierswëssenschaftler Heiner Monheim. Et misst ee vum Auto ewech kommen. Eng méiglech Léisung gesäit hien an engem Tram-Train.

Vitesselimitatioun op der Autobunn
Ponts et Chaussées analyséiere momentan, ob déi maximal erlaabte Vitesse um Autobunnsreseau während de Spëtzestonne limitéiert soll ginn. D'Zil ass méi Sécherheet a manner Stau.

Impakt op Verkéier tëscht Lëtzebuerg an Tréier
Déi geplangten däitsch Autobunn-Maut kéint en Impakt op d'Tréierer Wirtschaft an de Verkéier tëscht Lëtzebuerg an Tréier hunn, esou eng rezent Etude vun engem Geologie-Student op der Universitéit zu Tréier.

Table-Ronde: Logement a Mobilitéit
Méi bezuelbare Wunnraum an nei Mobilitéitskonzepter sinn néideg: An där Analys si sech d'Gemengepolitiker eens. Bei de Léisungsvirschléi ginn et awer Differenzen tëscht de Parteien.

Co-Working Centren an Télétravail géint de Stau?
Fir d'Mobilitéit vum Land ze verbesseren, sollen d'Aarbechtsplaze méi no bei d'Frontaliere bruecht ginn. Eng Méiglechkeet kéinte sougenannte Co-Working Centre bidden. Ee gëtt elo zu Rodange gebaut.

Wéi gesäit d'Zukunft vun der Elektromobilitéit zu Hesper aus?
Zu Hesper gëtt et zënter 2015 eng Offer fir Elektromobilitéit. D'Zuele vun den Notzer klammen. Mä de Service ass awer net käschtendeckend. De Projet wier net gutt duerchduecht gewiescht, soe Kritiker.

Den Tram rullt
Den Tram huet um Mëttwoch Moie seng éischt Meteren op der Avenue John F Kennedy um Kierchbierg gemaach. Vum 10. Dezember dëst Joer u soll den Tram definitiv a Betrib geholl ginn.

Grenziwwerschreidend Mobilitéit
Covoiturage op der Pannespur an en "Hub" fir den Télétravail. Den LCGB proposéiert Léisunge fir d'Frontalieren an d'Verkéierssituatioun zu Lëtzebuerg z'entlaaschten.

Sonndesried vum Feinsten
D'Regierung huet mat der Ried zur Lag vun der Natioun gewisen, datt se an de leschte Joren dobäigeléiert huet, wéi ee sech gutt verkeeft. Inhaltlech huet d'Koalitioun sech net weider entwéckelt. E Kommentar.

Een Zuch d'Stonn aus Richtung Süden
Den Arrêt Pafendall-Kierchbierg bréngt Erausfuerderunge mat sech. D'Stater Gare muss ausgebaut ginn. Dummeldeng och, fënnt ee beim Syprolux. Ufanks wäerte wéineg Zich aus dem Süden direkt kënnen duerchfueren.

D'Elektromobilitéit a Kanada
A Kanada geet et a Saachen Elektromobilitéit éischter lues virun. Dobäi hätt de Staat vill Potential, mengen Experten. Wéi eng Moossname ginn et schonn? A wéi eng misst een encouragéieren?

"Grouss Divergenze mat Generaldirektioun vu Luxtram"
De President vun der Eisebunnergewerkschaft Landesverband kritiséiert d'Direktioun vu Luxtram: D'Gewerkschaft géing ausgeschloss ginn. D'Direktioun wéilt selwer eng Personaldelegatioun opstellen.

"Rowdie musse bestrooft ginn"
Ze héich Vitess soll mat Prisong bestrooft ginn. Dat fuerdert de President vun der Sécurité Routière, de Paul Hammelmann. Wien ze séier fiert, géif virsätzlech d'Liewe vun anere Mënschen op d'Spill setzen.

Déi éischt Etapp vum Tram
An der Stad verschwanne Beem: Et gëtt Plaz gemaach fir den Tram. Enn 2017 soll déi éischt Linn a Betrib sinn. Den Direkter vu Luxtram erkläert wat bis dohinner geschitt. A wéi et duerno weider geet.

De Präis vum Stau
All Joer kaschten d’Verkéiersproblemer ronderëm Bréissel déi Belsch Economie iwwer eng hallef Milliard. Léisungsvirschléi ginn et scho laang. Wa se net ëmgesat ginn, riskéiert d'Situatioun ze kippen.