Gemengewahlen 2017

Den 8. Oktober kënnen d'Bierger aus de 105 Gemengen am Land hir lokal Vertrieder nei bestëmmen.

Henri Kox trëtt Mandat a Réimecher Gemengerot net un
De grénge Buergermeeschter sortant Henri Kox trëtt säi Mandat am Réimecher Gemengerot net un. Hie wéilt awer weider Initiative mat ënnerstëtzen. Seng Entscheedung hätt och mat der Wahlcampagne ze dinn.

"Ech sinn a bleiwen ee Sozialdemokrat"
Den Escher Schäffen Daniel Codello verléisst seng Partei. Am nei gewielte Gemengerot wëllt hien als "Onofhängege" sëtzen. D'LSAP fuerdert, datt den Daniel Codello d'Mandat un d'Partei soll zréck ginn.

Communautéite méi nobréngen
De José Vaz do Rio ass Éischtgewielten zu Bettenduerf an de Jairo Delgado gouf zu Ettelbréck an de Gemengerot gewielt. Alle béid wëllen hire Migratiounshannergrond notzen, fir d'Zesummeliewen ze fërderen.

"De Wielerwëlle respektéieren"
An der Stad kënnt et wahrscheinlech zu engem Koalitiounswiessel. DP an CSV hunn decidéiert fir Koalitiounsverhandlungen ze féieren. Déi Gréng sinn "iwwerrascht" iwwer dës Decisioun.

Duerchwuessen Analyse vu klenge Parteien
No de Gemengewahle sinn déi kleng Parteie gréisstendeels zefridden, och wa si hir Ziler net an all Gemeng konnten erreechen. Et wier elo un der Zäit, d'Resultater z'analyséieren. Do si sech d'Parteien eens.

Intern Berodungen a Koalitiounsgespréicher
Am Laf vum Méindeg ass mat weidere Koalitiounsaussoen ze rechnen. An e puer Proporzgemengen dierft et spannend ginn. Zum Beispill an der Haaptstad, zu Schëffleng an zu Beetebuerg.

Zwou Koalitiounen an der Stad méiglech
An der Stad Lëtzebuerg kéint et zu engem Koalitiounswiessel kommen. D'CSV gewënnt u Stëmmen a revendiquéiert eng Plaz am Stater Schäfferot. D'LSAP dogéint verléiert zwee Mandater.

Esch: "E Ruck zu méi konservativ"
Zu Esch huet d'CSV d'LSAP als stäerkst Partei iwwerholl. Esch ass e Beispill vun enger allgemenger Tendenz zu méi konservativ, seet déi aktuell LSAP-Buergermeeschtesch Vera Spautz.

"Lénksparteie ginn net gestäerkt aus dëse Wahlen eraus"
D'Sozialiste wieren de klore Verléierer, seet de Claude Haagen. D'Parteipresidente vun der CSV, der DP, der LSAP an déi gréng wëllen awer keng Konklusioune vun de Gemengewahlen op d'Chamberwahlen d'nächst Joer zéien.

Schëffleng: Wie stellt de Buergermeeschter?
Zu Schëffleng waren zwee Bridder Spëtzekandidaten: De Pierrot (CSV) an de Carlo Feiereisen (LSAP). Well de Carlo Feiereisen déi meeschte Stëmme krut, muss säi Brudder op säi Mandat verzichten.

Negativtrend vun LSAP: "Kloen op héchstem Niveau"
Et wier en "nationalen Trend", datt d'CSV vill Lëschtestëmme géif kréien, seet den LSAP-Parteipresident Claude Haagen. D'LSAP huet just nach an dräi Gemengen eng absolut Majoritéit.

Octavie Modert nächst Buergermeeschtesch zu Stadbriedemes
Déi fréier CSV-Ministesch ass zu Stadbriedemes Éischtgewielt ginn. Grouss Changementer géifen et awer net ginn. D'Gemeng wier vum aktuelle Buergermeeschter gutt geréiert ginn, seet d'Octavie Modert.

"Le maire de Mamer"
Zu Mamer hunn d'LSAP an d'CSV direkt nees e Koalitiounsvertrag ënnerschriwwen. Béid Parteie behalen hir Sëtz. De Gilles Roth (CSV) an de Roger Negri (LSAP) wëllen hir Kollaboratioun weiderféieren.

"Ech soen net: Ech si géint d'Ofschafe vun Duebelmandater"
Engersäits wieren d'Buergermeeschtere méi no um Terrain. Dat wier an der Chamber vu Virdeel, mengt den Inneminister Dan Kersch. Mä d'Erfahrung an der Chamber wier och nëtzlech fir d'Aarbecht an de Gemengen.

"Nei Gewielte musse Gemengebeamten nolauschteren"
Fir d'Gemengebeamte huet den Ausgang vun de Wahlen e groussen Afloss op hiren Alldag. Dat seet den Alain Spies vun der Federatioun vun de Gemengebeamten. Gemengepolitiker misste méi Zäit kréien.

"Alles ginn iwwert d'Joren"
D'Buergermeeschtesch vu Fëschbech geet dëst Joer net méi mat an d'Wahlen. Dat gëllt och fir de Schëfflenger Buergermeeschter. Béid nennen ënnerschiddlech Grënn. Zum Beispill méi Zäit fir d'Famill.

Gemengenpolitik: E gudde Start fir an d'Nationalpolitik
D'Gemengepolitik hëlleft, fir e Fouss an d'national Politik ze kréien, soen d'Presidentin vun der CSJ an de Generalsekretär vun de Jonke Sozialisten. Et misst een d'Gemengewahlen awer mat aneren Ae kucken.

CTIE: Déi offiziell Wahlzentral vum Staat
Et ass deen éischten Wahlasaz fir de CTIE. Um offiziellen Internetsite ginn um Wahlsonndeg all d'Resultater zentraliséiert. A Punkto Cybersécherheet wier ee preparéiert, seet den Direkter Gilles Feith.

"Si gehéieren dozou"
Beefort ass eng kleng Gemeng vun 2.700 Awunner. 45 Prozent dovu sinn Auslänner, dorënner ee groussen Deel Portugisen. Och Flüchtlinge liewen zu Beefort. Wéi verleeft d'Zesummeliewen an dëser Gemeng?

"Esch besteet net aus der Sportshal eleng"
Projeten aus dem Koalitiounsaccord wieren net séier genuch ëmgesat ginn, seet de Georges Mischo (CSV). D'LSAP-Buergermeeschtesch Vera Spautz äntwert, d'CSV hätt 95 Prozent vun de Projete matgedroen.

Kënnt de Projet Nordstad elo un d'Rullen?
D'Nordstad besteet aus eenzele Gemengen, déi nëmme begrenzt zesummeschaffen. Mat der Industriezon um Fridhaff entsteet en éischte Projet, bei deem interkommunal Zesummenaarbecht wierklech gelieft gëtt.

Lëtzebuerg: "D'Schéier tëscht Wunnen a Schaffen ass ze vill auserneen"
Zu Lëtzebuerg gi méi séier nei Aarbechtsplaze geschaaft, wéi Wunnenge gebaut, kritiséiert den CSV-Spëtzekandidat Serge Wilmes. Och d'DP-Buergermeeschtesch Lydie Polfer wëll méi Wunnengen an der Stad.

Lëtzebuerg: Kleng Stad, héich Präisser
De Wunnengsmaart an der Lëtzebuerger Haaptstad boomt. Mä net jidderee kann dovu profitéieren. Wie ka sech nach eng Wunneng leeschten? Mécht d'Politik genuch, fir bezuelbare Wunnraum ze schafen?

Déifferdeng: "E knéckege Buergermeeschter"
Zu Déifferdeng hätt déi gréng-rout-schwaarz Koalitioun vill beweegt, seet de grénge Buergermeeschter Roberto Traversini. Vill Versprieche wieren net ëmgesat ginn, bedauert de François Meisch vun der DP.

Ettelbréck: Handlungsbedarf beim Problem vum Trafic
Déi Ettelbrécker CSV fuerdert vun der Regierung séier Pläng fir eng Umgehungsstrooss a Richtung Feelen. Déi Ettelbrécker Gréng wëllen op aner Mesurë setzen, dorënner déi douce Mobilitéit.

Wäisswampech entwéckelt sech rasant
Wäisswampech huet duebel souvill Aarbechtsplazen, wéi Awunner. De Verkéier op der N7 hëlt konstant zou. Et ass eng nei Aktivitéitszon geplangt. D'Liewensqualitéit ass een Haaptthema am Wahlkampf.

"Ee Schlëssel fir méi Kohäsioun"
De S. Allegrezza (Statec) begréisst, datt déi sozio-ekonomesch Situatioun vun de Gemengen elo méi an de Fokus vu Fuerschung a Politik geréit. Déi lokal Inegalitéite schueden der Chancëgläichheet, esou de G. Hempel (AIS).

Table-Ronde: Logement a Mobilitéit
Méi bezuelbare Wunnraum an nei Mobilitéitskonzepter sinn néideg: An där Analys si sech d'Gemengepolitiker eens. Bei de Léisungsvirschléi ginn et awer Differenzen tëscht de Parteien.

Neie Contournement fir Dikrech?
Zu Dikrech soll ee Contournement ëm d'Stad entstoen, mengt den LSAP-Buergermeeschter Claude Haagen. Den CSV-Gemengeconseiller Paul Bonert wëll sengersäits d'Zuchstreck duerch ee moderne Busservice ersetzen.

Eng nei Schwämm fir Iechternach
Eng Schwämm bedeit fir eng Gemeng e grousse finanziellen Asaz. Meeschtens ass déi eenzeg Méiglechkeet eng Kooperatioun anzegoen. Zesumme mat der Südeifel soll zu Iechternach eng nei Schwämm entstoen.

"Eng ongesond Elengherrschaft zu Diddeleng"
Am Face-à-face mam LSAP Buergermeeschter Dan Biancalana huet d'CSV-Spëtzekandidatin Michèle Kayser-Wengler der Majoritéit virgehäit, d'Oppositioun net eescht ze huelen.

Table-Ronde: Finanzen an Integratioun a klenge Gemengen
Mat der Reform vun de Gemengefinanze ginn et Gewënner a Verléierer. Wat bedeit dat fir déi politesch Prioritéiten an de Gemengen? Wat gëtt fir d'Integratioun an d'Participatioun vun Auslänner gemaach?

De Wahlkampf vun deene Klengen
D'Parteie sinn am Gemengewahlkampf net alleguer gläich. Souguer ënnert "klenge Parteie" ginn et grouss Ënnerscheeder. Wéi eng Contrainten hunn d'KPL, d'Piratepartei, Déi Lénk an d'ADR?

Beetebuerg: CSV an LSAP schléisse Koalitioun mat ADR aus
Eng Koalitioun mat der ADR keim fir si net a Fro, sou d'Spëtzekandidaten vun CSV an LSAP zu Beetebuerg. All déi aner Koalitiounsoptiounen halen de Laurent Zeimet an de Guy Frantzen sech awer op.

KPL a Piratepartei vun Table Ronden ecartéiert
Nei Critèrë schléisse kleng Parteie vun den offiziellen Table rondë virun de Gemengewahlen aus. Concernéiert sinn d'KPL an d'Piratepartei. Sinn dat willkürlech a souguer antidemokratesch Moossnamen?

Wéi vill Flüchtlinge ka Mamer ophuelen?
De Mamer Buergermeeschter Gilles Roth wëllt 50 Flüchtlingen a senger Uertschaft ophuelen. D'Gemeng kéint méi Leit empfänken, seet Adèle Schaaf-Haas vun déi Gréng. Si deelt awer déi generell Approche.

Walfer: Parkhaus hëlleft net géint Verkéiersproblem
De Verkéiersproblem zu Walfer ass duerch d'Nordstrooss schonn e gutt Stéck reduzéiert ginn. De Réckbau vun der N7, d'Bautepolitik an d'Wunne fir déi Jonk sinn d'Theme bei der DP Buergermeeschtesch a beim LSAP Schäffe vu Walfer.

Réiden: "Kee Bäcker méi am Duerf"
An der Gemeng Réiden ass d'Populatioun mam Bau vu neie Wunnengen nees geklommen, seet den éischte Schäffen Tom Faber. D'Conseillère Monique Kuffer bedauert, datt e puer Geschäfter eidel stinn.

"Dat Duerf, dat bougéiert"
Koler wëll net just en Duerf sinn, duerch dat ee fiert fir vu Garnech op Klengbetten ze kommen. Dofir entstinn hei Konscht a Kultur duerch d'Initiativ vu sengen engagéierte Bierger.

Gréiwemaacher: Fliedermais verhënnere Wunnengsbau
Wéinst de Fliedermais ginn zu Gréiwemaacher net genuch Wunnenge fir déi Jonk gebaut. Doriwwer si sech den CSV-Buergermeeschter Léon Gloden an den DP-Gemengeconseiller René Sertznig eens.

Léon Gloden: "Ech gi keng Genehmegung" fir Ausbau vun Tanklager
"Esou laang ech Buergermeeschter vu Gréiwemaacher sinn, gëtt et fir dee geplangten Ausbau vum Tanklager zu Mäertert keng Autorisatioun", seet de Léon Gloden (CSV). D'Decisioun fält eréischt no de Gemengewahlen.

Wéi gesäit d'Zukunft vun der Elektromobilitéit zu Hesper aus?
Zu Hesper gëtt et zënter 2015 eng Offer fir Elektromobilitéit. D'Zuele vun den Notzer klammen. Mä de Service ass awer net käschtendeckend. De Projet wier net gutt duerchduecht gewiescht, soe Kritiker.

Wolz - eng Gemeng mat Wuesstemspotential
Den LSAP-Buergermeeschter Frank Arndt an den Henri Roemer (DP) si sech eens, datt Wolz wirtschaftlecht a soziaalt Potential huet. Kee Konsens hu si iwwert d'Vitesse, mat där sech Wolz entwéckele soll.

Kritik un der Auslagerung vum Tanklager
Bei den Diskussiounen iwwert deen ëmstriddenen Ausbau vum Tanklager zu Mäertert un der Musel géif d'Lëtzebuerger Regierung weider net op d'Awänn vun deene betraffene Gemenge lauschteren.

Gëtt bei enger Fusioun déi kleng Gemeng vun der grousser "geschléckt"?
Vum éischte Januar u fusionéiert Simmer mat der Gemeng Habscht. Dat bedeit eng speziell Situatioun um politesche Plang. D'Bierger stelle sech hirersäits Froen iwwert hir Identitéit an hir Interessien.

Firwat stoung d'Petite Marquise esou laang eidel?
Virun e puer Méint huet d'Gemeng de fréieren Hotel kaf. Zënter 20 Joer ass näischt méi un der Petite Marquise gemaach ginn. Grond dofir waren ënner anerem e Baustopp a Sträit tëscht de Proprietairen.

"Gepléischters a Gedokters"
Zu Jonglënster ginn et net genuch Schoul- a Betreiungsstrukture fir Kanner a Jonker, kritiséiert déi gréng Oppositioun. Den CSV-Buergermeeschter verweist op d'Efforten, déi scho gemaach goufen.

Staatlech Dotatioun u Gemenge gëtt méi gerecht verdeelt
D'Reform vun de Gemengefinanzen hätt elo schonn hiert Haaptzil erreecht, seet den Inneminister Dan Kersch. Virun allem Gemengen, déi méi mat soziale Problemer ze kämpfe hunn, géinge méi Suen kréien.

"Mir hunn de Problem erkannt"
Hesper huet kaum abordabel Wunnengen a gëtt eng "Gemeng fir déi Räich", kritiséiert de grénge Gemengeconseiller Roland Tex. D'Politik hätt elo reagéiert, äntwert den CSV-Buergermeeschter Marc Lies.

Kiosk oder Kulturhaus?
De Kiosk op der Place Grande-Duchesse Charlotte zu Schëffleng soll Plaz maache fir e Kulturhaus. Lues a lues konkretiséiere sech d'Pläng. Mä d'Meenunge vun de Bierger an de Responsabele ginn ausernaner.

Wéi ass d'Bréifwahl zu Lëtzebuerg gereegelt?
Den 8. Oktober sinn zu Lëtzebuerg d'Gemengewahlen. Net all d'Wieler kënnen, duerch professionell oder perséinlech Grënn, deen Dag an de Wahlbüro goen. Wien dierf duerch d'Bréifwahl seng Stëmm ofginn?

Leeft Esch de soziale Problemer hannendrun?
Héchste Chômagetaux, zweet-héchste Prozentsaz un RMG-Emfänger: Esch/Uelzecht ass eng Gemeng mat ville sozial schwaachen Awunner. Sozialpolitesch bitt Esch awer relativ vill un. Bleift nach Sputt no uewen?

"Et ass Asbest fonnt ginn"
Am Fréijoer huet d'Iechternacher Gemeng d'Petite Marquise kaf. D'Gebai stoung méi wei 20 Joer eidel a soll ofgerappt ginn. De geplangten Datum vu September kann awer net agehale ginn.

"Mir maachen zu Sëll keng Parteipolitik"
Déi klengste Gemeng am Land wëll och an noer Zukunft net fusionéieren. Et hätt ee wéineg finanziell Ressourcen an et wier een op staatlech Hëllef ugewisen, seet de Buergermeeschter vu Sëll.

D'PID geet net mat an d'Gemengewahlen
D'Partei hätt net genuch Kandidate fonnt, "déi capabel sinn, fir Politik ze maachen", sou den neie PID-President Serge Jochheim. Bei de Chamberwahle wëllt d'Partei fir Integral Demokratie awer untrieden.

Wéivill Portugise wëlle wiele goen?
Portugise solle sech fir d'Gemengewahlen am Oktober aschreiwen. Dofir hat de portugisesche President Marcelo Rebelo de Sousa sech bei senger Visite zu Lëtzebuerg agesat. Ass dee Message ukomm?

"Parteikaart an d'Täsch!"
D'Thema Mobilitéit dierft a ville Gemengen e Sträitpunkt tëscht de Parteien virun de Gemengewahle ginn. Zu Käerjeng ass ee sech parteiiwwergräifend eens, datt ee Contournement kéint hëllefen.

"Et geet net drëm just Lëschten ze fëllen"
Et ass net schwéier eng Lëscht ze fëllen, soen Vertrieder vun de Parteien. Mä et wier méi schwéier eng gutt an ausgeglache Lëscht zesummenzesetzen. Den Haaptgrond dobäi wier d'Zäit.

Lëschten a sechs Gemengen
D'Piratepartei wëllt den 8. Oktober a sechs Proporzgemenge Kandidatelëschten opstellen. D'Minimalzil wier d'Resultat vun de leschte Wahlen, seet de Parteipresident Sven Clement.

Keng Fake News virun de Gemengewahlen?
D'Parteien déi d'Ofkommes iwwert Fake News an den Opruff zum Haass am Virfeld vun de Gemengewahlen ënnerschriwwen hunn, reagéieren op d'Kritik vun der ADR.

Oniwwerbréckbar Meenungsdifferenzen
D'Myriam Ceccheti ass net méi op der Lëscht vun deene Gréngen fir d'Gemengewahlen zu Suessem. D'Meenungsdifferenze mat der lokaler Sektioun wieren ze grouss, seet de President vun déi Gréng vu Suessem.

"D fir Diktatur"
Den Ausschloss vum Joé Thein hätt näischt mat den Ambitioune vun der Partei bei de Chamberwahlen 2018 ze dinn, seet den ADR-President Jean Schoos. De Joé Thein schwätzt vun engem interne Muechtkampf.

Tëscht Kënnen an Dierfen
Buergermeeschtere kënne vill bewegen - wa se d'Initiativ ergräifen an d'Regierung hinne kee Stréch duerch d'Rechnung mécht. Och beim Ëmgank mat potentiellen Abuse hu si een Ermiessensspillraum.

"Kandidatur wier de Wieler belunn"
D’CSV-Europadeputéiert Viviane Reding confirméiert, datt si net mat an d’Gemengewahle geet. Als Europadeputéiert wier et onméiglech, gläichzäiteg eng gewëssenhaft Aarbecht an engem Gemengerot ze maachen.

Logement méi wichteg wéi d'Burka
Déi chrëschtlech-sozial Gemengeréit fuerdere Quote fir de soziale Wunnengsbau an de Gemengen. De CSG-President Claude Clemes hält "massiv" ëffentlech Ënnerstëtzung am Logement fir néideg.

"Jidderee muss hëllefen"
Den CSV-President Marc Spautz hat all d'CSV-Mandatairen opgeruff, fir bei de Gemengewahlen ze kandidéieren. D’Europadeputéiert an eng Rei Chamber-Deputéiert kommen dem Opruff net no.

Net vill auslännesch Wieler fir d'Gemengewahlen ageschriwwen
Auslänner déi zanter fënnef Joer zu Lëtzebuerg wunnen, däerfe bei de Gemengewahle wiele goen. Aktuell sinn nëmme 16,5 Prozent ageschriwwen. E Gespréich mam Julien Gannard a Sylvain Besch.

Image-Schued
Den LSAP-Member Sammy Wagner kritiséiert d'LSAP-Campagne "Madame on Tour". D'Symbol vun der Campagne ass eng rosa Posch. Géint esou Stereotyppen hätten sech vill Fraen intern jorelaang gewiert.

Keng sécher Acquisen
An engem internationale Ranking iwwer d’Gläichstellung tëscht Männer a Fraen ass Lëtzebuerg zwou Plazen no hanne gerëscht. Dat iwwerrascht d’Presidentin vum nationale Fraerot Janine Reuland.

"40%-Fraequot scho fir d'Gemengewalen"
D'Cátia Gonçalves, Presidentin vun de Femme socialistes, wëll eng obligatoresch Fraequot och scho fir d'Gemengewahlen 2017. An eng individualiséiert Besteierung, mee net wéi d'Regierung se proposéiert.