Franséisch Presidentiellen 2017
De liberalen Emmanuel Macron (En marche) an d'Marine Le Pen vum rietsextreme Front National hu sech den 23. Abrëll am éischten Tour vun de franséische Presidentschaftswahle qualifizéiert. Am Ganze waren eelef Kandidaten am Rennen. D'Resultat war knapp, an déi éischter Kéier ass an der fënnefter Republik kee Kandidat vun de grousse Parteien am zweeten Tour:
- Emmanuel Macron (En Marche): 23,86 %
- Marine Le Pen (Front National): 21,43 %
- François Fillon (Les Républicains): 19,94 %
- Jean-Luc Mélenchon (France Insoumise): 19,62 %
- Benoît Hamon (Parti Socialiste): 6,35 %
Déi aner fënnef Kandidate krute manner wéi fënnef Prozent vun de Stëmmen.
Am zweeten Tour, de 7. Mee, sti sech mam Emmanuel Macron a mat der Marine Le Pen zwee ganz ënnerschiddlech Kandidaten an enger Stéchwahl géigeniwwer.
De radio 100,7 bericht iwwer d'Enjeuë vun dëse Wahlen.


Méi Bedeelegung vun der Zivilgesellschaft an der Politik
De Pieyre-Alexandre Anglade huet 30 Joer a war bis viru kuerzem nach ni aktive Member an enger Partei, bis datt de franséische President Emmanuel Macron "La République En Marche" gegrënnt huet.

Emmanuel Macron, e Gewënner ouni Partei
Eng Analys vum Walresultat vun de franséische Presidentewahle mam franséische Journalist an Direkter vum Bréisseler Büro vu Radio France Quentin Dickinson.

"Faut vraiment vous faire un dessin?"
"Jo, leider!", äntwert d'Anne Heniqui op d'Fro, déi op der Titelsäit vun der franséischer Satire Zeitung Charlie Hebdo steet. Alles wier besser, wéi eng Presidentin vum rietsradikale Front National.

"Arrêtez, tous les deux!"
Vill Duercherneen a wéineg detailléiert Proposen. Macron a Le Pen attackéiere sech beim Debat d'entre-deux-tours hefteg. De Kandidat vun En Marche! kennt besser ewech. Eng Analys vum Debat.

"D'Heemecht oder de Patron?" - Portrait vun engem Duerf
Zu Mairy-Mainville sinn de Jean-Luc Mélenchon an d'Marine Le Pen am éischten Tour vun de franséische Presidentiellen am Beschte gewielt ginn. Un een ekonomeschen Opschwong gleeft am Duerf kaum nach een.

De franséischen Dilemma
De 7. Mee gëtt am Frankräich fir den zweeten Tour vun de Presidentielle gewielt. Vill franséisch Wieler sinn elo an engem Dilemma. Wéi laang hält hir Gedold nach un, freet de Bill Wirtz am Fräie Mikro.

Sich no Majoritéit an zersplitterter Parteielandschaft
Den Emmanuel Macron wäert Schwieregkeete kréien, fir eng stabel Majoritéit zesummen ze kréie bei de Legislativwahlen am Juni. Dat soen d'Journaliste Jacques Hillion a Gaston Carré.

D'Stëmmung bei franséische Parteien zu Lëtzebuerg
Och zu Lëtzebuerg hu sech déi lokal Sektioune vun de politesche Parteie mobiliséiert. D'Sympathisante vun En Marche sinn zefridden. Bei de Sozialisten ass d'Enttäuschung grouss. Ee Stëmmungsbild.

Macron a Le Pen am zweeten Tour
97 Prozent vun de Stëmme sinn ausgezielt: Den Emmanuel Macron (En Marche) kënnt op 23,86 Prozent vun de Stëmmen. d'Marine Len Pen (Front National) op 21,43 Prozent.

RTBF: Macron läit an de Sondagë vir
Nach ier d'Wahlbüroe schléissen, mellt d'RTBF, datt de Kandidat vun "En Marche" op 24 Prozent vun de Stëmme kéim. Marine Le Pen, Jean-Luc Mélenchon a François Fillon léichen bei tëscht 18 an 20 Prozent.

Bis zum Schluss ondecidéiert
47 Millioune Fransouse kënnen tëscht eelef Kandidate wielen. Seele war een éischten Tour vun de Presidentiellen esou onprevisibel. Nach op de Wahlbüroe sinn ondecidéiert Wieler unzetreffen.

"Et ass net erlaabt, net ze zeechnen!"
Fir d'Karikaturiste Besse, Samson, Pakman a Willem wier eng Victoire vum Front National bei de Presidentiellen eng Katastroph. An een Usporn fir déi fräi Meenungsäusserung mat Zeechnungen ze verdeedegen.

Eng Stad - ee Cliché?
Forbach ass nom Enn vun de Kueleminnen an der Lorraine eng Héichbuerg vum Front National ginn. Firwat et dozou komm ass, versicht de Régis Sauder am Dokumentarfilm "Retour à Forbach" z'erklären.

Run op Lëtzebuergesch Liewensversécherungen?
D'Associatioun vun den Assurancëgesellschaften (ACA) mengt net, datt räich Fransousen hiert Kapital virun de Presidentschaftswalen zu Lëtzebuerg a Sécherheet bréngen.

Een Hologramm zu Nancy
Ee Wahlkampfoptrëtt vum Jean-Luc Mélenchon gouf a méi Stied via een dräidimensionale Video iwwerdroen. Seng Sympathisanten zu Nancy sinn optimistesch, datt de lénke Kandidat et an den zweeten Tour packt.

Onkloer Regele fir d'Wahlkampagne zu Lëtzebuerg
Virum éischten Tour vun de franséische Presidentiellen gëtt och zu Lëtzebuerg Campagne gemaach, fir déi 45.000 Fransousen hei am Land z'iwwerzeegen. D'Regelen dofir wieren awer onkloer.

D'Hoffnung stierft als lescht
D'Supporter vum François Fillon, dee jo Problemer mat der Justiz huet, si rose mat der Press an hu kee Vertrauen an d'Sondagen. Si wëlle weider un eng Victoire vun hirem Kandidat gleewen. Reportage.

Valls ënnerstëtzt Macron - an net Hamon
Vill Sozialisten, dorënner de fréiere Premier Manuel Valls, ënnerstëtzen net hire Kandidat Benoît Hamon bei de franséische Presidentiellen. Eng Auslandschronik vum Gabrielle Taillefert.

Géint de Pluralismus an d'Faiten
Ee Mount virum éischte Wahltour steet d'Campagne vum konservative Kandidat François Fillon weider am Schied vun enger Justiz-Enquête. Hie reagéiert mat enger populistescher Géigenattack.

Den europäesche Kandidat
E "Jo zu Europa" war de Message vum Benoît Hamon op engem Wahlowend zu Bréissel. Mat sengem Optrëtt wollt de sozialistesche Kandidat besonnesch jonk a pro-europäesch Wieler uschwätzen.

Hoffnung a Roserei
D'Marine Le Pen war den 18. Mäerz fir ee Wahlkampfoptrëtt zu Metz. Hir Sympathisante gesinn d'Presidentschaftskandidatin vum rietsextreme Front National als Alternativ zu den etabléierte Parteien.