Literatur Frankfurter Buchmesse 2016

Dossier Frankfurter Buchmesse
Foto: Frankfurter Buchmesse / Alexander Heimann

Vum 19. bis 23. Oktober dréit sech zu Frankfurt erëm alles ëm d'Literatur an all senge Formen. Et ass d'Zäit vun der Frankfurter Buchmesse. De radio 100,7 ass op der Plaz.

Paul Verhaeghe
Paul Verhaeghe

Wou kënnt eis Identitéit hir? Wéi ee Stellewäert huet Autoritéit a Muecht an der Gesellschaft vum 21. Joerhonnert? Domat beschäftegt sech de flämesche Psycholog a Psychanalytiker Paul Verhaeghe.

Jürgen Boos a Gaby Wood
Literaturpräis

​Ronn 58.000 Euro kritt de Paul Beatty, de Gewënner vum Man Booker Prize 2016 – a säi Buch "The Sellout" kritt masseg Reklamm. Mee wéi ass de Fonctionnement vun esou engem Literaturpräis?

Dies ist was wir teilen
Frankfurter Buchmesse

Holland a Flanderen waren Éieregaascht op der Buchmesse. Dat och wéinst der gemeinsamer Sproch. Mee Flämesch an Hollännesch sinn net wierklech dat Nämmlecht, mengt d'Autorin Joke van Leeuwen.

Virtuellen Assistent Kommentar
Technologie a Literatur

Eng virtuell Assistentin, déi eis Virléifte kennt an eisen Alldag organiséiert: Den neie Google-Telefon erënnert un ee Science-Fiction-Roman vum Karl Olsberg.

Guy Arendt a Nathalie Bender
Frankfurter Buchmesse 2016

De Kulturstaatssekretär Guy Arendt war mat enger Delegation op der Frankfurter Buchmesse fir sech z'informéieren. Ass d'Lëtzebuerger Literatur an Zukunft nees offiziell zu Frankfurt vertrueden?

Bodo Kirchhoff
Frankfurter Buchmesse 2016

De Bodo Kirchhoff ass de Gewënner vum däitsche Buchpräis 2016 op der Frankfurter Buchmesse. Hie krut dës Auszeechnung fir seng Novelle "Widerfahrnis". Ee Gespréich mam däitschen Auteur.

Holland a Flanderen @ Frankfurter Buchmesse
Frankfurter Buchmesse 2016

Flanderen an Holland deele sech d'Mier, en Horizont, eng Sprooch a villes méi. Mam Motto "Dies ist was wir teilen" si si Éiregaascht op der Frankfurter Buchmesse. Wat hu si literaresch ze bidden?

Net verpassen

  • 17.10. De Gudden Toun

    De Gudden Toun.jpg

    Wann d'Deeg méi kal, gro a kuerz ginn, stécht deen een oder anere vläicht de Kapp nees méi an déi sozial Medien. An der Oktober Editioun schwätzen de Roland Meyer, Ian De Toffoli, Raoul Biltgen, Jeff Schinker an d'Anne Klein.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Am Nomëtteg vun 3 bis 6

  • Panorama

  • Tockcity

  • The Benny Brown Show

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen