Exodus Flüchtlingen

2015 si bal 800.000 Mënschen iwwer d'Mëttelmier an Europa geflücht, gréisstendeels wéinst dem Biergerkrich a Syrien. Vill Männer, Fraen a Kanner si bei der geféierlecher Rees ëm d'Liewe komm. D'Schicksal, den Accueil an d'Integratioun vun de Refugiéen sinn ee vun de schwieregsten Defie fir d'europäesch Unioun a fir Lëtzebuerg.
Och fënnef Joer méi spéit maache sech nach ëmmer Refugiéen op de geféierleche Wee fir an Europa. An dësem Dossier fannt Dir déi wichtegst d'Reportagë vum 100,7 iwwert d'humanitär Katastroph.

"Griichenland brauch méi Solidaritéit uecher ganz Europa"
Vill Refugiéë kommen op hirer Flucht virum Krich als éischt a Griichenland un. D'Situatioun ass keng einfach, wéi de Porte-parole vum UN-Flüchtlingswierk, de Boris Cheshirkov, am 100,7-Interview erzielt.

Wat bleift no fënnef Joer europäescher Flüchtlingspolitik?
Déi éischt grouss Flüchtlingswell ass mëttlerweil fënnef Joer hier. An awer gëtt et nach kee funktionéierende Verdeelungsmechanismus fir verschidde Länner ze entlaaschten, fënnt d'Lara Bousch.

"D'Situatioun gëtt ëmmer méi eescht"
Déi griichesch Regierung huet an de leschte fënnef Méint ëmmer méi Decisioune geholl, déi et demandeurs d'asile an Hëllefsorganisatiounen ëmmer méi schwéier maachen.

"Si kënnen nëmmen hei bleiwen"
E puer Dose Flüchtlingen aus dem Irak organiséieren zanter véier Wochen e Sëtzstreik an der Stad. Si appelléieren un den Ausseminister. Den Irak wier kee séchert Land, an dat si zeréck kéinte goen.

"D'Quintessenz vun der Basisiddi vun der Europäescher Unioun"
Den Europäesche Geriichtshaff huet de Recours vun Ungarn an der Slowakei géint den Ëmverdeelungsmechanismus ofgelehnt. Ee wichtegt Uerteel, seet de Jean Asselborn. Hie kritiséiert Ungarn schaarf.

Mannerjäreg Flüchtlingen a Griicheland
2.200 onbegleeten, mannerjäreg Flüchtlinge ginn et a Griicheland. Nëmmen all Zweeten huet eng Plaz an engem Heem. Déi aner sinn op sech gestallt, a riskéiere sexuell exploitéiert ze ginn.

Luxexpo: Just nach Migranten, déi Lëtzebuerg verloossen
An de Foires-Halen um Kierchbierg sollen an Zukunft just Migranten ënnerbruecht ginn, déi d'Land nees musse verloossen. Dat huet d'Regierung, 100,7-Informatiounen no, eestëmmeg decidéiert.

D'Grenze vun de Capacitéiten
All Mount komme bis zu 200 Flüchtlingen zu Lëtzebuerg un. Aktuell sinn 3.300 Persounen a Flüchtlingsstrukturen ënnerbruecht. "Mir stoussen un d'Grenze vun eise Capacitéiten", sou den Yves Piron vum OLAI.

Humanitär Hëllef am Kräizfeier
A Syrien gëtt géint humanitäert Recht verstouss, seet den Direkter vu CARE-Lëtzebuerg. Dem Frédéric Haupert no géif de syresche Regime dat méi systematesch an aggressiv bedreiwe wéi d'Oppositioun.

Zeréck an de Kosovo
Leit aus dem Kosovo, déi Asyl zu Lëtzebuerg ufroen, gëllen als ekonomesch Migranten. Si hu kee Recht zu Lëtzebuerg ze bleiwen. Wat erwaart dës Mënschen, déi an de Kosovo zeréck ginn?

Getrennt duerch eng Mauer an de Käpp?
Viruerteeler vermëttelen a Westeuropa ee falscht Bild iwwer osteuropäesch Gesellschaften, soen de Fotograf Patrick Galbats grad ewéi de Radek Lipka an de Sébastien Louis vum Filmfestival CinEast.

"Et feelt u kompetentem Betreiungspersonal"
Den Encadrement vun de Flüchtlinge wier méi wichteg wéi den Zoustand vun den Infrastrukturen, seet d'Ombudsfra Lydie Err. Déi forcéiert Inaktivitéit wier ee grousse Problem fir déi Betraffen.

"Net hannert all Flüchtling stécht een Terrorist"
"Mir gesinn, datt et am Syrien-Konflikt keng Léisung gëtt", esou de Xavier Bettel. No fënnef Deeg UNO-Generalversammlung zu New York ass dem Lëtzebuerger Premier seng Konklusioun net positiv.

"Léiwer flüchten, ewéi un Honger ze stierwen"
Zanter e puer Joer komme sou vill Migranten ewéi nach ni an Europa, dorënner och "Wirtschaftsflüchtlingen" aus Afrika. D'Liberaliséierungspolitik wier Schold un hirer Situatioun, kritiséieren Experten.

Gemeng Stengefort steet zu hirem Engagement
D'Verwaltunggeriicht huet dat geplangtent Containerduerf fir Flüchtlingen zu Stengefort gestoppt. Mee d'Gemeng ass weider bereet, 300 Flüchtlingen ënnerzebréngen, sou de Buergermeeschter Jean-Marie Wirth.

Containerduerf "op illegale Féiss"
D'Verwaltungsgeriicht huet Awunner vu Stengefort Recht ginn. Si hate géint d'Autorisatioun fir eng Struktur fir Flüchtlinge geklot. De François Bausch hat décidéiert, keng Ëmweltetude duerchzeféieren.

"Appell u privat Wunnengsbesëtzer kee grousse Succès"
Trotz guddem Wëlle géif et u Wunnengen a Sproochecourse feelen, fir Mënsche mam Flüchtlingsstatut z'integréieren, seet d'Catia Santi, Assistante sociale beim neie Service LISKO vum Roude Kräiz.

Méi wéi just e Flüchtlingsprojet
Am Kader vun engem Workshop hu Flüchtlingen eng Woch laang gedanzt, Musek gemaach an e Bühnebild krééiert. De Projet "Nobody Told Me" ass awer méi, wéi nëmmen eng reng Beschäftegung fir Refugiéen.

Manner Flüchtlingen a kaum Touristen
Duerch den Tierkei-EU-Accord komme vill manner Flüchtlingen op Lesbos. Den Tourismus kënnt awer net op Touren. D'Reservatioune si 60 Prozent zeréck gaangen. Vill Mënsche fäerten ëm hir Existenz.

Méi Doudesaffer am Mëttelmier wéi d'lescht Joer
Et komme manner Flüchtlingen an Europa un. Trotzdem ass d'Zuel vun den Doudesaffer am Mëttelmier par Rapport zu 2015 geklomm. Iwwer 3.000 Flüchtlinge sinn zanter Ufank vum Joer gestuerwen.

Migratioun als Nation Branding?
Zanter 2005 sinn iwwer 200.000 Leit op Lëtzebuerg komm. Ronn 110.000 Mënschen hunn d'Land verlooss. Wat mécht Lëtzebuerg esou attraktiv? Eng Äntwert dorop gëtt et vum Economist Vincent Hein.

Refugiéen op der Sich no enger Wunneng
Flüchtlinge mam Statut hunn déi selwecht Rechter a Flichten, wéi all déi aner Residenten zu Lëtzebuerg. An domat kréie si och déi selwecht Problemer. Een dovun heescht "Wunnengsmaart".

Keng passiv Refugiéen, mee aktiv Kënschtler
Dräi Kënschtler, dräi Stiler, dräi Länner. D'Kulturhaus vun Nidderaanwen weist Wierker vun Artisten aus Syrien, dem Iran an dem Irak: "L'art, un langage universel".

Realismus an Idealismus
D'Äntwert op déi global Problemer kennen nëmmen duerch Zesummenaarbecht an Europa geléist ginn. De Ben Fayot (LSAP) an de Pierre Lorang (CSV) sinn sech awer bewosst, datt dat net einfach gëtt.

Politesch Konzepter feelen
Nieft dem Accueil muss nach méi fir d’Integratioun vu Flüchtlinge gemaach ginn. Der Presidentin vun der Auslännerorganisatioun Laura Zuccoli no feelt et u politesche Konzepter.

"Fir d’éischt Flüchtlingen invitéieren, déi finanziell op eegene Féiss stinn"
Refugiéë wieren eng Chance fir de Wirtschafts- a Sozialsystem, sou de Laurent Heisten vun “Déi Liberal”. D’Roll vum Staat misst sech beim Accueil allerdéngs op ee Minimum begrenzen.

Ëmgank mat frieme Kulturen
Wéi gi mir mat Leit aus frieme Kulturen, mat anere Reliounen ëm? Wei ginn d’Ängschte bei de Bierger mat dësen Themen gestäerkt? Mat dëse Froe beschäftegt d'Laura Zuccoli sech am Fräie Mikro.

Libyen, fënnef Joer nom Gaddafi
Libyen stécht haut an enger politscher Kris, et ginn dräi Regierungen. Dobäi kënnt, datt d'Flüchtlingskris an den IS d'Land op d'Prouf stellen. D'Situatioun schéngt sech ëmmer méi zouzespëtzen.

Schutz fir Mannerjäreger a Réfugiéen ass "réckstänneg"
De President vun der Mënscherechtskommissioun fuerdert dringend Reforme vum Jugendschutzgesetz a vun der nationaler Legislatioun iwwert de Schutz fir Asyldemandeuren.

D'Tierkei ass een Alliéierten
D'Denkfabrik "Europäesch Stabilitéits-Initiativ" ass Initiateur vum EU-Tierkei-Ofkommes. Hiren Direkter Gerald Knaus verdeedegt de Flüchtlings-Accord géint Kritik vu Mënscherechtsorganisatiounen.

Gefaangen a Griicheland
Iwwer 50.000 Mënsche sëtzen a Griicheland fest. D'Liewenskonditioune vun de Flüchtlinge sinn onmënschlech an d'Asylprozedure lues. Wann d'Memberlänner net reagéieren, spëtzt d'Situatioun sech weider zou.

"Et feelt un adequate Wunnengen"
Vun de ronn 3.200 Mënschen, déi zënter dem leschte Summer am Land ënnerbruecht gi sinn, huet an Tëschenzäit bal all Drëtten den Asyl-Statut unerkannt kritt, sou den OLAI-Direkter Yves Piron.

“Et soll méiglechst kee méi an d'EU areesen – ee Skandal”
Den Accord tëschent der Europäescher Unioun an der Tierkei iwwert d’Gestioun vu Flüchtlingen, deen zënter zwou Wochen a Kraaft ass, hält net wat e versprécht, mengt d'Danièle Weber.

Populismus am Dialog bekämpfen
D'Montée vu Populismus an de läschte Joeren, mécht der liberaler Politikerin Colette Flesch grouss Suergen. Fir de Phänomen ze bekämpfen, dierf een awer net "mond-dout" maachen.

"Eng krank Iddi"
De Generalsekretär vun Amnesty International Éisträich Heinz Patzelt kritiséiert déi europäesch Flüchtlingspolitik a besonnesch den Accord mat der Tierkei, deen a sengen Ae wäert scheiteren.

"Vill Redaktiounen interesséiert et manner wann eng Schoul opgeet"
Kämpf um Buedem a Loftattacken hu ganz Deeler vun der syrescher Stad Aleppo zerstéiert. D’Populatioun muss mam Minimum auskommen. De syresche Fotograf Ammar Abd Rabbo dokumentéiert hiert Liewen.

D'Situatioun am Hafe vu Piräus
Am drëttgréisste Mëttelmierhafen no bei der Haaptstad Athen liewen iwwer 5.000 Flüchtlingen. Eis Korrespondentin Alkyone Karamanolis huet sech op der Plaz informéiert.

EU ënnergrueft Recht op Asyl
Mam Accord, deen d'EU-Memberstaten de leschte Freideg mat der Tierkei ofgeschloss hunn, soll déi illegal Migratioun gestoppt ginn. Faktesch gëtt d'Recht op Asyl allgemeng ënnergruewen.

Flüchtlingskris: Defi fir d'Mënscherechter
Fir de Romain Schneider ass déi humanitär Hëllef d'Prioritéit an der Flüchtlingskris. A "Riicht Eraus" huet hien och eng méiglech Verbesserung vum Remboursement vun Zänndokteschkäschten a Brëller ugekënnegt.

Megahertz fir Flüchtlingen
Dëst Joer steet den UNESCO-Welt-Radio-Dag am Zeechen vum "Radio an Noutzäiten". Och fir Flüchtlingen ginn et Radioprogrammer, déi eng séier Informatioun an hirer Sprooch ubidden.

"Migratiounswell net um Enn"
Dem Inneminister no, wier d'Migratiounswell net eriwwer, well a Syrien de Krich nach ëmmer amgaang ass. D'Regierung hätt hei am Land elo siwe Strukturen detektéiert fir Flüchtlingen ënnerzebréngen a se géing weider sichen.

"Et muss ee seng eege Limite kënnen aschätzen"
An engem Foyer fir Asyldemandeuren zu Miersch entwéckelt d'Asti eng Charta fir Benevolen. Wien hëlleft, muss déi legal an emotional Contraintë verstoen.

En EU-Bäitrëtt fir manner Flüchtlingen?
Och nom rezente Sommet bleift d'Ambiguitéit tëscht der EU an der Tierkei bestoen. Den Accord, dee fonnt gouf, ännert dorun näischt. De Bäitrëttsprozess vun der Tierkei schéngt an der Sakgaass ze sinn.

Mëssbrauchrisiko bei mannerjärege Flüchtlingen
Ronn 200.000 mannerjäreg Syrer sinn 2015 an Europa agereest. Virun allem Mineuren déi net begleed sinn, sinn engem méi grousse Risiko vu sexueller Exploitatioun ausgesat, esou d'Associatioun géint de Mëssbrauch vu Kanner.

Éischt Flüchtlingsfamillen zu Ettelbréck ukomm
Zwou Famillen, mat all Kéiers fënnef Persounen, sinn – wéi virgesinn – zu Ettelbréck an der Annexe vum CHNP ukomm. Mëttelfristeg sollen am ganzen 200 Asyldemandeuren zu Ettelbréck ënnerkommen.

Nee zum Containerduerf zu Stengefort
Eng nei Biergerinitiativ vu Stengefort wiert sech géint eng geplangte Containerstruktur fir Flüchtlingen an dreet mat juristesche Konsequenzen. Vun der Politik gi méi Transparenz a méi Dialog gefuerdert.

Nei Réfugiéen hunn nach keen Impakt op de Centre de rétention
Den Direkter vum Retentiounszenter Vincent Sybertz rechent domadder, datt déi meescht nei Asyldemandeuren international Protektioun kréien an den Zenter dowéinst net méi wäert belaascht ginn.

“Elo ginn d’Viktor Orbanen zefriddegestallt”
Am Summer louch den Haapteffort doranner wéi d’Réfugiéen am beschten empfaang, integréiert a gerecht territorial verdeelt ginn. Elo ass den Haapteffort: wéi hale mer se dobaussen?

“D’Leit a Südserbien ware frëndlech mat de Migranten”
Interview mam serbesche Realisateur Želimir Žilnik. Hien interesséiert sech fir d’Schicksal vu Migranten, déi via Serbie probéieren an d’Europäesch Unioun anzereese fir do Asyl unzefroen.
Attacken op Flüchtlingsheemer: organiséiert Neonazien?
Ian Goldin: Immigratioun ass gutt fir d'Wirtschaft

Riicht Eraus: Flüchtlinge wëllkomm?
D'DP-Integratiounsministesch Cahen, den ADR-Deputéierte Kartheiser, de gréngen Europadeputéierten Turmes an den Affekot Wies hunn
Schoulrentrée och fir d’Kanner vu Flüchtlingen
"Kommunikatiouns-Desaster iwwert d’Flüchtlinge verhënneren"

Krisesituatioun op Lesbos
Déi lokal Autoritéite op der griichescher Insel sinn iwwerfuerdert, mee et fehlt och um politesche Wëllen den Accueil vun de Flüchtlinge serieux z’organiséieren. E Reportage vun der Plaz.
Zousätzlech Opfangstrukture fir Flüchtlingen
Flüchtlingen: D'Gemenge mobiliséiere sech
“Flüchtlingen integréieren, Bénévoler encadréieren”

Neie Camp zu Athen
Griicheland huet Problemer fir d'Flüchtlingskris logistesch ze meeschteren. Deen neien Eleonas-Camp weist, wéi politesche Wëllen d'Situatioun ka verbesseren.
Juncker: Propos fir Ëmverdeelung vu Flüchtlingen
Empfang vu Flüchtlingen an der Weilerbaach
"Integratioun vu Flüchtlingen ass eng Chance fir Europa"
50 Flüchtlinge kommen op Lëtzebuerg
“Europäesch Flüchtlingspolitik ass en Echec”

Privat Flüchtlingshëllef an hir Grenzen

Iwwerlaaschte Flüchtlingsaccueil zu Tréier
