STAATSVISITT Dossier: Relatiounen tëscht Portugal a Lëtzebuerg

Bei der Staatsvisitt a Portugal mat ënner anerem véier Minister:inne geet et drëms d'Relatiounen tëscht béide Länner ze verdéiwen. Nieft de wirtschaftleche Beräicher soll och d'Integratioun verstäerkt ginn.

Portugisesche Fändel

Haut ass et den zweeten a leschten Dag vun der Staatsvisitt a Portugal. Eng grouss Lëtzebuerger Delegatioun, mat ënnert anerem véier Minister:innen ass den Ament zu Lissabon.

Bei der Staatsvisitt geet drëms déi enk Relatiounen tëscht béide Länner weider ze verdéiwen, souwuel an de Beräicher vun der Wirtschaft, wéi vun der Integratioun vun de portugisesche Staatsbierger am Grand-Duché.

Déi portugisesch Communautéit zu Lëtzebuerg hätt sech zwar am grousse Ganze gutt integréiert, a verschidde Beräicher wieren awer weider Efforten néideg, mengt d'Familljen- an Integratiounsministesch Corinne Cahen.

Vill portugisesch Kanner hätte beispillsweis Schwieregkeete mat der Zweesproochegkeet an der däitscher Alphabetiséierung an der Schoul.


De Sergio Ferreira an de Mario Lobo waren eis Invitéen am Studio

De Jean Asselborn hätt e komplett falscht Bild vun der portugisescher Emigratioun op Lëtzebuerg, seet de Sergio Ferreira. Den Ausseminister géif Immigrant:innen ënnerstelle just heihin ze komme fir ze profitéieren.

Den ASTI-Direkter Sergio Ferreira reagéiert domat op eng Ausso huet den Aussen- an Immigratiounsminister gëscht am Kader vun der Staatsvisitt a Portugal: Hie sot, vill Portugis:inne géife sech erwaarden, datt hiert Liewe gemaach wier, wann si an de Grand-Duché liewe kéimen.


Ronn 100.000 portugisesch Bierger:inne wunnen hei am Land. Mat wéi enge Virurteeler gi si zu Lëtzebuerg confrontéiert, wat sinn d'Erausfuerderungen, déi se am Alldag musse meeschteren? Wat maache si, datt hir Doleancë gehéiert ginn? Mir hunn eis mat der fréierer Journalistin an Editrice Liliana Miranda ënnerhalen.


De Wirtschaftsminister Franz Fayot (riets) zesumme mam portugisesche Staatssekretär fir d'Kooperatioun. Foto: Wirtschaftsministère

Bei de wirtschaftleche Relatioune mat Portugal gëtt et vill Sputt no uewen, soe souwuel den Ausseminister Jean Asselborn wéi och de Wirtschaftsminister Franz Fayot op der Staatsvisitt a Portugal.


D'Sprooch vun de Maueren

D'Visitt vum Grand-Duc a Portugal huelen zwee Stroossekënschtler zum Ulass, fir e gekräizten, tëschekulturelle Bléck. De Lëtzebuerger Alain Welter an d'Portugisin Mariana Duarte loossen d'Maueren eng universell Sprooch schwätzen. D'Marie-Line Darcy huet béid Kënschtler begéint.


D'Emissioun "E wäite Wee bis op Lëtzebuerg" stellt déi auslännesch Kommunautéite vir, dei hei zu Lëtzebuerg liewen. Lëtzebuerg ass e Land an deem immens vill Auslänner liewen, vill kommen der aus beruflechen oder finanziellen, mä awer och aus politeschen, kulturellen, sozialen oder perséinleche Grënn. Sou huet Lëtzebuerg Matbierger aus Däitschland, Frankräich, Italien a Portugal, oder awer aus Bosnien, Kroatien, Serbien oder Montenegro. Bei all dëse verschiddenen Nationalitéiten sinn d'Motivatiounen fir aus dem eegene Land auszwanderen an op Lëtzebuerg ze kommen natierlech ganz verschidden an individuell. Eis interesseiert et, wéi dee perséinleche Parcours vun all deene Leit ausgesäit, déi op Lëtzebuerg immigréiert sinn.

Hu si e positiven Androck? Wéi gesäit d'lëtzebuerger Vollek dat an wéi hëllt et d'lmmigranten op? Dës Sendung werft e ganze Koup Froen op, déi interessant fir de Lëtzebuerger wei och fir den Auslänner sinn; deenen éischte gëtt et e Recul op hirt eegent Land, deenen zweeten erlaabt et, äänlech Erfahrungen a Geschichten wei hir eege kënnen ze héieren an ze léieren. D'Emissioun riicht sech un all déi Leit, déi een Territoire, mä net onbedingt ee Systeem vu Wäerter, Traditiounen an Iwwerzeegungen deelen. Nieft dësen individuelle Geschichten ginn och déi verschidde Länner virgestallt aus deenen d'lmmigrante kommen, an déi geschichtlech, sozial oder politesch Ursaache vun der Immigratioun duerch faktuell Informatiounen geet et op de Fong. An der éischter Emissioun gëtt déi portugiesesch Kommunautéit hei zu Lëtzebuerg virgestallt. Virwat si si op Lëtzebuerg komm, wéi si si hei zu Lëtzebuerg empfaange ginn? Dës an nach aner Froe stellen d'Pascale Lorang an d'Peggy Kind fir esou zu engem bessere Versteesdemes vun den auslännesche Kommunautéiten hei zu Lëtzebuerg bäizedroen. An Zesummenaarbecht mam Centre des Migrations Diddeléng.

Lauschteren


Ee Land ass wéi eng grouss Famill mat ville verschiddene Memberen a grad wéi d'Famill huet och e Land e kommunikativt Gediechtnes. Souveniren, Erënnerunge vun deenen ëmmer nees geschwat gëtt, si wéi eng gemeinsam Famill oder Landesgeschicht. Sech a Gespréicher z'erënneren ass d'Celebratioun vun dëser Geschicht als Interaktiounsgesellschaft an, esou seet deen däitsche Sozialpsycholog Harald Welzer, d'Confirmatioun vun der sozialer Identitéit als "Wir-Gruppe". Lëtzebuerger oder lëtzebuerger Residenten erzielen am Gespréich mam Françoise Poos hir perséinlech Geschichten, eenzel Beispiller vun de ville verschiddene Facetten vun Identitéiten an Identifikatiounen zu Lëtzebuerg.

Lauschteren

Francisco André, Franz Fayot
Wirtschaftsrelatiounen

Bei de wirtschaftleche Relatioune mat Portugal gëtt et vill Sputt no uewen, seet de Franz Fayot. De Krich an der Ukrain an d'Pandemie hätte gewisen, datt d'Länner an der EU misste méi no zesumme réckelen.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen