Drogepolitik Dossier: Cannabis-Legalisatioun

Laut Gesetz ginn et aktuell dräi Uwendungen, fir déi medezinesche Cannabis zu Lëtzebuerg erlaabt ass: als Mëttel géint chronesch Péng; bei Multipler Skleros a Spasticitéit; a bei Kriibspatienten, als Appetit-Ureeger. Nach am Laf vun dësem Joer soll e legale Kader ausgeschafft ginn, fir e staatlech kontrolléierten Ubau vu Cannabis fir medezinesch Zwecker och bei eis am Land méiglech ze maachen. An dësem Dossier fannt dir all eis Bäiträg an Artikelen iwwer d'Theema.

Eng Cannabisplantatioun a Portugal
An enger Cannabis-Plantatioun a Portugal.
Paulette Lenert
Produktioun a Verkaf vu Cannabis

Et kënnt Schwong an d'Diskussioun ëm eng staatlech kontrolléiert Produktioun an Distributioun fir medezineschem an duerno och rekreative Cannabis. Zil wier et fir nach d'nächst Joer e Projet de loi fir de rekreative Cannabis an der Chamber ze deposéieren.

Cannabis
Drogepolitik

UN-Büro fir Drogen- a Kriminalitéitsbekämpfung ënnersträicht: de Konsum vu Cannabis géif eis Gesondheetssystemer belaaschten. De Carlos Paulos gesäit dat anescht: et géife méi Facteure matspillen.

Cannabis
Chanvre

En Espagne, le parlement a voté une série de recommandations pour réguler la consommation du cannabis à des fins médicales. La prescription se fera exclusivement par des professionnels de la santé.

Paulette Lenert
Drogepolitik zu Lëtzebuerg

D'Gesondheetsministesch huet sech ufangs der Woch déi portugisesch Approche an der Drogepolitik erkläere gelooss - e liberale Modell dee gutt Resultater erreecht. Ass dat e Modell fir Lëtzebuerg?

Eng Cannabisplantatioun a Portugal
Cannabisplantatioun

Cannabis-Ubau ënner staatlecher Kontroll zu Lëtzebuerg? Firwat net, seet d'Gesondheetsministesch bei der Visitt vun enger Produktiounsanlag a Portugal.

Fixerstuff a Portugal
Progressiv Legislatioun

Portugal huet viru 25 Joer ee fortschrëttleche Wee an der Drogepolitik ageschloen, mat impressionnante Resultater. D'Grënn fir dës progressiv Legislatioun leien an der rezenter Geschicht.

Carlos Paulos
Drogepolitik

Der Regierung hir Propos fir véier Cannabis-Planzen doheem dierfen unzebauen, wier e Schrëtt an déi richteg Richtung, seet de Carlos Paulos. Hien ass Responsabel fir d'Initiativ Pipapo, déi Jonker iwwer de Konsum vun Drogen opkläert.

Cannabis
Cannabis Reglementéierung

De "Suchtverband Lëtzebuerg" begréisst prinzipiell, datt d'Regierung den Ubau vu rekreativem Cannabis fir den Eegekonsum wëll erlaben - och wa sech bei der Ëmsetzung nach ganz vill praktesch Froe géife stellen.

Cannabis
Rekreative Cannabis

Et gëtt Retard beim Projet "Cannabis récréatif", huet d'Justizministerin Sam Tanson confirméiert. An enger éischter Phas soll pro "Communauté domestique" d'Ubaue vu véier Cannabis-Planzen erlaabt ginn.

Cannabis Exklusiv
Drogepolitik

100,7-Informatiounen no wëll d'Regierung just den Ubau vu Cannabis-Planze fir de private Konsum an a klenge Quantitéiten erméiglechen. De Verkaf wier - anescht wéi geplangt - weiderhin illegal.

Cannabis Rupture de Stock
Gesellschaft

D'Zil vun der Regierung ass et duerch d'Legaliséierung den Drogemaart an de Grëff ze kréien, grad ewéi d'Qualitéit vum Cannabis ze kontrolléieren. Virop d'CSV ass awer skeptesch, ob sech domat de Schwaarzmaart an de Grëff kréie léisst.

Frank Engel
Proposë vum Frank Engel

Den CSV-President Frank Engel hat eng Ierfschaftssteier an direkter Linn an eng Verméigenssteier fir Privatpersoune gefuerdert. Vertrieder vun de Majoritéitsparteie reagéieren ënnerschiddlech.

Serge Brochu
Drogepolitik

D'Legaliséierung vum Cannabis a Kanada viru knapp annerhallwem Joer hätt net dozou geféiert, datt déi kanadesch Jugend méi Cannabis konsuméiert. Dat seet de Serge Brochu, emeritéierte Professer vun der Schoul fir Kriminologie op der Uni zu Montreal.

Eng Cannabisplanz
Legaliséierung vu Cannabis

D'Informatioune vum radio 100,7 iwwer d'Konzept fir d'Legaliséierung vum Cannabis fir rekreativ Zwecker géife mam momentane Projet zu engem groussen Deel iwwertenee stëmmen, confirméiert d'Paulette Lenert.

Cécile Hemmen
LSAP

D'LSAP-Deputéiert Cécile Hemmen seet, déi geplangte Legalisatioun vum Cannabis géif hir "e bëssen Angscht" maachen. Si betount, si wéilt sech fir d'Preventioun vum Drogemëssbrauch asetzen.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen