Kinosfestival Déi zwieleft Editioun vum LuxFilmFest

LuxFilmFest 2022
Foto: luxfilmfest.lu

Fir dës 12. Editioun vum Festival läit e besonnesche Fokus op de Filmer vun der offizieller Kompetitioun, op neie Lëtzebuerger Produktiounen a Co-Produktiounen, grad ewéi Interviewe mat Cineasten. Filmkriticke bidde mir net nëmmen Samschdes an eiser Emissioun Grousse Kino, mee och vum 7. bis 11. Mäerz an engem deegleche Rendez-vous um 17h15.

Jury vum LuxFilmFest
LuxFilmFest

Op der 12. Editioun vum Luxembourg City Filmfestival gouf dem Italiener Yuri Ancarani seng onkonventionell Doku-Fiktioun ausgezeechent. Beschten Documentaire ass den argentinesche Bäitrag "What will summer bring".

Ascension Luxfilmfest
Luxfilmfest: Blog 3

De massiven Opschwong vun der Wirtschaftsmuecht China, déi bläie Chape vun de mexikaneschen Drogekarteller a Gewaltspiral am Kamerun: Statioune vun enger wäiter Rees um Luxfilmfest.

Reflection Luxfilmfest
LuxFilmFest: Blog 2

Visioune vun der Hell wéi aus engem Alpdram, Flucht duerch d'Fantasie, d'Méiglechkeet fir vergaange Sënnen erëm gutt ze maachen... Weider Andréck vun de Filmer, déi mer um Luxfilmfest gesinn hunn.

COW_photo3 - (c) Cherry Pickers.jpg Luxfilmfest
LuxFilmFest: Blog 1

Op engem Filmfestival sollten d'Filmer am Mëttelpunkt stoen... Déi zwee éischt Documentairen, déi mer gesinn hunn, sinn op hir Manéier traureg. Eng gutt béis Komedie kann do weider hëllefen!

LUXFILMFEST 2022
Kultur

Optakt den Owend vun der 12. Editioun vum Luxembourg City Filmfestival, deen nach bis den 13. Mäerz dauert. Nieft de sëllege Kompetitiounen ass och déi traditionell Sektioun vu Lëtzebuerger Produktiounen a Co-Produktioune vertrueden.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen