Ugrëff vu Russland De Krich an der Ukrain

De 24. Februar 2022 huet Russland d'Ukrain militäresch iwwerfall. Déi westlech Länner hu mat Sanktioune reagéiert, vill Länner wëlle méi Suen an hiert Militär stiechen. Millioune vu Leit sinn aus der Ukrain geflücht, d'Solidaritéit an der EU ass grouss. Mee och wirtschaftlech huet de Krich vill Konsequenzen: d'Energiepräisser ginn erop, d'EU wëllt méi onofhängeg vu russeschem Gas ginn.

Krich an der Ukrain: Kiew ënner Beschoss
Zu Kiew goufe Gebaier bombardéiert. Foto: picture alliance / Photoshot | Yuliia Ovsiannikova / Avalon
De François Bausch an de Xavier Bettel um NATO-Sommet zu Madrid
Nato-Sommet

Unitéit a Solidaritéit, dat behält de Xavier Bettel vum NATO-Sommet zu Madrid zréck. A Krisenzäite wier d'Allianz méi no beienee geréckelt, a Lëtzebuerg géif säin Deel dozou bäidroen.

Dei Wonnerbar VaLibraire_1.jpg
Déi wonnerbar VaLibrairie

D'Autor:innen Ulrike Bail, Jean Portante a Maxime Weber diskutéieren, wéi en Afloss d'Aktualitéit op d'Schreiwen huet. D'Prof. Dr. Jeanne Glesener schwätzt iwwer eng Konferenz zum Sujet Literatur an der Occupatioun.

Ukrainescht Haus
Zesummenhalt

E blo-giele Fändel hänkt op der Nummer 48 an der Rue des Romains zu Stroossen. Aus dem geplangte Jugendhaus gouf eng Plaz, wou ukrainesch Refugiée sech kënne begéinen an austauschen.

Philip Crowther
Ukrain-Krich

De Moie gouf et Rakéitenugrëff op Lwiw, eng Stad no u Polen. Vill Ukrainer sinn op Lwiw geflücht, well se dovun ausginn, datt et do méi roueg ass. Eise Korrespondent Philip Crowther ass op der Plaz.

Raymond Becker
Friddensmarsch op Ouschterméindeg

Zënter 60 Joer ginn et Friddensmärsch fir Ouschteren: bei eis war déi Traditioun viru Joren ageschlof. D'Fuerderunge vun esou engem Ouschtermarsch sinn awer méi aktuell ewéi jee, seet de Raymond Becker vun der Friddensplattform.

Zerstéierung an der ukrainescher Stad Malyn no russeschen Attacken
Moskau féiert Warnung duerch

An der Ukrain schéngt Russland seng Warnung duerchgefouert ze hunn: et soll méi Rakéitenugrëff op Ziler an der Haaptstad Kiew ginn. Do, an op anere Plazen am ganze Land, goufen Ziler gëschter ugegraff.

Taras Chmut
Privat Initiativ

Ouni méi Waffenliwwerunge kann d'Ukrain sech net géint d'Muecht vum russesche Géigner verteidegen, dat ass de Refrain vu Kiew. Den Taras Chmut hëlleft mat senger Fondatioun fir Material bei Zaldoten ze kréien.

Novoselivka an der Ukrain
Krich an der Ukrain

Déi laang erwaart russesch Militäroffensiv am Oste vun der Ukrain huet nach net ugefaangen, seet de Pentagon. De Wladimir Putin seet, d'Invasioun géif weidergoen, bis de Kreml seng Ziler erreecht hätt.

Raphäel Pitti
Krichsmedezin

Dausenden Zivilisten an Zaldote sinn an der Ukrain scho gestuerwen, d'Spideeler si voll mat Blesséierten. Den Dokter Raphaël Pitti ass Expert an der Krichsmedezin a wëllt Strukturen opbaue fir Verletzter ze behandelen.

De Jean Asselborn mam EU-Aussebeoptraagte Josep Borrell
EU-SANKTIOUNEN

An der EU gëtt iwwer weider Sanktioune géint Russland diskutéiert, dorënner een Embargo op Pëtrol. D'Meenungen ënner den EU-Memberlänner ginn auserneen. Fir de Jean Asselborn wier et méi wichteg Waffen ze liwweren.

Ambre Schulz
Vereenegung Passerell

Ukrainesch Flüchtlingen a Mënschen, déi virum Krich an der Ukrain gelieft hunn, kënnen een Statut de protection temporaire kréien. Domat kréien se een Zougang zum Aarbechtsmaart.

Maria Mezentseva
Ukrain-Parlamentarierin Maria Mezentseva

D'Ukrain huet elo eréischt all Handel mat Russland gestoppt. Kiew wëll en europawäiten Importstopp fir russesch Energie - dat fuerdert och d'Maria Mezentseva, Member vum ukrainesche Parlament.

Danièle Weber Chronik
SANKTIOUNEN GÉINT RUSSLAND

Wéi steet d'Lëtzebuerger Regierung zu engem Embargo vu russeschen Energie-Importer? Wat soen déi gewielte Vertrieder an der Chamber? Vill Froen a keng Äntwerten.

Sievierodonetsk an der Luhansk Regioun, den 23. Mäerz 2022.
Ukrain-Krich

Gouverneuren an den Donetsk a Luhansk Regiounen an der Ukrain hu Leit opgeruff den Oste vun der Ukrain ze evakuéieren. Russesch Ugrëff kéinten an deenen nächsten Deeg do méi intensiv ginn.

Gas
EMBARGO OP RUSSESCHEM GAS

Am Europaparlament setzt sech eng blo-rout-gréng Allianz dofir an, datt d'EU kee Gas, Pëtrol oder Kuel aus Russland méi bezitt. Dozou gehéieren och d'Vertrieder aus de Lëtzebuerger Regierungsparteien.

Yuriko Backes
Sanktioune géint Russland

D'EU-Kommissioun huet nei Russland-Sanktioune presentéiert. Dozou gehéiert ënner anerem ee Verbuet fir Kuel aus Russland z'importéieren. Dat wier e wichtegen a staarke Message u Russland, sou d'Lëtzebuerger Finanzministerin.

Sammelplaz LUKraine Kierchbierg
Sammelplaz um Kierchbierg

Zanter bal engem Mount gëtt et um Kierchbierg e Sammelpunkt fir Spenden, déi an d'Ukrain bruecht ginn. Déi éischt Deeg wier d'Resonanz riseg gewiescht soen d'Organisateuren. Déi lescht Woch wier et awer zu engem Abroch bei de Spende komm.

Denis Scuto Chronik
Zäithistoriker

Zanter dem Ufank vum Krich an der Ukrain ass d'Suerg och grouss ëm déi ganz akademesch Welt. Déi russesch Invasioun ass och eng Attack op d'wëssenschaftlech Kooperatioun.

Sportshal_Ungarn.jpg
Ukrain-Krich

A ganz Europa si wéinst dem Krich an der Ukrain Benevoller am Asaz. Ee vun hinnen ass de Matthieu Hansen. Eigentlech Student zu Wien huet hien déi lescht Wochen enger ONG gehollef, Flüchtlinge vun der ukrainescher Grenz op Wien ze bréngen.

Nadine Conrardy
Vill Leit hu sech gemellt

Vill Privatleit hu sech gemellt fir ukrainesch Bierger bei sech opzehuelen. Dorop soll ee sech gutt virbereeden an eng Kontaktpersoun hunn, falls et Problemer gëtt, seet d'Nadine Conrardy vun der Croix Rouge.

Ukrainesch Refugiée bei der Famill Fasbender
Reportage

D'Famill Fasbender huet virun zwou Wochen eng ukrainesch Famill, déi virum Krich geflücht ass, opgeholl. Wéi gesäit d'Liewe vun zwou frieme Famillen ënner engem Daach aus?

Landwirtschaft
KLIMASCHUTZ AN UKRAIN-KRICH

D'EU-Kommissioun ass prett, den europäesche Baueren, déi ënnert de Suitte vum Ukrain-Krich leiden, ënnert d'Äerm ze gräifen. Geplangt sinn extra Subsiden an d'Aussetze vun ekologesche Mesuren. Op d'mannst dat lescht ass net onëmstridden.

François Bausch
Ukrain-Krich

Lëtzebuerg ënnerstëtzt d'Ukrain weider mat Waffeliwwerungen. Dat sot de Minister François Bausch um Bord vun enger Reunioun, op där iwwer eng weider EU-Militärhëllef fir d'Ukrain diskutéiert gouf.

De Robert Habeck mam Saad Scharida al-Kaabi, Energieminister vum Katar.
Däitschland

Den däitsche Klima- a Wirtschaftsminister Robert Habeck reest an de Katar an an d'Vereenegt Arabesch Emiraten, fir iwwer Gasliwwerungen ze verhandelen. Eng schwéier Missioun an een Dilemma, mengt de Max Tholl.

Roland Dernoeden, AMIL
Liwwer - a Präisproblemer beim Pabeier

Aus der Ukrain an aus Russland komme vill Matières premières fir d'Pabeierfabrikatioun. Et ass eng schwiereg Situatioun, fir e Marché deen zënter der Corona-Pandemie souwisou grouss Problemer huet.

Claude Meisch
1.300 ukrainesch Kanner ukomm

Fir den Educatiounsministère ass et e groussen Defi, deene schoulflichtege Kanner aus der Ukrain eng adequat Bildung unzebidden. Lëtzebuerg hätt awer eng grouss Experienz dora fir auslännesche Schoulkanner eng Schouloffer ze ginn.

De Wolodymr Selenskyj war virtuell am däitsche Bundestag bäigeschalt Kommentar
Däitschland

De Wolodymr Selenskyj huet bei enger virtueller Ried am däitsche Bundestag no méi Hëllef gefrot. D'Parlament ass ouni Paus zur "normaler" Dagesuerdnung iwwergaangen. Een Déifpunkt, fënnt de Matthias Kirsch.

Juri Gagarin
Munneref

Wéinst dem Krich an der Ukrain gouf zu Munneref am Park vum Domaine Thermal d'Büst vum Juri Gagarin mat Plastik zougedeckt. Dat confirméiert de Buergermeeschter Steve Reckel eis op Nofro hinn.

Boris Johnson et Mohammed bin Salman Al Saud
Royaume-Uni

Boris Johnson veut sevrer l'occident de sa dépendance au gaz russe. Pour cela, il s'est rendu aux Émirats arabes unis et en Arabie saoudite. Au Royaume-Uni, ce voyage a créé la polémique.

30 Prozent vum Weess weltwäit gëtt a Russland an an der Ukrain ugebaut
Ukrain-Krich

30 Prozent vum Weess weltwäit ginn an der Ukrain an a Russland produzéiert. Wéinst dem Krich konnte vill Felder an der Ukrain net bebaut a vill Kären net exportéiert ginn. Dat kéint ee weltwäiten Impakt hunn.

Mënschen traueren zu Lwiw
Krich an der Ukrain

De Krich an der Ukrain ass zënter e puer Deeg am Weste vum Land ukomm. Eng vun deene Stied ass Lwiw, eng Plaz déi weiderhin als sécher gëllt, mee wou de Fridde relativ séier vu russeschen Ugrëff op en Enn bruecht kéint ginn.

Hrywnja
Léisung gesicht

Den Ament ass et fir Ukrainer hei zu Lëtzebuerg net méiglech, Suen opzehiewen oder och nëmme mat Kaart ze bezuelen. D'Banken huelen nämlech hir Wärung, déi ukrainesch Hrywnja, net méi un.

Illustratioun Landwirtschaft
Duerch déi héich Dünger- a Kärepräisser

D'Kris an der Ukrain, déi héich Energie- an Düngerpräisser souwéi de Präisverfall am Schwengssecteur maachen der Lëtzebuerger Landwirtschaft ze schafen. En Dënschdeg gouf et dofir eng éischt Entrevue mam Landwirtschaftsminister.

Fraen aus der Ukrain zu Medyka
Ukrain-Krich

Kiew preparéiert sech fir den Eeschtfall a verbarrikadéiert sech. Trotz de russeschen Attacke gëtt awer och geschwat. Russesch an ukrainesch Delegatioun hunn sech gëschter nees virtuell getraff.

Hond
Hausdéieren

Eng Rei Leit, déi aus der Ukrain geflücht sinn, hunn och hir Hausdéiere vun do mat op Lëtzebuerg bruecht. Dat stellt och d'Autoritéiten, déi sech hei am Land ëm den Accueil vun den ukraineschen Refugiée këmmen virun Erausfuerderungen.

Illustratioun Orthodox Kierch
Glawen a Politik

Déi russesch-orthodox Kierch bei der Stäreplaz ass eng vun de Plazen hei am Land wou sech dëser Deeg Russen an Ukrainer zesummefannen. Mat politesche Froen wëllt een hei léiwer näischt ze dinn hunn.

Lydie Polfer
Ukrain-Krich

D'Hallschent vun de ronn 2.000 Flüchtlingen wiere bei private Leit ënnerkomm. D'Stad Lëtzebuerg versicht, esou vill wéi méiglech Leit kuerzfristeg ënnerzekréien, seet d'Lydie Polfer.

Gemeng Esch
Decisioun vum Escher Gemengerot

Dat geplangt Monument, dat un d'Schicksal vu sowjeteschen Zwangsaarbechter hei zu Lëtzebuerg erënnere sollt, gëtt net realiséiert. Den Escher Gemengerot huet eestëmmeg decidéiert.

Illustratioun Bensinn Tanken
Faktencheck

An de leschten Deeg gouf virun allem op de soziale Reseauen d'Fro opgeworf, firwat d'Spritpräisser sou extreem geklomme sinn. Dacks gouf d'Regierung a virun allem de gréngen Deel dovun responsabel gemaach. Dat ass awer net richteg.

Yuriko Backes
Konsequenze vum Ukrain-Krich

D'EU kéint hir Ofhängegkeet vu russeschem Gas net vun haut op muer iwwerwannen, seet d'Finanzministerin Yuriko Backes. Dat géif och erklären, firwat d'Gazprombank net sanktionéiert gëtt.

Eng Fra am Zuch vu Lwiw a Polen a seet hirem Partner Äddi
Ukrain-Krich

De Krich an der Ukrain ass no un de Grenze vun der NATO ukomm. E russesche Loftugrëff op eng Militärbasis am Weste konnt een och a Polen héieren. Méi wéi 30 Rakéite goufe geschoss.

Roman Abramovitch
Portugal

Les juifs de la péninsule ibérique peuvent obtenir la nationalité portugaise dans le cadre d'une loi de réparation, dont le russe Roman Abramovitch. Actuellement, il fait l'objet d'une enquête judiciaire.

De Xavier Bettel um informellen EU-Sommet zu Versailles
Informellen EU-Sommet

Um informellen EU-Sommet hätt ee kënnen e positive Message un d'Ukrain schécken, seet de Xavier Bettel am 100,7-Interview. D'Reegele fir een EU-Bäitrëtt géifen awer net iwwer Bord geheit ginn.

Nadine Conrardy
Ukrain-Krich

700 Leit hu sech gemellt fir Flüchtlingen aus der Ukrain bei sech doheem opzehuelen, seet d'Nadine Conrardy. Déi concernéiert Leit géifen no an no kontaktéiert ginn an kréichen dono Famille vermëttelt.

Däitsch Bundeswehr
Verdeedegungspolitik

Däitschland wëllt an Zukunft 2 Prozent vum PIB an d'Verdeedegung stiechen. An der SPD a bei de grénge Regierungspartner ass d'Theema Oprëschtung net onëmstridden, an awer gëtt et hei Konsens.

Leit probéieren zu Lwiw an den Zuch ze kommen
Ukrain-Krich

An der Ukrain sollen et haut erëm zu Wafferoue kommen, datt Zivilisten evakuéiert kënne ginn. An de leschten Deeg konnten esou Dausende vu Leit aus hirer katastrophaler Situatioun flüchten.

Jean Asselborn
Ukrain-Krich

378 ukrainesch Flüchtlinge gi momentan an de staatleche Strukture betreit, virun allem Fraen a Kanner. Domat ass iwwer d'Hallschent vun den 803 Better a siwe Strukture beluecht.

Demonstratioun op der Placa Catalunya zu Barcelona géint den Ukrain-Krich
Espagne

En Espagne, la réponse à donner au conflit en Ukraine divise le gouvernement. Pourtant, le pays a commencé à fournir du matériel militaire offensif à l'Ukraine.

Yann Tonnar
LuxFilmFest

Déi Lëtzebuerger Filmakademie schwätzt sech géint de prinzipielle Boykott vu russesche Filmer aus. "Mir maache kee Boykott an der Kultur" an et géif ee keng Filmer a Kënschtler blockéieren, seet de Yann Tonnar.

Olga
Ukrain-Krich

Iwwer zwou Millioune Leit hunn d'Ukrain an Tëschenzäit verlooss. E groussen Deel dovun si Fraen, déi eleng mat hire Kanner ënnerwee sinn. Hir Partner si bliwwe fir ze kämpfen.

Tanken
Héich Sprit-Präisser

De Romain Hoffmann, President vum Groupement pétrolier, stellt fest, datt een nach ni esou héich Sprit-Präisser gehat hätt. Dëst géif de Moment och op d'Käschte vum Secteur goen.

Gemengelogementer Hesper Grupp
E Logement fir Flüchtlingen

Zu Hesper ass de Moien eng ukrainesch Famill an een Haus vun der Gemeng erageplënnert. Bannent nëmmen e puer Deeg huet d'Personal vun der Gemeng d'Gebai prett gemaach.

Pëtrol
Pëtrolpräisser

Grad ewéi de Gas gëtt och de Pëtrol ëmmer méi deier. Dës Tendenz ass duerch den Ukrain-Konflikt nach eemol verstäerkt ginn. Wat bedeit dat fir Secteure wéi d'Aviatioun oder Wuerentransport iwwer d'Strooss?

Roman Abramovich
Royaume Uni

Le gouvernement britannique a suscité un tollé pour sa lenteur et sa faiblesse quand il s'agit de sanctionner les oligarques. Finalement, le gouvernement a fait passer en urgence une loi pour durcir ces sanctions.

Illustratioun Energiepräisser
Hausse vun den Energiepräisser

D'Decisiounen vum Energiedësch waren en éischte Schrëtt an déi richteg Richtung, soen d'Gewerkschaften. D'Entwécklung vun Gas- a Pëtrolspräisser géif awer weisen, datt et domat net duergeet.

Mehdi Korrespondez Lviv
Ukrain-Krich

Et flüchte vill Leit aus der Ukrain, net vill Leit wëllen an d'Land eran. Eise Korrespondent Philip Crowther ass an der Ukrain, mat Hëllef vum Mehdi ass hien iwwer déi polnesch-ukrainesch Grenz komm.

image_2022-03-04_145908.png
Flüchtlingskris un der ukrainescher Grenz

Zu Przemysl, hanner der polnesch-ukrainescher Grenz, fueren trotz Krich nach ëmmer Zich. Déi eng Richtung komme Flüchtlingen un, déi aner Richtung fuere Leit an de Krich.

Portugal Fändel.
Chronique

Le Portugal a adopté une position très ferme, dans la condamnation politique. En revanche la question du gel des avoirs russes a posé problème, en raison des fameux visas en or.

Michel Dormal Meenung
Fräie Mikro

De Krich an der Ukrain stellt politesch Gewëssheeten a Fro, un déi mir eis an Europa gewinnt haten. D'Realitéit veronséchert eis, well se eisem Bild net entsprécht. Dat mengt de Politolog Michel Dormal am Fräie Mikro.

Fändele vun EU an Ukrain
EU-Bäitrëtt vun der Ukrain

D'Europäesch Unioun weist Solidaritéit par rapport zur Ukrain. D'Demande fir Member vun der EU ze ginn, gëtt notéiert. Et ass awer éischter eng Laang-Zäit-Perspektiv.

Wolodymyr Selenskyj
Emouvant Sëtzung am Europaparlament

Aussergewéinlech Sëtzung am Europaparlament: Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj gouf bäigeschalt. Hien huet op en Neits ugefrot, datt säi Land Memberstaat an der EU sollt ginn.

E Kand op der Flucht virum Krich an der Ukrain
Russland-Krich

Et ass schwéier anzeschätzen, wéi vill Flüchtlingen aus der Ukrain op Lëtzebuerg kommen, heescht et aus dem Ausseministère. D'Preparatioune lafen op Héichtouren, virop d'Sich no Plaze fir ze liewen.

Steve Thull
Lëtzebuerger Arméi

Déi Lëtzebuerger Arméi ass bereet, d'Militärmaterial fir d'Ukrain direkt ze liwweren. D'Koordinatioune géife lafen, fir festzeleeën, iwwer wéi eng Weeër dëst an d'Ukrain kann transportéiert ginn.

Frank Wies
Fräie Mikro

Déi russesch Attack op d'Ukrain soll eis net nëmme betraff maachen, mee all Bierger dozou beweegen, méi genee ze kucken, wéi eng Konsequenzen d'Politik vun eisem Land huet, mengt de Frank Wies a sengem Fräie Mikro.

Rubel
Ukrain-Konflikt

Zanter e Méindeg Moien ass et eescht mat den europäesche Wirtschaftssanktioune géint Russland. Dat huet Konsequenzen op ville Niveauen, virun allem déi russesch Zentralbank ass vun de Sanktioune viséiert.

Boris Bilan ënnerwee op d'ukrainesch Grenz
E Lëtzebuerger ënnerwee op d'ukrainesch Grenz

De Boris Bilan ass zanter gëschter Owend ënnerwee fir vum Houwald aus op déi polnesch-ukrainesch Grenz ze kommen. Voll gepaakt bis uewenhi wäert hien Donen an ee Spidol bréngen. Um Réckwee wëllt hien Ukrainer mat op Lëtzebuerg bréngen.

Illustraiotun Tansport Panzerofwierrakéit
Krich an der Ukrain

D'EU bréngt weider Sanktioune géint Russland op de Wee. D'Memberlänner wëllen ënner anerem eng hallef Milliard Euro fir Waffen a militäresch Ausrëschtung fir d'Ukrain zur Verfügung stellen. Dat ass eng Première fir d'EU.

Demonstratioun Ukrain
Op der Clairefontainesplaz

Wéi op villen anere Plazen an Europa, gouf haut och hei zu Lëtzebuerg géint de Krich an der Ukrain demonstréiert. Eng Associatioun vun Ukrainer, déi hei am Land liewen, hat fir de Moien zu enger Friddensdemo op der Clairefontainesplaz an der Stad opgeruff.

Vue op Kiew Daniel Porcedda
Ukrain-Konflikt

An a ronderëm Kiew gëtt d'Situatioun als oniwwersiichtlech erlieft, seet eis ee Lëtzebuerger, deen zu Kiew wunnt. D'Onsécherheet wier grouss, sou den Daniel Porcedda. Hien hält sech den Ament mat senger Famill a senger Wunneng op.

Ukrainesch Verdeedegung un der Grenz zu Russland
Militärkonflikt

Déi éischt russesch Zaldote sinn an der ukrainescher Haaptstad Kiew, sou den ukrainesche Verteidegungsministère. Déi russesch Unitéite wieren am Norde vu Kiew, schreift de Ministère weider.

Jean-Claude Juncker.jpg
Ukrain-Konflikt

Den zweete Pak vu Sanktiounen, deen d'EU gëschter decidéiert huet hätt d'Potenzial, Russland mëttelfristeg ganz wéi ze doen, esou de Jean-Claude Juncker - mee et géing de Wladimir Putin net zum Ëmdenke beweegen.

Olaf Scholz an Charles Michel um Spezial-Sommet
Ukrain-Konflikt

EU bréngt zweete Sanktiounspak géint Russland op de Wee. Betraff sinn de russesche Finanz-, den Energie- an den Transport-Secteur, virgesi sinn och Export-Kontrollen.

Jean Asselborn
Eischt Reaktioun op militäresch Attack

De Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn condamnéiert d'Attacke vu Russland géint d'Ukrain. De Wladimir Putin wéilt seng Weltuerdnung duerchsetzen an déi hätt näischt mat de Prinzippie vun engem Rechtsstaat ze dinn.

Gas Stockage
HEICH ENERGIEPRÄISSER

Déi nächst Woch wëll d'EU-Kommissioun ee Plang presentéieren, doriwwer, wéi sech d'EU besser op esou eng Kris preparéieren kann. Dozou gehéiert et och, d'Länner ze verflichten, d'Gas-Späichere mat Zäiten opzefëllen.

Wolodymyr Selenskyj an Olaf Scholz op der Münchner Sécherheetskonferenz
Ukrain-Konflikt

Op der Sécherheetskonferenz zu München haten d'Nato-Partner kloer Messagë fir de russesche President Putin, an awer dierft dësen net all ze beandrockt sinn, mengt eise Korrespondent Max Tholl.

Finanzen
Sanktiounen

Mat der Ukrain-Kris an dem Risiko vu weidere Sanktioune géint Russland stellt sech d'Fro vum Impakt op déi Lëtzebuerger Ekonomie an op d'Finanzplaz. Vereenzelt gi sech Suerge gemaach, virun allem bei Industriebetriber.

Ukrain
Ukrain-Kris

An der Ukrain huet de President gëschter fir en "Dag vun der Eenheet" opgeruff. Dat war eng Reaktioun op déi vill Spekulatiounen, datt eng Invasioun vu Russland kéint op genee deem Dag gestart ginn.

Maidan
Ukrain-Kris

Russland huet annoncéiert een Deel vun den Zaldote vun der ukrainescher Grenz ofzezéien. D'Militärübunge ginn awer weider, an der Ukrain goufen et Cyberattacken op staatlech Banken a Websäite vun der Regierung.

Tschernobyl
Ukrain-Kris

Bei der Grenz zu der Ukrain hu Militärmanöver vu Belarus zesumme mat Russland ugefaangen. Ee méiglechen Ugrëff kéint op dëser Grenz geschéien. D'Russe missten duerch eng bekannte Plaz marschéieren: Tschernobyl.

Yehor Soboliev 1
Portrait

Déi ukrainesch Arméi bereet sech op eng Invasioun vu russeschen Truppe vir. Mee och Zivilisten am Land preparéiere sech. Eise Korrespondent Philip Crowther ass engem vun hinne begéint.

Emmaunel Macron
Ukrain-Kris

Bei senger Visitt zu Moskau gouf et fir den Emmanuel Macron keen diplomateschen Duerchbroch. Hie reest elo op Kiew, mam Versprieche vum russesche President, datt weider Gespréicher mam Weste méiglech sinn.

Ukrainer demonstréiere géint eng méiglech Invasioun vun der Ukrain
Ukrain-Kris

Eng nei Ronn Gespréicher soll e weidere Krich tëschent Russland an der Ukrain verhënneren. Kiew hofft op Deseskalatioun, mee d'Hëllef fir d'Ukrain hält sech a Grenzen. D'Nervositéit op der Plaz ass grouss.

Peter Zalmaev, e Mann vun Donetsk deen 2016 aus Amerika zereckkomm ass, Chef vum Eurasia Democracy Initiative
Analys vun der Situatioun an der Ukrain

Vun den USA koumen deslescht Warnungen, datt eng Invasioun vun der Ukrain just eng Saach vun der Zäit wier. Hien huet d'Impressioun, wéi wann e Krich an der Ukrain gewënscht wier, seet de Peter Zalmayev, Expert a Chef vun enger ONG.

Ukrainesch Verdeedegung un der Grenz zu Russland
Russesch Truppepresenz

An der Ukrain geet d'Tensioun weider wéinst der massiver russescher Truppepresenz op der Grenz. Et fäert ee weider eng Incursioun oder esouguer eng Invasioun vun der Ukrain - bis elo bleift et awer roueg.

Josep Borrel
Ukrain-Konflikt

Wéi fält déi Europäesch Äntwert op e méiglechen Ugrëff vu Russland an der Ukrain aus? D'EU-Ausseminister hu sech dozou beroden an di sech schwéier, eng gemeinsam Positioun méi am Detail ze definéieren.

Annalena Baerbock a  Sergei Lawrow
Chronik

Am Konflikt tëschent Russland an der Ukrain wëllt Däitschland d'Roll vum Mediateur iwwerhuelen. Huet déi däitsch Regierung eng eenheetlech a kloer Positioun géigeniwwer Russland?

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen