Däitsch Bundestagswahlen 2017

De 24. September 2017 wielt Däitschland en neit Parlament. D'Angela Merkel (CDU) an de Martin Schulz (SPD) trieden als Kanzlerkandidaten un.

D'AfD däerf net ausgeschloss ginn
Vun en Dënschdeg un ass déi däitsch Partei Alternative für Deutschland (AfD) mat 92 Deputéierten am Bundestag vertrueden. Déi aner Parteie mussen elo den Debat mat de Rietsnationale sichen.

D'AfD an d'Metamorphos vun der Welt
Et ass wichteg op nationalem mä och op internationalem Plang géint Parteie wéi d'AfD ze kämpfen. Well déi, déi vun dësen ideologesche Beweegunge profitéieren, weltwäit agéieren, mengt den Denis Scuto.

"D'AfD muss eescht geholl ginn"
De Succès vun der AfD ass den Ausdrock vun engem grondleeënde politesche Konflikt. Där Meenung ass de Prof. Dr. Edgar Grande, Politikwëssenschaftler op der Ludwig-Maximilians-Universität München.

"Nees Nazien am Reichstag"
70 Joer nom Enn vum Krich géifen nees rietsextrem Gedanken an Däitschland propagéiert ginn, seet de Jean Asselborn. All déi demokratesch Parteie misste sech elo géint d'AfD wieren.

"Ganz Berlin hasst die AfD!"
D'Bundestagswahl huet mat der AfD ee grousse Gewënner. Zu Berlin sinn awer honnerte Leit géint déi rietsextrem Partei op d'Strooss gaangen. D'SPD frënnt sech iwwerdeems mat der Oppositiounsroll un.

Merkel an CDU/CSU stäerkste Kraaft an Däitschland
CDU an CSU kommen éischten Héichrechnungen no op 32,5 Prozent. Mat 13,5 Prozent zitt d'AfD an d'Parlament an a gëtt drëttstäerkste Kraaft hannert der SPD, déi op 20 Prozent kënnt.

Ja, nein, vielleicht?
Eng grouss Hëllef, net sënnvoll oder manipuléiert: Beim Wahl-O-Mat ginn d'Meenunge vun de Berliner Wieler auserneen. Dobäi soll dat Instrument just weisen, mat wéienger Partei ee Gemeinsamkeeten huet.

Wett-Asaz: Am Wanter an d'Ostsee schwamme goen
80 Prozent Wahlbedeelegung ass d'Zil vun engem Challenge, deen d'Frankfurter Allgemeine Zeitung lancéiert huet. Eng gutt Iddi, fannen d'Berliner. Aneschtes gesäit et beim Thema Wahlflicht aus.

Wiele goen oder net?
Eng Fro, déi sech fir vill wahlberechtegt Bierger net stellt. Si wëllen duerch hir Stëmmen bei der Bundestagswahl de 24. September eppes beweegen. Et ginn allerdéngs och Leit, déi dovun net iwwerzeegt sinn.

Optrëtt: Angela Merkel
Vun CDU-Wieler a jonke Refugiéeë kënnt der Angela Merkel zu Tréier Dankbarkeet entgéint. Anerer päifen déi däitsch Kanzlerin aus. De Virwëtz vu ville Leit, déi nach ondecidéiert sinn, ass iwwerraschend.

Däitsch-tierkesch Wieler gefaangen tëschent de Fronten
An zwou Woche gëtt an Däitschland en neit Parlament gewielt. Bei de Bundestagswahle musse sech déi däitsch-tierkesch Wieler net nëmmen tëschent de Parteien mee och tëschent hire Länner entscheeden.

Wahlkampf lancéiert - fir d'FDP an déi Gréng
No der Debatt tëscht de grousse Favoritte fir d'Bundestagswahl ass de Wahlkampf richteg lancéiert. Net fir d'SPD oder d'CDU, mä fir déi kleng Parteien, mengt de Matthias Kirsch a sengem Kommentar.

Een TV-Duell ouni wierklechen Duell
De Martin Schulz an d'Angela Merkel hu sech e Sonndeg e moderéierten Duell op der Tëlee geliwwert. Bei de meeschte Punkte ware béid Politiker op enger Linn. Et ass seelen zur direkter Konfrontatioun komm.

"Wat kënnt dobäi eraus, wann ech SPD wielen?"
Den SPD Kanzlerkandidat huet sech beim Wahlkampfoptrëtt zu Treier a kämpferescher Stëmmung gewisen. Wéi wëllt de Martin Schulz d'Wahl gewannen? A wat sinn d'Erwaardunge vun de Bierger un hien?

Bundestagswahl: "Keng irrational Welt vu Fake News"
De Brexit-Referendum an d'Wahlen an den USA wären "Ausname" gewiescht, seet den däitsche Politolog Thorsten Faas. Bei der Bundestagswahl géife politesch Inhalter eng wichteg Roll spillen.

Hannert dem "Wir schaffen das"
D'Angela Merkel gëllt als ëmständlech an heiansdo och ënnerkillt Riednerin. Fëllwierder a Substantivéierunge maachen hir Texter aus. Sou och hir "Wir schaffen das"-Ried. Do ass eng Strategie derhannert.