Filmfestival CinÉast 2019

Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

"Ech wollt d'Fraen net op hir Roll als Affer reduzéieren"
Interview mat der kosovarescher Realisatrice Lendita Zeqiraj iwwer hire Film "Aga's House", Gewalt géint Fraen an d'Fräiheet, fir kënne selwer iwwer dat Gutt an dat Béist ze bestëmmen.

"Yugoslavia, How Ideology Moved Our Collective Body"
Déi hypnotiséierend Wierkung vun enger Ideologie - e beandrockenden Documentaire vun der Marta Popivoda. Si weist Biller aus dem fréiere Jugoslawien, vum Tito bis zur Kosovo-Ried vum Slobodan Milošević.

Eng Mamm an der Ongewëssheet
Ass d'Kand bei der Gebuert gestuerwen, wéi et an der offizieller Versioun heescht? Dem serbesche Realisateur Miroslav Terzić säin Drama "Stitches" iwwerzeegt op der ganzer Linn, mengt de Michel Delage.

Eng stomm Natur, déi villes seet
Am esteschen Drama "Scandinavian Silence" flüchten zwee Geschwëster virun hirer Vergaangenheet a verléiere sech an enger verschneiter Bëschlandschaft. Ee formell radikaalt zweet Wierk vum Martti Helde.

Maueren als Trennung
30 Joer nom Berliner Mauerfall schéisse weltwäit nei Mauere wéi Champignonen aus dem Buedem. De Kai Wiedenhöfer fotograféiert se. An der Abtei Neimënster ass d'Fotoexpo "Down with Walls!" ze gesinn.

Eng Relatioun ouni Kanner ass e Stigma
"Ajvar huet déi gemeinsam Charakteristik vun Immigrantewallissen", seet d'Ana Maria Rossi, Regisseurin vum Film "Ajvar". D'Valerija Berdi huet mat der serbescher Regisseurin geschwat.

Mënschenhändler ausgeliwwert
Mënschenhandel a Schwaarzaarbecht stinn am Mëttelpunkt vum effikasse lettesche Film "Oleg", deen eng verstoppte Realitéit an eiser Gesellschaft opdeckt. Eng Weiderentwécklung vum Dardenne-Stil.

Kleeder maache Leit
Den Deuil, d'Laascht vun der Schold, d'Kraaft fir ze verzeien: de ganz iwwerzeegende polnesche Film "Corpus Christi" (Boże Ciało) behandelt dës schwiereg Themen op eng originell Aart a Weis.

Eng Plaz an der Sonn fir Litauen
Enn 1930er Joren. D'Onofhängegkeet vu Litauen steet op der Kipp. E Geograf weess, wéi een d'Natioun rette kéint. De litauesche Film "Nova Lituania" hätt duerchaus eng Grëtz méi Humor verdroen ...