Filmfestival CinÉast 2017

Schonn déi zéngten Editioun vum Lëtzebuerger Filmfestival, deen e breede Panorama vum "Art et essai"-Kino aus Mëttel- an Osteuropa bitt. Eng 100 Projektioune vu Long métragen a Kuerzfilmer aus 19 europäesche Länner, tëschent dem fënneften an dem 22. Oktober.

"D'Liewe kéint méi schéi sinn ouni dës Tensiounen"
Interview mat der mazedonescher Actrice a Produzentin Labina Mitevska iwwert d'Macho-Kultur, d'Fraen, d'Gewalt, déi ethnesch Tensiounen an déi politesch Zukunft am Balkanstaat Mazedonien.

Cherchez la mère
Eng Famill: d'Meedchen, de Jong, de Papp - ouni d'Mamm ... Mat "3/4" huet de Bulgar Ilian Metev een op den éischte Bléck onspektakulären, a Wierklechkeet komplexen a subtille Film komponéiert.

Mënschlechkeet als Prinzip
De kosovaresche Film "Eho" erzielt eng Geschicht iwwer perséinlech Relatiounen an deenen de Materialismus keng Roll méi soll spillen, erkläert de Realisateur Dren Zherka am 100,7-Interview.

De Genozid a säi psychologeschen Impakt
Wéi gi Mënschen, déi de Genozid am Ruanda iwwerlieft hunn, mat hiren traumateschen Erliefnisser ëm? "Birds are singing in Kigali" ass keen einfachen, mä kënschtleresch a pedagogesch wäertvolle Film.

"D'Leit spille gäre mam System, fir zu hirem ze kommen"
Mat "The Line" huet de Peter Bebjak een impressionnante Thriller gedréint iwwert de Schmuggel op der slowakesch-ukrainescher Grenz. Interview mam slowakesche Realisateur am Kader vum CinEast-Festival.

Respekt fir déi Prostituéiert
"Prowl" ass kee feministesche Film, esou d'Alexandra Balteanu. Am 100,7-Interview schwätzt déi rumänesch Realisatrice iwwer de Respekt vun de Prostituéierten an iwwert d'Konscht an hirem éischte Film.

"D'Welt acceptéieren, wéi se ass"
Den estnesche Realisateur Priit Pääsuke schwätzt am 100,7 Interview iwwert den nordeschen Humor, d'Acceptéiere vun eiser Ëmwelt an iwwert d'Wichtegkeet vun de Co-Produktiounen an Europa.

Homo a Roma, en duebele Stigma
Iwwert een humorvollen Ëmgang mat der Homosexualitéit gëtt "Soldiers. A Story from Ferentari" een originellen Abléck an d'Liewensëmstänn vun aarme Romaen. Offiziell Competitioun vum CinEast-Festival.

Mystesch-romanteschen Trip am "clair-obscur"
"November", vum estnesche Realisateur Rainer Sarnet, ass ee barocken, a wonnerschéinem Schwaarz-Wäiss gedréinte Libesfilm, deen eng mystesch Atmosphär schaaft mat ville skurrille Personnagen.

Spirituell a pragmatesch
Eng spirituell a mystesch Welt mécht d'Grenze vum Kino méi grouss op, esou de Rainer Sarnet iwwert säin neie Film "November" am 100,7 Interview. Trotzdeem wier säin Zil e realistesche Film.

Kënnt d'Wonner vum räiche Monni aus Amerika?
"Miracle" (Stebuklas) vun der litauescher Realisatrice Egle Vertelyte setzt sech - op eng humoristesch Aart a Weis - mat de soziale Konsequenze vum Zesummebroch vun der Sowjetunioun auserneen.

Mam Taxi Richtung Wahnsinn
"Directions" hëlt d'Spectateure mat op eng Taxirees duerch déi bulgaresch Haaptstad Sofia an hir sozial Problemer. Originell opgebaut, ganz gutt gespillt an technesch brillant ëmgesat.

"Ech sinn een Optimist"
De Stephan Komandarev bezeechent sech als Optimist. Dowéinst wier de Realisateur vun "Directions" a Bulgarien bliwwen. Mat senge Filmer wëllt hien der Societéit säi Stéck Optimismus schenken.

E Film iwwer Wonner an Hoffnung
Den ambitiéisen ungaresche Film "Jupiter's Moon" vum Film- an Theaterregisseur Kornel Mundruczo suivéiert e Flüchtling mat aussergewéinleche Kräften. De Film gouf um CinEast-Festival 2017 gewisen.

Vun de sozio-ekonomesche Verhältnisser gedriwwen
"Daybreak" beschreift den Alldagskampf vun enger elengerzéiender Mamm an Albanien. Den albanesche Realisateur Gentian Koçi erreecht mat engem minimalistesche Stil eng grouss Wierkung.

Wéi een Auswee no enger Vergewaltegung?
"Filthy", vun der jonker slowakescher Realisatrice Tereza Nvotová, ass een däischtere Film iwwer Vergewaltegung. Duerch an duerch pessimistesch, mä filmesch gutt ëmgesat, fënnt de Michel Delage.

"Vergewaltegung dierf keen Tabu sinn"
De slowakesche Film "Filthy" soll d'Diskussioun iwwert d'Vergewaltegung am Land opmaachen, seet déi jonk d'Realisatrice Tereza Nvotová am 100,7-Interview. Et wier dat lescht Tabuthema.

Faarwegt Liicht um Enn vum Tunnel
Den Drama "Aurora Borealis: Northern Lights" vun der Ungarin Márta Mészáros ass ee Spuerespill iwwert d'Opschaffe vu schwéiere Familljegeheimnisser. Kohärent a gelongen, fënnt de Michel Delage.