Dossier Chamberwalen 2023

Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel? Fannt hei d'Reportage vum radio 100,7.

Walen
Foto: Bigstock / melis
Alerte Rouge - Urgence  Logement
Manifestatioun

"Alerte Rouge" - Urgence Logement": Ënnert deem Motto war de Samsdeg de Mëtteg um Knuedler an der Stad e Protestpiquet vun der Koalitioun Wunnrecht, an där eng 20 Organisatioune regroupéiert sinn.

Blanche Weber
Mouvement Ecologique

De Mouvement Ecologique hätt de Projet vun engem Google-Datenzenter vun Ufank u kritiséiert, well d'Entreprise net oppe geluecht hätt, wéi vill Waasser an Energie den Zenter zu Biisse géif brauchen, seet d'Blanche Weber.

ULC
Konsumenteschutz

D'ULC begréisst de rezenten Tripartite-Accord. D'Upassung vun der Steiertabelle ass ee wichtege Schrëtt an d'Steierpolitik misst nach fir méi Gerechtegkeet suergen. Hir Fuerderunge fir goufe virun der Presse presentéiert.

Tommy Klein
Chamberwalen

Sondagë géifen Tendenzen erëmspigelen "déi et net ze ignoréiere gëllt", seet den Tommy Klein. Mee och wann d'Sonndesfro de Piraten e gewëssen Opschwong géif attestéieren, wier se trotzdeem nëmmen eng Momentopnam.

Martine Hansen
Kannerbetreiung

D'Co-Fraktiounspresidentin vun der CSV fuerdert eng Evaluatioun vun der gratis Kannerbetreiung. Et wier net kloer, ob d'Kanner wéinst der Gratuitéit méi laang an d'Crèche oder Maison Relais ginn.

Henri Kox, ministre du Logement
Logement zu Lëtzebuerg

De Logementsminister Henri Kox huet mat 200 Acteuren aus dem Secteur iwwer abordabele Wunnraum diskutéiert. Mee wat koum dobäi eraus? De Maurice Molitor huet d'Diskussioune suivéiert.

Maurice Molitor Kommentar
Chambre des députés

Laang virun de Wale steet eppes fest: och déi nächst Chamber wäert nees kee Spigelbild vun der Gesellschaft sinn. Dat ass net nei, an awer schued, mengt de Maurice Molitor a sengem Commentaire.

Waldbredimus
Gemengen

Vu September un existéieren zu Lëtzebuerg nach 100 Gemengen. D'Chamber huet eestëmmeg gréng Luucht gi fir déi nei Fusiounsgemenge Groussbus-Wal a fir Bous-Waldbriedemes.

Pierre Reyland Kommentar
Chronik

Et gi manner nei Autoen a méi Elektro-Autoen zu Lëtzebuerg verkaf. Den Individual-Verkéier gëtt also méi propper. Mee de Probleem vum Auto senger Dominanz bleift nach méi laang, mengt de Pierre Reyland an engem Kommentar.

Luc Frieden
Chamberwalen

Seng Ambitioun wier et, datt d'CSV stäerkst Partei bleift an nees an d'Regierung kënnt, sou de Luc Frieden. Wann d'CSV et net an d'Regierung packe géif, géif hie 5 Joer an der Chamber bleiwen, sou den designéierten CSV-Spëtzekandidat.

Luc Frieden
Nom Nationalrot

De Luc Frieden gouf vum CSV Nationalrot als Spëtzekandidat fir d'Chamberwalen designéiert. Gëschter Owend hu 77 Parteimembere vum Nationalrot fir seng Kandidatur gestëmmt. Zwee Memberen hu sech enthalen.

Alex Donnersbach.jpg
Chamberwahlen 2023

​Den CSJ-Nationalcomité steet unanime hannert dem Luc Frieden als nationalen CSV-Spëtzekandidat bei de Chamberwahlen, seet den Alex Donnersbach de Moien am 100,7-Interview.

Gilles Baum, Josée Lorsché, Yves Cruchten
Kaarten op den Dësch

Wéi eng Steiererliichterunge kommen nach virun de Walen? De Gilles Baum wollt sech net dozou festleeën. D'Josée Lorsché plädéiert fir ee Steierkredit, den Yves Cruchten weist sech zouversiichtlech.

Jean-Claude Franck Kommentar
Walkampf

Fir d'Chamberwale si bei de grousse Parteien esou lues d'Spëtzekandidat:inne bekannt. D'Pläng vun der LSAP a vun der CSV sinn net ouni Risiko, mengt de Jean-Claude Franck.

Luc Frieden
Chamberwalen 2023

Den CSV-Nationalrot soll iwwer d'Spëtzekandidatur vum Luc Frieden fir d'Chamberwalen ofstëmmen. Déi RTL-Nouvelle krute mir confirméiert. De Luc Frieden ass keen onbeschriwwent Blat bei de Chrëschtsozialen.

Fred Keup
Chamberwalen 2023

De Fred Keup seet, seng Partei kéint sech duerchaus virstellen sech un enger Regierung ze bedeelegen. "Vläicht esouguer dëst Joer schonn", esou den ADR-President am 100,7-Interview.

Carole Thoma
No LSAP-Kritik

Et wier net eng bewosst Strategie, d'LSAP méi schaarf z'attackéiere wéi déi zwou aner Majoritéitsparteien, sou d'Co-Parteispriecherin vun déi Lénk. Si erwaart sech vun der LSAP awer eng méi konsequent lénk Politik, sou Carole Thoma.

Michel Pauly Meenung
Fräie Mikro

Et alles alles anescht wéi kloer, ob déi Kandidat:innen, déi fir d'Gemengewalen optrieden, och fir d'Chamberwalen a Fro kommen oder ëmgedréint. Där Meenung ass de Michel Pauly am Fräie Mikro.

Djuna Bernard a Meris Sehovic - Déi Gréng
Neijooschpatt

Onpoleemesch, sachlech a Fakten-orientéiert - esou gesinn déi gréng sech selwer an hirer politescher Aarbecht. Op hirem Neijooschpatt e Méindeg gouf et och vill Luef fir déi eege Regierungsmemberen.

Carole Thoma
Neijooschpatt vun déi Lénk

Déi sozial Ongerechtegkeeten an d'Klimakris waren d'Haaptsujete gëschter Owend um Neijooschpatt vun déi Lénk. D'Oppositiounspartei reprochéiert der Regierung "politique politicienne" a Walkampf um Réck vun de Leit ze maachen.

CSV Neijooschpatt
Neijooschpatt

D'CSV huet sech op hirer Neijooschtreception kämpferesch gewisen. Déi aktuell Koalitioun wier um Enn an dofir stéing ee prett fir de Wiessel. Konkret Kritik gouf et un der Gesondheets- der Steier- an der Logementspolitik.

Lex Delles-2.jpg
Flexibel schaffen

D'DP ass dogéint, d'Aarbechtszäit vu 40 Stonnen an der Woch fir jiddwereen erof ze setzen. De Lex Delles kéint sech awer virstellen eng "Joresaarbechtszäit" anzeféieren, déi flexibel kéint genotzt ginn.

DP Patt 2023
DP Neijoschpatt

D'demokratesch Partei huet sech de Mëttwoch den Owend op hirem Neijoerschpatt als Partei vun der Responsabilitéit an der Proximitéit duergestallt. D'DP wier "no bei de Leit", ass viru Parteimembere gëschter ëmmer erëm betount ginn.

Sam Tanson
Chamberwalen 2023

Déi gréng gi warscheinlech net mat engem nationale Spëtzekandidat an d'Chamberwalen. D'Sam Tanson seet, hir Partei géif mat zwee Spëtzekandidat:innen an all de véier Bezierker an d'Course goen.

Infrastruktur
Mobilitéit

Infrastrukturprojete vun dësem Joer kéinte méi deier gi wéi geplangt, fäert de Mobilitéitsminister François Bausch. Als Haaptgrond nennt de Minister d'Energiekäschten a Problemer mat de Liwwerketten.

Tommy Klein
Chamberwalen 2023

Lëtzebuerg wäert och no den nächste Walen nees vun enger Dräierkoalitioun regéiert ginn, dat steet fir den Tommy Klein vun der ILRES fest. Oppe wier just d'Fro, wéi eng dräi Parteien dat kéinte sinn.

Stad Lëtzebuerg
Ëmfro

20 Prozent vun de Leit tëschent 16 a 74 Joer si bannent engem Joer op d'mannst eng Kéier Affer vu Gewalt ginn. Déi meescht Affer géifen dat awer fir sech halen. Dat geet aus enger Etüd vum STATEC ervir.

Bürosaarbecht
Joresréckbléck

Eng vun de politeschen Diskussioune vun 2022 war iwwer d'Verkierzung vun der Aarbechtszäit. Wat géif dat bedeiten? Méi Attraktivitéit fir de Standuert Lëtzebuerg oder awer méi Stress fir de Salarié?

Julien Licheron
Observatoire de l'habitat

D'Hausse vun de Präisser um Immobiliëmaart bleift an de leschten zwielef Méint markant. An dat obwuel d'Aktivitéit um Marché staark ofhëlt. Dat schreift den Observatoire de l'Habitat a senger leschter Analys.

D'Finanzministesch Yuriko Backes bei der Chamberdebatt iwwer de Staatsbudget 2023
Staatsbudget 2023

D'Yuriko Backes hält et nach ëmmer fir méiglech, datt d'Steieren dat nächst Joer punktuell erofgesat ginn. Et wier awer schwiereg, prezis Previsiounen ze maachen, esou d'Finanzministesch.

Illustratioun Landesplanung
Mouvement Ecologique

De Mouvement Ecologique beschreift den Entworf zur Landesplanung als "Tiger ouni Zänn". D'Landesplanung ie rnach ëmmer der Gemengenautonomie an dem Privateegentum ënnergeuerdent.

Groussgas
Chamberwalen 2023

Associatiounen, déi sech ëm Auslänner këmmeren, solle méi agebonne ginn, fuerdert de CLAE. De Comité de liaison des associations d'étrangers proposéiert dofir d'Schafung vun engem Ministère fir d'Citoyennetéit.

Henri Kox
Trotz Kritik

Déi ëmstridde Reform vum Loyersgesetz gesäit ënner anerem vir, datt Proprietäre pro Joer maximal 3,5 Prozent vum Kapital, wat si an eng Wunneng investéiert hunn, däerfen als Loyer verrechnen.

De Franz Fayot an d'Pascale Junker
Economie

Wéi wäert déi Lëtzebuerger Wirtschaft sech bis 2050 entwéckelen? De Wirtschaftsministère wëllt d'Meenung vun der Ëffentlechkeet duerch eng Online-Ëmfro kréien. Dräi verschidden Zenarie gi proposéiert.

Logement
Monitoring vum LISER

D'Ziler vum Pacte Logement 1.0 si bei wäitem net erreecht ginn, dat geet aus engem Monitoring vum LISER ervir. Den éischte Pacte Logement war vun 2008 bis 2020 a 96 Gemengen a Kraaft.

Frank Engel
Chamber- a Gemengewalen 2023

De Spriecher vu Fokus seet, datt d'Trennung vun de Chamber- a Gemengewalen "widdersënneg" wier. Seng Partei fuerdert, fir d'Walen d'nächst Joer op deem selwechten Dag ze halen.

Symbolbild Landesplanung
Landesplanung

Viru kuerzem gouf de Plan directeur fäerdeg, ee vun de wichtegsten Instrumenter vun der Landesplanung. D'Gemenge misste bei den Diskussioune méi agebonne ginn, fuerdert de Syvicol.

CNS
Gesondheetskeess

De Budget vun der CNS fir 2023 beleeft sech op 4 Milliarden Euro, a wäert mat engem geschaten Defizit vun zéng Milliounen Euro ofschléissen. Dee Minus mécht Suergen, well en op e strukturelle Problem hiweist.

Chambre de Commerce
Economie

Energie-Kris, Inflatioun, geopolitesch Ongewëssheet si Gëft fir déi ekonomesch Entwécklung. Dat schléit sech och am Wirtschaftsbarometer néier, enger reegelméisseger Enquête vun der d'Chambre de Commerce.

Gemengenhaus Diddeleng
Chamberwalen 2023

De Syvicol fuerdert, datt d'Regierung d'Gemengen als Partner soll ugesinn. De Gemengesyndikat huet en vue vun de Chamberwale 36 Propose fir déi nächst Legislaturperiod op den Dësch geluecht.

Lynn Settinger
Gesondheetsskeess

Léiwer d'Cotisatiounen eropsetze wéi Leeschtunge kierzen: dat ass d'Positioun vum OGBL fir den Defizit bei der CNS auszegläichen. Och en Ophiewe vun der Deckelung kéint d'Léisung sinn, seet d'Lynn Settinger.

Claudine Speltz
Gemengewalen

Wéi kritt ee Fraen iwwerzeegt an d'Politik ze goen? De CNFL wëllt virun de Gemengewale sensibiliséieren. De Changement an de Mentalitéite bräicht awer Zäit, seet d'Claudine Speltz vum CNFL.

Kadaster Bauen
"Des cartes et des chiffres"

A senger neier Serie "Karten an Zuelen" verëffentlech de Ministère fir Landesplanung eng Rei Fakten iwwer Landesplanung a Landesverbauch zu Lëtzebuerg. Dëst ass e wichtegt Instrument fir Landesplanung.

Fabio Spirinelli
Logement

Mam neie Gesetz iwwer de Bail à Loyer kéint ee generell liewen, esou de Fabio Spirinelli vun der Mieterschutz asbl. D'Roll vun de Mietkommissiounen an de Rechemodell missten awer iwwerduecht ginn.

Paulette Lenert bei der Quadripartite zu Munneref
Gesondheetskeess

D'Finanze vun der CNS bleiwen am roude Beräich: Den Defizit läit fir 2022 viraussiichtlech bei 55 Milliounen Euro. Dat Joer drop soll e bei 10 Milliounen Euro leien. D'Reserve kéinte bis 2027/28 opgebraucht sinn.

Ginnette Jones
Sozialsystem

Sozial Hëllefen ënnerstëtzen d'Leit beim Iwwerliewen, mee déi laangfristeg Prekaritéit huet een Impakt op d'Gesondheet vun de Leit, seet d'Presidentin vun der Entente des offices sociaux.

Antoine Paccoud 2
Reform vun der Grondsteier

De Chercheur vum LISER schwätzt vun enger "neier Zäit" déi mat der Reform op de Grondsteiere géif agelaut ginn. D'Logik, no där ongebremst Grondbesëtz konnt accumuléiert ginn a grouss Ongläichheeten entstane sinn, géif gebrach ginn.

Francine Closener
Steierdiskussioun

D'LSAP hofft, datt d'Regierungskoalitioun sech nach iwwer eng gréisser Steierreform eens gëtt. Et misst ee kucken, wéi een d'DP nach iwwerzeegt kritt, esou d'LSAP-Presidentin, d'Francine Closener.

Josée Lorsché
Josée Lorsché

Déi Gréng Fraktiounscheffin seet, et wier realistesch datt nach virun de Walen eng Rei Mesuren ëmgesat ginn, déi de Steiersystem méi gerecht maachen. Un eng grouss Steierreform géif si awer net méi gleewen.

Gilles Baum IVD 4 August 2022
Inflatioun

D'DP wëllt weider op Steierkreditter setze fir d'Kafkraaft vun de Leit ze stäerken, seet de Gilles Baum. Hie schléisst aus, datt de Steier-Barème an der aktueller Situatioun un d'Inflatioun wäert ugepasst ginn.

Georges Mischo
Trennung vu Mandater

Huet een als Buergermeeschter genuch Zäit fir och an der Chamber ze sëtzen, oder wier et besser d'Mandater ze trennen? Den Escher Député-maire gesäit just Virdeeler a sengem Duebelmandat.

Yuriko Backes
Steieren

No der grousser Steierdebatt gëschter an der Chamber zitt d'Finanzministesch hir Conclusiounen aus der Diskussioun: Et kéint ee sech am aktuelle Kontext keng grouss Spréng erlaben.

DP Fraktiounsbilan
Steierpolitik

No Meenung vun der DP-Fraktioun wier et an dësen Zäiten "absolut onverantwortlech" esou eng ëmfaassend Steierreform ëmzesetzen. Ouni Pandemie an Ukrain-Krich hätt ee sech eng Steierreform kënne leeschten.

Ginette Jones
Sozialhëllef

D'Präisser klammen an d'Office-socialle rechnen an de nächste Méint mat méi Ufroen. Et kéint och zu personellen Enkpäss kommen, wa bannent kuerzer Zäit vill Demandë bäikommen, seet d'Ginette Jones.

Lëtzebuerg
Internationale Wärungsfong

Den Internationale Wärungsfong lueft de Pacte Logement 2.0 an de Baulandvertrag. Déi Mesurë ginn dem IWF awer net duer - si maache Lëtzebuerg konkret Proposen, zB keng Leit am Secteur public méi anzestellen.

Groussgas
Aarbechtsmarché

Zu Lëtzebuerg schaffe 458.000 Leit, déi grouss Majoritéit dovun huet net déi Lëtzebuerger Nationalitéit. Bal d'Hallschent vun de Leit, déi hei am Land schaffen, wunnen och net zu Lëtzebuerg.

Stad Lëtzebuerg
Populatioun

D'lescht Joer si méi Lëtzebuerger aus Lëtzebuerg ausgewandert, wéi der op Lëtzebuerg komm sinn. Dat huet de STATEC an enger Etüd festgestallt. Ee vun de méigleche Grënn: déi héich Logementspräisser.

Fred Keup
Auslännerwalrecht

D'ADR bleift bei hirem kategoreschen "Nee" zum Auslännerwalrecht, seet de Fred Keup. D'Walrecht kéint een eréischt da kréien, wann een d'Lëtzebuerger Nationalitéit krut, seet den neien ADR-President.

Nationalkongress déi gréng 2022
Nationalpolitik

Anescht wéi bei der CSV, si bei déi gréng um Nationalkongress haut keng Personal-Entscheedunge gefall. Kritesch Téin zum Accord, dee sech an der Tripartite dës Woch ofgezeechent huet, gouf et och keng.

ADR Kongress
ADR-Kongress

De Fred Keup ass neien President vun der ADR. Den Deputéierte gouf de Sonndeg Moien um Nationalkongress vun der Partei zu Réiser als Nofollger vum Jean Schoos gewielt.

Michel Pauly Meenung
Fräie Mikro

De Michel Pauly, Mataarbechter vun der Zäitschrëft Forum, bedauert, datt dat d'Kapitel II vun der neier Verfassung der gesellschaftlecher Entwécklung net genuch Rechnung dréit.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen