Chamberwahlen 2018
De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.
Aacht Lëschten an alle Bezierker
Fir d'Chamberwahle vum 14. Oktober ass mat aacht Lëschten an alle Bezierker an enger zousätzlecher am Süden ze rechnen. D'FÖDP ass net méi am Rennen. D'Kandidature musse bis Mëtt August deposéiert ginn.
"Kënnen net méi erauszéien, wéi mir abezuelen"
Fir d'Staatsfinanzen am Grëff ze halen, misst déi nächst Regierung strukturell Ännerunge virhuelen, fuerdert de Jean-Paul Olinger. Konkret missten d'Pensiounen an d'Sécurité sociale reforméiert ginn.
E gemëschte Bilan fir d'Regierung
Den Direkter vun der Handwierkerkammer Tom Wirion lueft d'Regierung fir den Tram a fir d'Steierreform. An der Landesplanung wier een awer net weiderkomm. Weider ass hie géint eng Hausse vum Mindestloun.
Exklusiv
Stéphanie Empain méiglech gréng Spëtzekandidatin am Norden
D'Nord-Lëscht vun déi gréng fir d'Chamberwahle kéint 100,7-Informatiounen no nieft dem Claude Turmes vun der Stéphanie Empain ugefouert ginn. De grénge Parteipresident wëllt d'Informatioun net kommentéieren.
Françoise Folmer hält mat Politik op
D'Co-Presidentin vun déi gréng huet nom Doud vum Camille Gira iwwerraschend op engem Kongress annoncéiert, datt si mat der Politik ophält. Si kandidéiert also net fir d'Chamberwahlen am Oktober.
Meenung
Vill Gefasel an der Chamber
Déi lescht Seancë vun dëser Legislatur kënnege sech an der Chamber un. Wat awer an de leschte Wochen do gelaf ass, huet déi wéinegst Bierger vum Hocker gerass, mengt de Laurent Moyse am Fräien Mikro.
Analys
Hommage un ee Spëtzekandidat
De fréiere Journalist Romain Meyer huet eng Biographie vum François Bausch geschriwwen. De grénge Politiker gëtt zum Deel onkritesch idealiséiert. D'Buch ass trotzdeem liesenswäert.
"Net nëmme mat Geldleeschtunge wierken"
D'LSAP wäert d'Fuerderung vun enger Hausse vun zéng Prozent vum Mindestloun net iwwerhuelen. Dat geet ervir aus dem Gespréich mat der Taina Bofferding. D'Kannergeld misst indexéiert an och besteiert ginn.
Revis: Endlech "aktivéiert"
D'Reform vum RMG géif Monoparentallen a Kanner an de Mëttelpunkt stellen, seet d'DP-Presidentin Corinne Cahen. Et misst een "iwwer de ganze Steiersystem" kucken, a Kanner och do an de Mëttelpunkt stellen.
Géint de Käerjenger Contournement
D'Simone Asselborn-Bintz (LSAP) deelt d'Positioun vun hirem Parteikolleg Georges Engel. Sollt iwwer de Käerjenger Contournement nach virun de Wahlen ofgestëmmt ginn, da géif si dee Projet ofleenen.
"De Populismus kennt keng Grenzen"
Dem Claude Lamberty seng Ausso, datt déi gréng sech géife fir Fliedermais an d'DP fir de Mënsch asetzen, wier e "Frontalugrëff". Dat seet de grénge Claude Adam, deen am Abrëll an der Chamber ophält.
"Méisproochegkeet ass en Deel vun der Identitéit"
Sozial Kohesioun wier ee vun de Piliere vun der CSV-Wahlcampagne, sou de Claude Wiseler. Fir d'Bedeelegung vun Auslänner misst de Conseil national pour étrangers gestäerkt ginn, e Gremium dat net ganz bekannt wier.
Blanche Weber
De Weekend war de Kongress vum Mouvement écologique. Mat der Presidentin Blanche Weber geet rieds iwwer déi zentral Fuerderunge vun der ONG un d'Parteien an der Wahlcampagne.
"Kee soziale Fortschrëtt"
"Wann een e Projet "Revenu d'inclusion sociale" nennt, an dee leit 25 Prozent ënnert deem wat eng Famill zu Lëtzebuerg brauch fir dezent ze liewen, dann ass dat en Hohn", seet de Marc Baum, Deputéierte vun déi Lénk.
"Stëmm vun der ADR ass wichteg fir d'Gesellschaft"
Sprooch an d'Zukunft vum Land wiere wichteg Thematike fir Lëtzebuerg, seet de Fernand Kartheiser. Bei dëse Wahlen géifen dës Sujete méi am Zentrum vun der ëffentlecher Opmierksamkeet stoen.
Zwou Jugendparteie positionéiere sech
D'CSJ wëllt, datt eng Milliard an den ëffentleche Wunnengsbau investéiert gëtt, seet d'Elisabeth Margue. Dat geet dem Jimmy Skenderovic vun der JSL net duer. Et misst een iwwer eng Präisbegrenzung nodenken.
De Fred Keup war Member vun der CSV
De Fred Keup war Member bei der CSV. An et gouf Kontakter tëschent senger Asbl "Wee2050 / Nee2015" an der Partei am Virfeld vun de Gemengewahlen. Dat confirméiere verschidde Sourcen aus der Partei.
"Et ass eppes Grousses méiglech"
Bis op d'Lëtzebuerger Sprooch an de Wuesstem hätt ee sech nach mat kengen anere Sujete befaasst, seet de Fred Keup. Dat wéilt een elo am Hibléck op d'Chamberwahlen zesumme mat der ADR kucken.
"Regierung gëtt hiren eegenen Uspréch net gerecht"
De Michel Wolter ass iwwerzeegt, datt déi blo-rout-gréng Koalitioun no de Wahle vum 14. Oktober virufiert, wann et arithmetesch méiglech ass. Souguer mat 31 Sëtz. Do wier hie "ganz sécher", seet den CSV-Politiker.