Pianossonaten #beethoven20

Jean Muller

Duerch d'Corona-Pandemie krut de Jean Muller eng ganz Partie Concerten ofgesot. Déi gewonnen Zäit notzt de Pianist fir en neie Projet: All Woch interpretéiert hien eng Pianossonat vum Beethoven bei sech doheem an der Stuff a setzt de Video online. Parallel dozou gëtt de Jean Muller an der Serie #beethoven20 um radio 100,7 en déiwen Abléck an de Kosmos vun dësen 32 Sonaten. D'Serie #beethoven20 gëtt ënnerstëtzt vum Pianohaus Hübner.

Stuerm Blëtzer
#beethoven20

Am éischte Saz vum Beethoven senger Stuermsonat pralle grouss Kontraster openeen. Den Adagio gehéiert zu deene schéinsten an awer och dramateschste Sätz, déi de Beethoven geschriwwen huet.

Drei Sonaten
#beethoven 20

1802 stécht de Ludwig van Beethoven an enger déiwer Kris. De progressive Verloscht vu sengem Gehéier huet staark u senger Moral geknabbert. An dësem Kontext schreift hie seng 16. Sonat fir Piano.

Jean Muller
#beethoven20

D'Pastoral-Sonat huet hiren Titel net vum Beethoven, an dach ass e wuel berechtegt, wéi soss keen Zweeten. De Jean Müller bréngt eis dës Pianossonat méi no.

Mondscheinsonate.jpg
#beethoven20

D'Sonat op. 27 Nr 2 vum Ludwig van Beethoven brauch een eigentlech net méi virzestellen. Bal jiddweree kennt déi sougenannte Mondschein-Sonat.

Beethoven-Mask.jpg
#beethoven20

An der Sonat op. 27 Nr. 1 probéiert de Beethoven eng ganz nei Approche vun der Sonat. "Sonata quasi una fantasia", also quasi wéi eng Improvisatioun, titelt de Beethoven selwer.

Beethoven op. 26
#beethoven20

Dem Ludwig van Beethoven seng Sonat op.26 schléit eng Bréck tëschent dem Mozart an dem Chopin, an deem se eng Iddi aus dem Mozart senger Sonat "alla turca" opgräift an de Chopin zu senger berüümter "Marche funèbre" inspiréiert huet.

Ludwig van Beethoven
#beethoven20

De Beethoven war stolz op seng eeleft Sonat. An och wann dëst Wierk e méi schwéiere Stand bei de Kritiker hat, ass et dach voller Schätz. De Pianist Jean Muller geet dëse Schätz op d'Spuer.

Beethoven Sonat Op. 14 Nr. 2
#beethoven20

A senger Sonat Opus 14. Nummer 2 weist sech de Ludwig van Beethoven vu senger humoristescher Säit. De Pianist Jean Muller gëtt en Abléck an dëst kuerzt a frëndlecht Wierk voller Melodien.

Beethoven Spezial
#beethoven20

No senger Pathétique schreift de Beethoven säin Opus 14. Dës zwou Sonate wierken e gutt Stéck méi brav. Wollt de Komponist domat sengem Prof. Haydn beweisen, datt och hie musikalesch Manéieren huet?

Pathetique
#beethoven20

Mam Opus 13 erreecht de Beethoven en éischten Héichpunkt. Et ass en ikonescht Wierk, dat de "Sturm und Drang" vu senger éischter Schaffensperiod mat allergréisster Meeschterschaft verbënnt.

Jean Muller Piano
#beethoven20

A sengem Opus 10 weist de Beethoven seng Kreativitéit a säin Humor. An engem Saz huet d'Schicksalsmotiv en éischten Optrëtt, bei engem anere wierkt de Pianist, wéi wann hien d'Noute vergiess hätt.

Beethoven
#beethoven20

Obwuel den offiziellen Titel vum Beethoven senger véierter Sonat "Grande sonate opus 7" ass, gouf se vun Zäitgenossen "Der Verliebte" genannt. De Komponist huet dëst Wierk enger Schülerin dediéiert.

Joseph Haydn.jpg
#beethoven20

A sengen éischten dräi Sonate weist de Beethoven well säi ganzt Kënnen. De Pianist Jean Muller geet dëse Wierker op de Fong an interpretéiert se bei sech doheem an der Stuff. D'Videoe fannt Dir hei.

Jean Muller
#beethoven20

Mat sengen 32 Sonaten huet de Beethoven e ganze Kosmos kreéiert. All Woch proposéiert de Pianist Jean Muller um radio 100,7 en Abléck an dës Welt an interpretéiert eng Sonat bei sech doheem um Piano.

Programm

  • Ligne 2

  • On air

    Notturno

  • Vu 6 bis 10

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

Net verpassen

Dossieren

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen