Literatur AutorInne-Lies
An der Publikatioun vum Nationale Literaturarchiv - PM 19 10 - huet de Philippe Matsas eng ganz Rei Lëtzebuerger Schrëftstellerinnen a Schrëftsteller an hirem Schreifëmfeld fotographéiert an d'Autorinnen an Auteuren hunn eng Zort Tagebuch vun engem Mount mat an d'Buch ginn. Bild -Text - do feelt jo da just nach déi akustesch Atmosphär...

Dëst Buch huet d'Valerija Berdi inspiréiert an hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

Susanne Jaspers
D'Susanne Jaspers ass literaresch ganz villschichteg ënnerwee. Si huet hiren eegene Verlag - Capybarabooks, si schreift Reesliteratur a Reesguiden an awer och Prosa. D'Valerija Berdi huet mat hir geschwat.

Nathalie Ronvaux
D'Lady Rosa an een Chesterfield sinn am Moment der Nathalie Ronvaux hir literaresch Aktualitéit. Fir eis Serie AutorInne-Lies huet d'Valerija Berdi d'Nathalie Ronvaux besicht.

Francis Kirps
E Portrait vum Poetry Slammer a Punk-Literat Francis Kirps, dee mat senger Kuerzgeschichtesammlung "Die Mutationen" de Servais-Präis gewonnen huet.

Jeff Schinker
"Journalistescht a schrëftstellerescht Schreiwe si grondverschidden!", seet de Jeff Schinker. Nieft senger Aarbecht als Kulturjournalist beim tageblatt schreift hien Theaterstécker, Romaner an Erzielungen.

Ian De Toffoli
Hien ass en avertéierte Kenner vun der Lëtzebuerger Literatur, Literaturwëssenschaftler, Kritiker an Editeur an ënner anerem och Roman- an Theaterauteur. Rieds ass vum Ian De Toffoli an d'Valerija Berdi huet mat him geschwat.

Jean Back
De Sënn fir d'Observatioun huet de Schrëftsteller Jean Back iwwer d'Fotografie geléiert. Ob Literatur oder Liewen: all d'Spuere féieren op Diddeleng bei de Jean Back an de Gaart.

Anja Di Bartolomeo a Charles Meder
D'Anja Di Bartolomeo an de Charles Meder sinn an de leschte Jore mat hire Publikatiounen opgefall. Déi zwee Auteuren hunn awer ganz ënnerschiddlech Vuen a Manéieren un d'Literatur erunzegoen.

Jhemp Hoscheit
Den Numm Jhemp Hoscheit dierft zu Lëtzebuerg jiddwerengem e Begrëff sinn. Satir a Cabaret, Kannerbicher a Gedichter, an natierlech Romaner - en Auteur, dee vill ze soen huet.

Lambert Schlechter
Wou kënnt deen exzessiven Duuscht no Wëssen hier, d'Source vun engem obsessive literaresche Wierk? D'Äntwert fënnt ee vläicht zu Welleschten op der Musel beim Lambert Schlechter doheem.

Ulrike Bail
D'Ulrike Bail kann een zu de méi diskreten Autorinnen zielen. Zanter 2006 lieft si als fräi Schrëftstellerin zu Lëtzebuerg. Si ass Dozentin fir dat Aalt Testament, Gewalt géint Fraen ass en Theema mat deem si sech beschäftegt.

Carla Lucarelli
An hirem rezente Wierk "Enfance, instantanés" geet d'Carla Lucarelli an hir Kandheet zeréck. Um Mikro vum Valerija Berdi verréit d'Schrëftstellerin mat italieenesche Wuerzelen, wéi si et erlieft huet en Auslänner ze sinn.

Jos Kayser
Hien huet méi spéit mat Publikatiounen ugefaangen, seng Protagonisten sinn oft ganz skurril Perséinlechkeeten. D'Valerija Berdi ass mam Lëtzebuerger Auteur Jos Kayser duerch de Bësch getrëppelt.

Romain Butti
Hie gehéiert zu den neie jonke literaresche Stëmmen an huet nach weider Talenter ze bidden. D'Valerija Berdi war bei de Romain Butti schelle fir eis Serie Autorinnen- an Autore-Lies.

Gast Groeber
E klenge Flair vun der belscher Plage kritt ee beim avertéierten Auteur Gast Groeber am Gaart. D'Valerija Berd war fir eis Serie Autorinne-Lies op e Kaffi op Kielen.

Anne-Marie Reuter
D'Engleschproff a Matgrënnerin vum engleschsproochege Verlag Black Fountain Press huet bis elo e Buch mat eegene Shortstorys ënner dem Titel "On the Edge" erausginn.

Tullio Forgiarini
Wann den Tullio Gorgiarini net fir d'Schoul schafft, dann huet d'Schreiwen eng wichteg Plaz - wou a wéi dat geschitt a wat soss nach säin Alldag ausmécht. D'Valerija Berdi war bei hien un d'Dier schellen.