Affär Traversini/Dieschbourg

De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

Chantier gouf net direkt gestoppt
De fréieren Déifferdenger Député-Maire Roberto Traversini huet säi Chantier an der Zone verte nom Passage vum Fierschter net direkt gestoppt. Dat beleeë Fotoen, eng Zeienausso an den Autorisatiounsdossier.

Zukünfteg Déifferdenger Buergermeeschtesch wëllt sech momentan "net äusseren"
Den Dossier Traversini géif am Moment beim Parquet leien, esou d'Christiane Brassel-Rausch. Si wéilt Froen, déi nach ronderëm hire Virgänger opstinn, awer sou séier wéi méiglech beäntweren.

"Kloert Bekenntnis zur Dräierkoalitioun"
DP, LSAP an déi gréng bekenne sech "ganz kloer" zur Dräierkoalitioun. Dat soe Vertrieder vun de Majoritéitsparteien no enger Nouvelle an der Wochenzeitung "Lëtzebuerger Land", datt d'CSV der DP an der LSAP eng Zweeërkoalitioun ugebueden hätt.

Déi wichtegst Froen an Äntwerten
D'Ëmweltministerin Carole Dieschbourg steet wéinst der Autorisatioun fir dem Roberto Traversini säi Gaardenhaus ënner Drock. Mee wisou? D'Michèle Sinner geet op déi wichtegst Froen an.

Wat wierklech geschitt ass - Eng Rekonstruktioun
De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an als Deputéierten zeréckgetrueden. Wéi koum et dozou, wat ass wierklech geschitt? Eng Rekonstruktioun vun der radio 100,7-Redaktioun.

Perquisitioun am Ëmweltministère
D'Justiz probéiert sech e weideren Iwwerbléck iwwer d'Affär Traversini ze verschafen. 100,7-Informatiounen no goufen et haut weider Perquisitiounen.

De Roberto Traversini trëtt als Deputéierten zeréck
De Roberto Traversini huet als Deputéierten demissionéiert. Dat huet hien haut per offene Bréif matgedeelt. De Roberto Traversini zitt domat d'Konsequenzen aus den Evenementer vun deene leschte Wochen a Méint.

"D'Carole Dieschbourg huet e méi grousse Feeler gemaach"
Aus der Affär Traversini ass eng Affär Dieschbourg-Traversini ginn: dat seet den Affekot Me Georges Krieger. D'Ministesch hätt de Roberto Traversini gedeckt an domat méi e grousse Feeler gemaach wéi hien.

"Eng vu villen Demanden"
Bei der Autorisatioun vun den Aarbechten um Roberto Traversini sengem Gaardenhaus wier d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg der Logik vun hire Beamten nogaangen. Dat huet si op enger Pressekonferenz erkläert.

Roberto Traversini wëllt Gaardenhaischen nees ofrappe loossen
Wéinst engem Gaardenhaischen ass de Roberto Traversini ëffentlech ënner Drock geroden. Et leeft eng juristesch Enquête vum Parquet. Elo wëllt de gréngen Deputéierten d'Gaardenhaischen zerstéiere loossen.

Haut éischt Reaktioun vun der Carole Dieschbourg
D'Carole Dieschbourg wëll fir d'éischte Kéier ëffentlech op Froen ëm d'Affär Traversini äntweren. Dofir huet si eng Pressekonferenz aberuff. D'CSV wëll d'Ministesch an d'Chamberkommissioun convoquéieren.

Christiane Brassel-Rausch soll nei Buergermeeschtesch ginn
Zu Déifferdeng soll d'Christiane Brassel-Rausch (déi gréng) nei Buergermeeschtesch ginn. Si soll domat d'Successioun vum Roberto Traversini no deem senger Demissioun iwwerhuelen.

Gary Diderich: Keng Hexejuegd, mee Oppositiounspolitik
Den Debat iwwer d'Affär Traversini wier an der Ëffentlechkeet deelweis als "Hexejuegd" vun der Oppositioun op den Déifferdenger Buergermeeschter duergestallt ginn. Dee Virworf léisst de Gary Diderich net gëllen.

"déi gréng Partei ass an enger Kris"
Nom trageschen Dout vum Camille Gira, de gesondheetleche Problemer vum Félix Braz an der Demissioun vum Roberto Traversini sinn déi gréng "an enger Kris". Dat sollt een och net schéirieden, seet de François Bausch.

Affär Traversini: Parquet mécht Enquête op
De Parquet enquêtéiert géint de Roberto Traversini a géint Onbekannt, ënner anerem wéinst "Detournement de deniers publics". De Roberto Traversini hat de de Freideg de Moie seng Demissioun als Déifferdenger Buergermeeschter a Gemengerot ginn.

Inneministère gëtt méiglecherweis strofrechtlech relevant Faiten u Parquet
Den Inneministère huet an der Affär Traversini zwee méiglecherweis strofrechtlech relevant Faiten un de Parquet weiderginn. Dat confirméiert de Ministère op d'Nofro hin.

Roberto Traversini demissionéiert als Buergermeeschter
De Roberto Traversini trëtt als Buergermeeschter vun Déifferdeng zeréck. Hien zitt domat Konsequenzen no den Uschëllegunge géint seng Persoun. Hien huet ë.a. zouginn, Gemengeservicer fir privat Zwecker mëssbraucht ze hunn.

D'Affär Traversini am Réckbléck
D'Deeg vum Roberto Traversini als Déifferdenger Buergermeeschter schénge gezielt ze sinn. An de leschten Deeg huet hie vill Feeler missten agestoen. Fir 11 Auer huet hien eng Pressekonferenz aberuff.

Déifferdenger Buergermeeschter envisagéiert Demissioun
Gutt placéiert Sourcë confirméieren, datt de Roberto Traversini envisagéiert de Freideg seng Demissioun als Déifferdenger Buergermeeschter ze annoncéieren. Hien huet fir 11 Auer eng Pressekonferenz ugekënnegt.

Affär Traversini: Wourëms geet et?
Nodeems de Roberto Traversini de Mëttwoch, op Drock vun der Oppositioun hin, Feeler zouginn huet, ginn et méiglecherweis nach weider Problemer fir den Déifferdenger Buergermeeschter. D'Michèle Sinner huet d'Geschicht opgeschafft.

"Ech wäert deemnächst eng kloer Decisioun huelen"
De Roberto Traversini wëllt verschidde vu senge Mandater ofginn. Eng kloer Decisioun wéilt hien "zimlech kuerzfristeg" treffen. Hie schléisst net aus, eent vu senge politesche Mandater ofzeginn.

Déifferdeng: Éischte Vott vum PAG soll annuléiert ginn
Nei Virwërf géint de Roberto Traversini. Den DP-Conseiller François Meisch huet dem Buergermeeschter Abus de pouvoir virgeheit. De PAG-Vott soll iwwerdeems annuléiert ginn.