#beethoven20 Wëll a baussent der Norm

Dem Beethoven seng 18. Pianossonat fänkt mat engem Schluss un, d'Mëttelsätz si baussent der Norm an de Finale gehéiert zu deene wëllste Sätz, déi de Beethoven bis dohinner geschriwwen huet.

Beethoven Op 31 Nr 3

Mat senger 18. Pianossonat brécht de Ludwig van Beethoven mat der Norm. Se fänkt mat engem Schluss un a se huet net e Scherzo oder e Menuett, mee e Scherzo an e Menuett. Als Kréinung komponéiert de Beethoven eng reegelrecht Explosioun vu Freed: Eng Tarantelle, déi mat "Finale - Presto con fuoco" betitelt ass. An dat ass net ze vill versprach, ginn et an dësem Saz dach Passagen, déi zum Wëllste gehéieren, dat de Beethoven bis dohinner komponéiert huet, wéi de Jean Muller an der Serie #beethoven20 feststellt:

Introduktioun an d'Sonat Opus 31, Nr. 3

Sonat Opus 31, Nr. 3

An der Mediathéik:

#beethoven20 / /
Lauschteren

Méi zum Thema

Drei Sonaten
#beethoven 20

1802 stécht de Ludwig van Beethoven an enger déiwer Kris. De progressive Verloscht vu sengem Gehéier huet staark u senger Moral geknabbert. An dësem Kontext schreift hie seng 16. Sonat fir Piano.

Net verpassen

  • 24.01. Opruff Media & Me

    Media and Me_2022_1200x667px.jpg

    De radio 100,7 mécht och dëst Joer mat beim Projet Media & Me an Dir kënnt Iech elo dofir umellen.

Programm

Dossieren

  • Buchkriticken

    D'Kulturredaktioun vum radio 100,7 presentéiert Rezensioune vu Lëtzebuerger an internationale Bicher.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen