De Ludwig van Beethoven huet seng 12. Pianossonat ëm 1800/1801 geschriwwen. Et ass e Wierk mat vill Ofwiesslung a stilistescher Fantasie, an deem virun allem den Trauermarsch - d'"marcia funebre" - ervirstécht. De Bonner Meeschter huet hei dem Chopin eng wichteg Inspiratioun geliwwert a selwer den Theema am Joer 1803 a senger drëtter Symphonie nach emol opgegraff. Den Trauermarsch aus der Sonat gouf den 29. Mäerz 1829 wärend dem Beethoven sengem Begriefnes an enger Orchesterfassung gespillt.
Introduktioun an d'Sonat Nr. 12, Opus 26
![]()