#beethoven20 Schéin a gläichzäiteg dramatesch

Am éischte Saz vum Beethoven senger Stuermsonat pralle grouss Kontraster openeen. Den Adagio gehéiert zu deene schéinsten an awer och dramateschste Sätz, déi de Beethoven geschriwwen huet.

Stuerm Blëtzer
(© Foto: Bigstock oriontrail2)

Och an der Sonat Opus 31, Nr. 2 féiert de Beethoven säin neie Wee virun. Direkt am éischte Saz pralle Kontraster openeen, wei se méi grouss net kéinte sinn. Op enger Platz schéngt de Beethoven seng Dafheet wëlle klangmoleresch matzedeelen. No deem leschten Adagio virun der Hammerklaviersonat, kënnt e leschte Saz, deen zu deene schéinsten an awer och dramateschste gehéiert, déi de Beethoven geschriwwen huet.

Introduktioun an d'Sonat Opus 31, Nr. 2

Sonat Opus 31, Nr. 2

An der Mediathéik:

#beethoven20 / /
Lauschteren

Méi zum Thema

Drei Sonaten
#beethoven 20

1802 stécht de Ludwig van Beethoven an enger déiwer Kris. De progressive Verloscht vu sengem Gehéier huet staark u senger Moral geknabbert. An dësem Kontext schreift hie seng 16. Sonat fir Piano.

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen