De virtuelle Concertssall Nuechtmuseken

"Er weiß nicht, welchen Weg er schreitet, aber er geht dem fernen Lichte zu - ob dies das ewig strahlende Gestirn oder ein lockendes Irrlicht ist!". Lauschtert dem Mahler seng 7. Sinfonie mam OPL.

Andris Nelson

"Er weiß nicht, welchen Weg er schreitet, aber er geht dem fernen Lichte zu - ob dies das ewig strahlende Gestirn oder ein lockendes Irrlicht ist!", esou beschreift de Gustav Mahler den Nachtwandler a senger 7. Symphonie.

Déi 7. Symphonie mecht den Ofschloss vun der Trias vun de groussen Instrumentalsymphonie vum Mahler. Aussergewéinlech un där 7. Symphonie ass d'Heterogenitéit vun der Entstehung. De Mahler huet fir d'éischt déi zwou "Nachtmusiken" komponéiert, éier e sech mat deenen dräi anere Sätz beschäftegt huet.

D'Aarbecht um Wierk huet sech iwwer Joren higezunn. 1904 sollt am Summer déi 6. Symphonie fäerdeg geschriwwe ginn. Dem Mahler huet et allerdéngs un der néideger Inspiratioun gefeelt - par contre sinn em zwee Themen an d'Kopp komm, déi en als "Nachtmusiken" fir seng 7. Symphonie gebrauche wollt. 1905 housch et dunn, déi dräi aner Sätz komponéieren. 1908 war d'Partitur prett fir d'Uropféierung den 18. September zu Prag.

Gustav Mahler: Symphonie Nr. 7

Interpreten:

Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg
Andris Nelsons, Direktioun


De radio 100,7 huet dëse Concert den 10. Mäerz 2016 an der Philharmonie opgeholl. Dir kënnt dëse Concert nach bis den 28. Abrëll 2020 am virtuelle Concertssall lauschteren.

Méi zum Thema

Lëtzebuerger Militärmusek.jpg
De virtuelle Concertssall

Lauschtert de Live-Matschnëtt vum 26. Mäerz 2015 mat der Militärmusek. Um Programm steet d'Uropféierung vum Marco Pütz sengem Stéck "Time for Outrage".

Quartet
De virtuelle Concertssall

De Sträichquartett Matosinhos ass am Kader vun der Serie Rising Stars zu Lëtzebuerg an der Philharmonie opgetrueden. Um Programm vum Live-Matschnëtt steet Mozart, Schostakowitsch, a Ravel.

Programm

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen