arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Matosinhos

De virtuelle Concertssall

|
reading time

1 min

Matosinhos

De Sträichquartett Matosinhos ass am Kader vun der Serie Rising Stars zu Lëtzebuerg an der Philharmonie opgetrueden. Um Programm vum Live-Matschnëtt steet Mozart, Schostakowitsch a Ravel.

reading time

1 min

2007 huet sech de portugisesche Sträichquartett Matosinhos gegrënnt. D'Museker hu sech am Kader vun hire Studien op der Academia Nacional Superior de Orquestra zu Lissabon kennegeléiert. No der Grënnung sinn déi véier Museker nach ee Joer op Madrid gaangen, fir am Instituto Onternacinal de Música de Cámera beim Geiist Rainer Schidt (Hagen Quartett) ze léieren.

An der Saison 2014/2015 war de Matosinhos Quartett an der Serie Rising Stars an den Internationale Musekshaiser ënnerwee, mat engem Programm vu Klassik bis an d'20. Joerhonnert.

Wolfgang Amadeus Mozart: Sträichquartett Nr. 16, KV 428 00:00:00 / -01:29:59
Dmitri Shostakovitsch: Sträichquartett Nr. 8, opus 110 00:24:57 / -01:05:02
José Vianna d Motta: Scenas nas Montanhas, opus 14 00:46:31 / -00:43:29
Félix Mendelssohn Bartholdy: Sträichquartett, opus 13 54:44 / -00:35:13
Maurice Ravel: Sträichquartett, 2. Saz BIS 01:23:45 / -00:06:12

De radio 100,7 huet dëse Live-Matschnëtt den 8. Dezember 2014 am Kammermusekssall vun der Philharmonie opgeholl. Dir kënnt dësen Optrëtt nach bis den 27. Abrëll 2020 am virtuelle Concertssall lauschteren.