arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mam Haydn zu Paräis

De virtuelle Concertssall

|
reading time

1 min

Mam Haydn zu Paräis

Lauschtert e Live-Matschnëtt vun de Solistes Européens, Luxebourg ënner der Direktioun vum Christoph König. Um Programm stinn nieft zwee Wierker vum Jacques Ibert och zwou Symphonië vum Joseph Haydn.

reading time

1 min

D'Symphonien Nummer 82 bis 87 vum Joseph Haydn sinn an de Joren 1784 an 1785 entstanen op Commande vum Matgrënner vun der Paräisser Concertsrei "Concert de la Loge Olympique", dem Claude-François-Marie Rigoley.

D'Concerts de la Loge Olympique waren zanter 1781, nieft de "Concerts spirituels", déi wichtegst Concertsrei zu Paräis. Si gouf vun der räicher an aflossräicher Freimaurerloge "de la parfaite Estime & Société Olympique" gedroen, déi hir Concerten an der Salle des Cent-Suisses an den Tuilerien organiséiert. Den Orchester huet op d'mannst zu zwee Drëttel aus Beruffsmuseker bestanen, déi a bloe Räck gespillt hunn.

Am Joer 1786 hat den Orchester maximal 65 Museker, also däitlech méi wéi den Haydn der um Haff Esterhazy zur Dispositioun hat.

Joseph Haydn: Symphonie Nr. 85, "La Reine de France" 00:00/-01:07:42
Jacques Ibert: Suite Symphonique 17'19 /-00:50:23
Joseph Haydn: Symphonie Nr. 87 31'31 /-00:36:11
Jacques Ibert: Divertissement 51'25 / -00:16:18

Interpreten:

Solistes Européens, Luxembourg
Christoph König, Direktioun

De radio 100,7 huet dëse Live-Matschnëtt de 17. November 2014 an der Philharmonie opgeholl. Dir kënnt dësen Optrëtt nach bis den 29. Abrëll 2020 am virtuelle Concertssall lauschteren.