#beethoven20 Les adieux
Basis vun dësem Wierk ass eng programmatesch Iddi, déi de Ludwig van Beethoven an d'Form vun enger Sonat gegoss huet. Et geet souwuel ëm d'Gefiller vum d'Eddi-Soen, wéi och vum Erëmgesinn.

An den dräi Sätz "Das Lebewohl", "Abwesenheit" an "Das Wiedersehen" verzielt de Ludwig van Beethoven mat senger 26. Sonat eng musikalesch Geschicht. Ausléiser fir dëst Wierk, war eng fir de Komponist wichteg Persoun, där hien huet missen Äddi soen. De Jean Muller proposéiert an der Emissioun #beethoven20 eng Introduktioun an dës Sonat Opus 81a, besser bekannt ënner dem Titel "Les Adieux".