arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Komponéieren als Therapie

De virtuelle Concertssall

|
reading time

2 min

Komponéieren als Therapie

Mat der Aarbecht u sengem zweete Pianosconcerto zitt sech de Sergei Rachmaninow aus enger déiwer Kris. Lauschtert de Live-Matschnëtt vun dësem Wierk mam OPL an dem Solist Mikhail Pletnev.

reading time

2 min

1901 komponéiert de Sergei Rachmaninow säin zweete Pianosconcerto. Dëst Wierk markéiert eng wichteg Etapp am Liewe vum Komponist, deen no der hefteger Kritik u senger éischter Symphonie an eng zolidd perséinlech Kris gerode war, wéi sech de Komponist erënnert:

"Wenn es je eine Zeit gab, in der ich Selbstvertrauen hatte, so liegt sie lange zurück. Die Krankheit hat mich ein für allemal gepackt und ist, fürchte ich, in den letzten Jahren eher schlimmer geworden. Irgendwann werde ich wohl das Komponieren ganz aufgeben."

En ass bei een Neurolog a Behandlung gaangen, deen hie mat Hëllef vun der Hypnos therapéiert huet.

Mat deem neie Pianosconcerto hat de Rachmaninow dës schwéier Zäit gutt iwwerwonnen. Säin Opus 19 hat direkt grousse Succès an ass bis haut ganz populär. Seng Karriär huet neien Opschwong krut - och duerch privat Verännerungen: de Komponist hat sech 1902 bestuet. 1904 gouf hien Dirigent um Moskauer Bolschoi-Theater. Vun 1906 u war d'Famill Rachmaninow de Wanter iwwer fir zwee Joer zu Dresden, wou déi zweet Symphonie entstanen ass.

Sergei Rachmaninov: Concerto fir Piano an Orchester Nr. 2 00:00:00 / -01:46:13
Sergei Rachmaninov: Symphonie Nr. 2 00:46:49 / -00:59:22

Interpreten:

Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg
Mikhail Pletnev, Piano
Juraj Valčuha, Direktioun

De radio 100,7 huet dëse Live-Matschnëtt den 3. Dezember 2015 an der Philharmonie opgeholl. Dir kënnt dësen Optrëtt nach bis den 1. Mee am virtuelle Concertssall lauschteren.