#beethoven20 Klein aber fein

Déi zwou Sonaten Opus 49 sinn zesumme mam Beethoven sengen éischte Sonaten entstanen. Obwuel se e pedagogeschen Zweck hunn, weist de Beethoven och hei seng ganz Maîtrise vun der Kompositiounskonscht.

Ee Piano
Foto: Bigstock / bigtunaonline

Dem Beethoven seng 19. Sonat besteet aus just zwee Sätz: engem luesen an der Sonatesazform an engem sprëtzeg, witzege Rondo. Dës Sonat, déi zu deenen éischte gehéiert, déi de Beethoven geschriwwen huet ass mat hire wonnerschéine Melodien a witzegen Afäll e klengen Hommage un de Mozart. Dëst Wierk weist, datt de Beethoven fir d'éischt säin Handwierk vu senge Virgänger geléiert huet, éiert hien eege Weeër ageschloen huet.

Introduktioun an d'Sonat Opus 49, Nr. 1

Sonat Opus 49, Nr. 2

An der Mediathéik:

#beethoven20 / / Guy Engels
Lauschteren

Méi zum Thema

Beethoven Op 31 Nr 3
#beethoven20

Dem Beethoven seng 18. Pianossonat fänkt mat engem Schluss un, d'Mëttelsätz si baussent der Norm an de Finale gehéiert zu deene wëllste Sätz, déi de Beethoven bis dohinner geschriwwen huet.

 

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen