Mat sengem Opus 31 publizéiert de Ludwig van Beethoven eng Grupp vun dräi Sonaten. Entstane sinn dës Wierker an enger Zäit, an där de Komponist duerch eng déif Kris gaangen ass. Trotzdeem huet déi éischt Sonat aus dëser Grupp e komplett anere Charakter, wéi een e sech bei enger Kompositioun, déi an esou enger Liewenssituatioun entstanen ass, erwaart. D'Sonat Opus 31 Nr. 1 bestéch nämlech virun allem mat Humor.
Introduktioun an d'Sonat Opus 31, Nr. 1
Sonat Opus 31, Nr. 1
![]()